Soll Cattenom ausgebaut ginn?

Wéi et rezent an der Press stoung, huet de Buergermeeschter vu Cattenom d'Kandidatur vu senger Gemeng eragereecht fir dass nei Reakteren do gebaut solle ginn. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hunn nogefrot, wéi d'Regierung heizou steet, an ob et Projeten am Beräich vun den erneierbaren Energië mat Frankräich gëtt fir eis Noperen z'encouragéiere Cattenom zouzemaachen.

« Tel qu’il a été relayé récemment dans la presse écrite, le maire de Cattenom aurait lancé la candidature de sa commune pour accueillir la construction de deux des six nouveaux réacteurs EPR annoncés par le président de la République française.

Dans ce cadre nous aimerions poser les questions suivantes à Monsieur le Ministre de l’Énergie et à Monsieur le Ministre des Affaires étrangères et européennes :

  • Le gouvernement est-il en contact avec la commune de Cattenom à ce sujet ? Quelle est la position du gouvernement en la matière ?
  • Selon Messieurs les Ministres, quelle est la probabilité qu’une extension de la centrale nucléaire de Cattenom se produise effectivement ?
  • Y a-t-il des projets énergétiques basés sur les énergies renouvelables conjoints avec la France actuellement en cours d’élaboration ?
  • Dans l’affirmative, le gouvernement peut-il fournir des précisions quant à ces projets ?
  • Dans la négative, est-il prévu de lancer des projets énergétiques basés sur les énergies renouvelables conjoints avec notre voisin français dans l’optique d’encourager par ce biais la fermeture de la centrale nucléaire de Cattenom ? »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Administrativ Belaaschtung am Grondschoulunterrecht

Trotz der Vereinfachung vun der administrativer Aarbescht an de Grondschoulen duerch de Bildungsministère, gëtt vu Gewerkschafte betount, datt d’Bürokratie fir d’Enseignanten éischter zougeholl hätt. Wéi gesäit d’Realitéit aus, a wéi kann d’kënschtlech Intelligenz hei eng Roll spillen? Eng parlamentaresch Fro vun eisen Deputéierten Gilles Baum a Barbara Agostino sicht no Äntwerten.

weiderliesen...

Zweeten Intervenant an A-EBS am Cycle 1 vum Grondschoulunterrecht

Fir eng besser pedagogesch Differenzéierung a méi Chancë vu Ufank un ze garantéieren, gesäit de Koalitiounsprogramm en zweeten Intervenant am Cycle 1 vir. Och am Kader vum Projet Alpha kéint dësen Intervenant eng wichteg Roll spillen, besonnesch bei der phonetescher Virbereedung vun de Kanner. Zousätzlech si sougenannte A-EBS geplangt, déi d’Enseignanten ënnerstëtze sollen. Eis Deputéiert Gilles Baum a Barbara Agostino hu beim Educatiounsminister nogefrot, wéi wäit dës Initiativen fortgeschratt sinn a wéi de Kalenner ausgesäit.

weiderliesen...

Wéi vill Persoune leiden un Anorexie ?

Nieft dem Iwwergewiicht ass och d’Anorexie ee Problem an eiser Gesellschaft. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch ënnert anerem nogefrot, wéi vill Anorexie-Patienten zu Lëtzebuerg hu missen hospitaliséiert ginn, wéi laang den Traitement an der Moyenne dauert a wéi sech d’Käschte vun den Traitementer an de leschten 10 Joer entwéckelt hunn.

weiderliesen...