Securité sociale: d'sozial Systemer laangfristeg sécheren
Wat de Gesondheets- a Rentesystem concernéiert, steet d’DP zum Prinzip vun der Generatiounegerechtegkeet. Déi aktuell Situatioun vun de Sozialversécherungssystemer ass gesond. Lëtzebuerg huet den Ament Pensiounsreserven an Héicht vu bal deem 4,5fache vun den Depense pro Joer. D’DP wäert reegelméisseg d’Situatioun evaluéieren, fir direkt op Fluktuatioune reagéieren ze kënnen