D’Lëtzebuerger Sprooch: Geziilt fërderen an hire Stellewäert stäerken
D’Lëtzebuerger Sprooch ass en Deel vun eiser Identitéit a vun eisem kulturellen Ierwen. Si dréit als Integratiouns- an als Alldagssprooch e wesentlechen Deel zur sozialer Kohäsioun an eisem Land bäi. D’DP setzt sech fir eng Stäerkung vun der Lëtzebuerger Sprooch an a betruecht d’Méisproochegkeet als essentiellen a wäertvollen Tromp vun eisem Land. D’DP ass dovunner iwwerzeegt, datt déi verschidde Sproochen hei am Land – zemol Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch – am ëffentlechen an am alldeegleche Liewe sollen Hand an Hand goen.
Déi vun der DP gefouert Ministère fir d’Bildung a fir d’Kultur hunn d’Fërderung vun der Lëtzebuerger Sprooch an dëser Legislaturperiod entscheedend ausgebaut. An enger ëmfaassender Strategie si véier iwwergräifend Zieler fixéiert ginn: 1. de Stellewäert vun der Lëtzebuerger Sprooch stäerken, 2. d’Norméierung, den Alldagsgebrauch an d’Fuerschung ausbauen, 3. d’Léiere vun der Sprooch a vun der Kultur ënnerstëtzen, a 4. d’Kultur op Lëtzebuergesch ze fërderen. Doriwwer eraus ass d’Offer u Lëtzebuergesch-Coursen däitlech vergréissert ginn. Duerch déi multilingual Sproochefërderung ass séchergestallt ginn, datt an alle staatlech ënnerstëtzte Kannerbetreiungsstrukture mëttlerweil och Lëtzebuergesch geschwat gëtt. Gläichzäiteg ginn d’Kanner op eng spilleresch Manéier un déi natierlech Méisproochegkeet an eisem Land erugefouert.
D’DP wäert de gesellschaftleche Stellewäert vun der Lëtzebuerger Sprooch och an Zukunft stäerken an hir eng grouss Bedeitung als Sprooch vun der Kommunikatioun, vun der Integratioun a vun der Literatur zouerkennen.
Ënnert der Responsabilitéit vun DP-Regierungsmemberen ass eng Strategie ausgeschafft ginn, déi d’Roll vun der Lëtzebuerger Sprooch op nationalem Niveau stäerkt. Esou ass ë.a. e Kommissär vun der Lëtzebuerger Sprooch agefouert ginn an d’ass en Zentrum fir d’Fërderung vun der Sprooch gegrënnt ginn. Deen Zentrum soll sech mat der Entwécklung an der Norméierung vun der Lëtzebuerger Sprooch befaassen. D’DP wäert eng Strategie fir d’Fërderung vum Lëtzebuergeschen ënnerstëtzen. Dat nämmlecht gëllt fir deen domadder verknäppten 20-Joresplang, deen an Zesummenaarbecht mat alle gesellschaftlechen Acteuren ausgeschafft gëtt.
D’DP wäert de Stellewäert vun der Lëtzebuerger Sprooch och op EU-Niveau stäerken. An enger éischter Phase wäerte mir Verhandlungen op EU-Niveau ophuelen, fir eng administrativ Reegelung zum Gebrauch vum Lëtzebuergeschen ze fannen. All Bierger soll d’Recht hunn, fir op Lëtzebuergesch Kontakt mat den europäeschen Institutiounen opzehuelen a fir esouwäit wéi méiglech eng Äntwert op Lëtzebuergesch ze kréien.
D’Bierger sollen e reegelrecht Matsproocherecht an der Fërderung vun der Lëtzebuerger Sprooch kréien a solle reegelméisseg a Biergerforume matschaffen. An där kierzlech geschafener Online-Plattform „sproocheronn.lu“ , sollen d’Bierger kënne Virschléi maachen an zesummen iwwert de Lëtzebuerger Sproochgebrauch diskutéiere kënnen. D’DP wëll déi direkt Biergerbedeelegung ausbauen. D’DP wäert weider dofir suergen, datt déi aktuell Onlineinitiativen am Beräich vun der Lëtzebuerger Sprooch op enger Websäit zesummegefaasst ginn.
D’DP wäert Privatschoulen, déi duerch ëffentlech Gelder matfinanzéiert ginn, duerzou verflichten, fir de Schüler obligatoresch Lëtzebuergesch-Coursen unzebidden. Doduercher kréien alleguerten d’Schüler en Zougang zu der Lëtzebuerger Sprooch an an engems gëtt esou d’Integratioun iwwert eng gemeinsam Sprooch ënnerstëtzt.
Computer, Handyen an Internet gehéiere längst zu eisem Alldag. D’DP wëll der Lëtzebuerger Sprooch en Accès an déi virtuell Welt vun Alexa, Siri & Co. verschafen.
cf. Kapitel Gesondheet a Sozialversécherung: e schnellen Accès zu enger qualitativ héichwäerteger Medezin an d’Systemer laangfristeg sécheren.
Engersäits kommen andauernd nei Wierder an onser Sprooch bäi, anerersäits verschwannen och reegelméisseg Wierder. D’DP wëll en Dictionnaire schafen, an deem scho bal vergiesse Wieder an typesch Spréch festgehale ginn, déi riskéieren an de Vergiess ze geroden. Esou kann dee räiche Wuertschatz vun eiser Sprooch als Deel vun der Kultur erhale bleiwen. D’Ëffentlechkeetsaarbecht an deem Sënn soll deementspriechend ausgebaut ginn.
Lëtzebuerg huet eng besonnesch Identitéit, déi Muencher faszinéiert, ma sech net jidderengem direkt opdeet. D’Lëtzebuerger Sprooch ass fir vill Leit, dee markantste Aspekt vun eisem Land. Ma eis Identitéit huet däitlech méi Facetten: Lëtzebuerg ass regional a weltoppen, et ass traditionell a multikulturell, et schwätzt Lëtzebuergesch a gläichzäiteg vill aner Sproochen. Dës scheinbar Géigesätz maachen onst Land zu deem, wat et ass a sinn zanter Generatiounen déif an eiser Gesellschaft verwuerzelt. Bis elo gëtt et awer keng zentral Plaz, wou déi Villfalt vu Land a Leit, déi hei wunnen a liewen, och praktesch dokumentéiert ass.
Mir wëllen e „Lëtzebuerg Haus“ als zentral Plaz schafen, fir där besonnescher Zesummesetzung vun eiser Gesellschaft Rechnung ze droen. Domadder soll gewëssermoossen a „Flagship-Store“ vu Lëtzebuerg geschafe ginn, an deem sech alagesiesse Lëtzebuerger, nei Lëtzebuerger an och Visiteure kënnen e Bild maachen: hei soll ee Lëtzebuerg kënne gesinn, héieren, upaken a schmaachen. Et soll also kee Musée ginn, ma eng lieweg Plaz, wou een eis Sproochen, d’Musek, de Sport, d’Natur, d’Geschicht, d’Literatur, d’Gesellschaft an eis Kiche kann erliewen. D’Haus ass geduecht als Spigelbild vun der Lëtzebuerger Identitéit – mat all hire Facetten, hirer Traditioun, hirer Innovatioun an den dozou passenden, kontroversen Diskussiounen doriwwer.