Staat an ëffentlechen Déngscht: modern an effizient
Eng modern an effizient ëffentlech Administratioun vun de kuerze Weeër ass e wichtege Bestanddeel vum Erfollegsmodell Lëtzebuerg an dréit zu der Kompetitivitéit an der Attraktivitéit vun eisem Land bäi. Am Laf vun de leschte fënnef Joer ass den ëffentlechen Déngscht gestäerkt ginn, andeems eng sëlleche nei Plaze bäikomm sinn. Domadder ass der deels chronescher Ënnerbesetzung an de verschiddenen Administratiounen entgéintgewierkt ginn.
Fir DP ass et vun nationaler Wichtegkeet, datt Lëtzebuerg och an Zukunft op kompetent, gutt ausgebilten a motivéiert Fonctionnairen am ëffentlechen Déngscht zeréckgräife kann. D’DP wäert d’Moderniséierung an d’Digitaliséierung vum Staat virundreiwen. Dobäi si fir d’DP den Dialog mam Bierger, d’Transparenz an d’Effikassitéit wichteg Piliere vun engem moderne Staat. D’DP huet d’Zil, datt Lëtzebuerg déi modernsten, biergerfrëndlechsten a digitaalsten Verwaltung an Europa kritt.