Statistiken iwwer d’Beruffsbildung

D’Zuel vun ausgebilten Elektriker geet zeréck, wat et fir d’Betriber schwéier mécht, qualifizéiert Personal ze fannen. Eis Deputéiert Gilles Baum a Barbara Agostino froen no Statistiken, Trends a Formatiounsmesuren fir de Mangel u Fachleit am Handwierk, besonnesch am Elektrikerberuff, ze bekämpfen.

Fro

„Eis gouf zougedroen, dat d’Unzuel vun den ausgebilten Elektriker an deene Leit, déi sech an enger Formation professionelle zum Elektriker befannen, zënter enger Zäit réckleefeg wier. Dëst hätt zur Folleg, dat et fir Patronen a Betriber ëmmer méi komplizéiert géif ginn, ausgebilten Elektriker ze fannen.

An deem Kader wollte mir dem Här Minister fir d’Educatioun, Kanner a Jugend follgend Froe stellen:

  1. Existéiere Statistiken doriwwer, wéi eng Handwierksberuffer an de leschten 10 Joer réckleefeg Zuelen an hire jeeweilege Formatiounen opweisen? Gëllt dëse réckleefegen Trend och fir den Elektrikerberuff?
  2. Ginn et Zuelen déi beleeën, wéi eng Formatiounen am Handwierksberäich aktuell vun de Jonke verstäerkt suivéiert ginn?
  3. Wat fir Mesurë gi geholl fir di Jonk besonnesch a Beruffer ze orientéieren, wou eng Penurie um Marché ass an déi net esou attraktiv an den Ae vun deene Jonke sinn?“

Äntwert

Ad 1)

Eng gewësse Fluktuatioun an den Inscriptiounszuelen gëtt et bei de Beruffer aus dem Handwierk ëmmer. Et kann ee soen, datt zanter der Reform vun 2019, wou d’Evaluatioun mat Punkten erëm agefouert gouf, déi meeschte Beruffer stabel ware respektiv an d’Luucht gaang sinn.

Bei de Beruffer, wou sech aktuell eng negativ Tendenz weist, wat d’Inscriptiounen ugeet, fënnt ee follgend Beruffer: Coiffeur, Serrurier, Couvreur oder och Vendeur-magasinier du secteur automobile. Do dergéint gi bei follgende Beruffer d’Inscriptiounszuelen an d’Luucht: Esthéticien, Peintredécorateur, Carreleur a Menusier.

Wat d’Elektriker ugeet, esou waren tëschent 2018-2019 an 2024-2025 an der Moyenne 225 Kandidaten an der Ausbildung ageschriwwen an et sinn der aktuell 222. 

Ad 2)

D’Ausbildunge mat den héchsten Aschreiwungszuelen (CCP an DAP zesummegeholl) sinn aktuell:

Coiffeur297
Mécatronicien d’auto et moto266
Electricien222
Installateur chauffage-sanitaire182
Peintre-décorateur145
Esthéticien115

Ad 3)

Eng sektoriell Promotioun gëtt vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend aus net gemaach. Eng allgemeng Promotioun vum Handwierk (wei och deene reschtleche Beruffsausbildungen) gëtt aktuell ënner anerem scho via d’YEP!-Schoulfoire an d’Promotioun vun de Beruffer duerch d’Maison de l’orientation gemaach. Am Regierungsprogramm ass och eng Compagne commune fir d’Stäerke vun der Beruffsausbildung tëscht all de Partner vun der Beruffsausbildung virgesinn. Dës ass aktuell amgaang ausgeschafft ze ginn.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

D’Participatioune vum Staat

De liberalen Deputéierten André Bauler huet de Finanzminister gefrot wéi eng Participatiounen de lëtzebuerger Staat huet, wéi sech dës iwwer d’Zäit verännert hunn an wéi eng Stratégie dohannert stécht.

weiderliesen...

Keen Accès zu biologesche Resultater vun der LëtzHBM-Etüd ?

Bei der Etüd « LëtzHBM » vum LNS gi biologesch Prouwen an Ëmweltprouwen erhuewe fir d’Präsenz vu chemesche Substanzen doheem bei Privatpersoune festzestellen. D’Resultater vun de biologesche Prouwe ginn, anescht wéi vun den Ëmweltprouwe, ginn de Participanten net systematesch kommunizéiert.
Den DP-Deputéierten Dr Gérard Schockmel huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot firwat dës Resultater net matgedeelt ginn an ob dat konform zum Dateschutzreglement ass.

weiderliesen...