La baisse du nombre d’électriciens qualifiés complique le recrutement pour les entreprises. Nos députés Gilles Baum et Barbara Agostino interrogent le ministre sur les statistiques, les tendances de formation et les mesures prises pour attirer les jeunes vers les métiers artisanaux en pénurie, notamment celui d’électricien.
Question
„Eis gouf zougedroen, dat d’Unzuel vun den ausgebilten Elektriker an deene Leit, déi sech an enger Formation professionelle zum Elektriker befannen, zënter enger Zäit réckleefeg wier. Dëst hätt zur Folleg, dat et fir Patronen a Betriber ëmmer méi komplizéiert géif ginn, ausgebilten Elektriker ze fannen.
An deem Kader wollte mir dem Här Minister fir d’Educatioun, Kanner a Jugend follgend Froe stellen:
- Existéiere Statistiken doriwwer, wéi eng Handwierksberuffer an de leschten 10 Joer réckleefeg Zuelen an hire jeeweilege Formatiounen opweisen? Gëllt dëse réckleefegen Trend och fir den Elektrikerberuff?
- Ginn et Zuelen déi beleeën, wéi eng Formatiounen am Handwierksberäich aktuell vun de Jonke verstäerkt suivéiert ginn?
- Wat fir Mesurë gi geholl fir di Jonk besonnesch a Beruffer ze orientéieren, wou eng Penurie um Marché ass an déi net esou attraktiv an den Ae vun deene Jonke sinn?“
Réponse
Ad 1)
Eng gewësse Fluktuatioun an den Inscriptiounszuelen gëtt et bei de Beruffer aus dem Handwierk ëmmer. Et kann ee soen, datt zanter der Reform vun 2019, wou d’Evaluatioun mat Punkten erëm agefouert gouf, déi meeschte Beruffer stabel ware respektiv an d’Luucht gaang sinn.
Bei de Beruffer, wou sech aktuell eng negativ Tendenz weist, wat d’Inscriptiounen ugeet, fënnt ee follgend Beruffer: Coiffeur, Serrurier, Couvreur oder och Vendeur-magasinier du secteur automobile. Do dergéint gi bei follgende Beruffer d’Inscriptiounszuelen an d’Luucht: Esthéticien, Peintredécorateur, Carreleur a Menusier.
Wat d’Elektriker ugeet, esou waren tëschent 2018-2019 an 2024-2025 an der Moyenne 225 Kandidaten an der Ausbildung ageschriwwen an et sinn der aktuell 222.
Ad 2)
D’Ausbildunge mat den héchsten Aschreiwungszuelen (CCP an DAP zesummegeholl) sinn aktuell:
Coiffeur | 297 |
Mécatronicien d’auto et moto | 266 |
Electricien | 222 |
Installateur chauffage-sanitaire | 182 |
Peintre-décorateur | 145 |
Esthéticien | 115 |
Ad 3)
Eng sektoriell Promotioun gëtt vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend aus net gemaach. Eng allgemeng Promotioun vum Handwierk (wei och deene reschtleche Beruffsausbildungen) gëtt aktuell ënner anerem scho via d’YEP!-Schoulfoire an d’Promotioun vun de Beruffer duerch d’Maison de l’orientation gemaach. Am Regierungsprogramm ass och eng Compagne commune fir d’Stäerke vun der Beruffsausbildung tëscht all de Partner vun der Beruffsausbildung virgesinn. Dës ass aktuell amgaang ausgeschafft ze ginn.