Yuriko Backes

Steiererliichterunge bis an d’Mëttelschicht eran

D’Kafkraaft vun de Leit a Krisenzäite spierbar stärken, dat ass en Haapt-Uleies vun der Demokratescher Partei. Dowéinst huet de Staat schonn am Kader vum Energiedësch, dem Solidaritéitspak, an dem Solidaritéitspak 2.0 2,5 Milliarden Euro deblockéiert.

Beim Depot vum Budget hat d‘Finanzministesch Yuriko Backes schonn annoncéiert d’Kafkraaft vun de Leit duerch Steiererliichterunge weider stärken ze wëllen, wann de budgetäre Spillraum dat géing erlaben.

Bei der Presentatioun vun de Staatsfinanzen an der Kommissioun huet d’Yuriko Backes Enn Januar erkläert, dass den Defizit effektiv manner héich ausgefall ass, wéi virgesinn. Den Defizit fir d’Joer 2022 fällt op d’mannst 500 Milliounen Euro manner héich aus wéi geschat. Enn 2022 loung d’Staatsschold bei 24% vum PIB, also méi niddreg wéi am Viraus geschat an e gutt Stéck ënnert der Limitt aus dem Regierungsaccord vun 30%.

Dat erlaabt et fir weider cibléiert Steiererliichterungen anzeféieren. Réckwierkend op Ufank 2023 soll esou, dank engem Steierkredit, d’Kafkraaft vun de Leit zousätzlech gestäerkt ginn. Konkret ginn d’Leit esou also an Héicht vu 500 Milliounen Euro entlaascht. D’Yuriko Backes huet eng kohärent a virsiichteg Approche gewielt, fir esou d’Kafkraaft vun de Leit ze stäerken.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Press Recap

E Bléck op déi politesch Woch mat eisen DP-Mandatairen an der Press. Et goung ënner anerem ëm finanziell Hëllef fir Betriber, d’Roll vum Staat an der Economie an d’Wichtegkeet vun enger kritescher Kulturzeen.

weiderliesen...

Politik gräifbar maachen a präsent sinn

De President vun der DP Süde Marc Meyer huet de Sonndeg, 10. Mee 2026 um Bezierkskongress am Beetebuerger Schlass vun Zesummenhalt a Kollegialitéit geschwat, awer och vu Visibilitéit a vu Kommunikatioun, ouni déi Politik net méiglech wier.

weiderliesen...

Tripartite: Am Geescht vum Dialog

An der Tribune Libre vun der DP schwätzt d’Parteipresidentin Carole Hartmann haut iwwer d’Noutwennegkeet vun enger Tripartite, déi d’lescht Woch annoncéiert gouf. Fir d’Députée-Maire vun Iechternach ass dat de richtege Wee, op deem d’Regierung an d’Sozialpartner Léisungen kënne fannen, fir déi aktuell Kris zesummen ze meeschteren.

weiderliesen...