Steigend Präisser an der Baubranche

Mat Bléck op déi steigend Energiepräisser am Hierscht a Wanter 2022/2023, wat fir Perspektiven an Erwaardunge ginn de Moment ronderëm d‘Baubranche entwéckelt? Eisen DP-Deputéierten André Bauler huet zu deem Sujet eng parlamentaresch Fro un den Här Wirtschaftsminister adresséiert.

„An der däitscher Baubranche klammen d‘Präisser momentan zimmlech stramm – zemol de Präiss vum Beton a vum Stol.

Well eng Rëtsch Opträg dowéinst stornéiert ginn, ass an dëser Branche eng Rezessioun ze befäerten. Eenzelner schwätze souguer vun enger Vollbremsung fir déi däitsch Baubranche.

Virun deem Hannergrond wollt ech dem Här Wirtschaftsminister folgend Froe stellen:

  • Wéi huet sech d‘Lag an der Baubranche zu Lëtzebuerg an de leschte Wochen a Méint entwéckelt?
  • Sinn eng Rei potenziell Opträg an Tëschenzäit ofgesot ginn?

Mat Bléck op déi steigend Energiepräisser am Hierscht a Wanter 2022/2023, wat fir Perspektiven an Erwaardunge ginn de Moment ronderëm d‘Baubranche entwéckelt?“

Äntwert

Wéi huet sech d‘Lag an der Baubranche zu Lëtzebuerg an de leschte Wochen a Méint entwéckelt?

Nodeems den “Indicateur d’activité” vum Bausecteur (cf. Grafik 1) am 1. Trimester 2022 een Héichpunkt erreecht huet, ass dësen Ufanks vum 2. Trimester 2022 gefall a bleift däitlech hannert dem Niveau vu virun der Covid-19 Kris.

Grafik 1 : Entwécklung an Aussiicht vum Indicateur d’activité vum Bausecteur, 2008-2022[1] / Source : Chambre desMétiers « L’Artisanat au 2e trimestre 2022 : Les tendances inflationnistes inquiètent les entreprises artisanales »

D’Betriber aus dem Bausecteur si bis zum 1. Trimester 2022 relativ gutt aus der Kris vum Covid-19 komm, ënnert anerem bedéngt duerch déi verschidde Regimmer vu staatlechen Hëllefen, déi vun der Regierung an d’Liewe geruff goufen. Sou ass den “Indicateur d’activité” vum 1. Trimester 2021 op dat 1. Trimester 2022 vu -23 op +12 geklommen. Dës Relance ass awer gebremst ginn, ënnert anerem duerch Strategie vum « Null-Covid » a China, déi zu weidere Produktiouns-ënnerbriechunge gefouert huet an den Ausbroch vum Krich an der Ukrain huet dësen Trend nach verschäerft.

Och wann d’Optragsbicher an der Baubranche aktuell op engem héijen Niveau vu 7,9 Méint sinn, sou geet de Secteur awer dovun aus, dass dësen Niveau virun allem bedéngt ass duerch d’Retarden, déi an der Pandemie-Kris zustaane komm sinn, a manner enger positiver konjunktureller Situatioun ze verdanke wier. D’Betriber fäerten deemno, dass d’Optragsbicher séier wäerte schmëlzen, well eng sëllege Clienten hir Opträg riskéieren no hannen ze verleeën oder souguer ganz ze annuléieren, dëst virum Hannergrond vun enger substantieller Präisdeierecht an der Perspektiv vu klammenden Zënsen.

D’Vertraue vun den Entrepreneuren aus dem Bausecteur hat der Enquête vum Statec no am 1. Trimester 2022 en Héichpunkt erreecht. Dësen Indicateur baséiert op zwou Froen aus dem Statec senger Enquête de conjoncture, engersäits zum Stand vun de Optragsbicher an anerersäits zum Ausbléck fir den Emploi an den nächsten 3 Méint. Dës zwou Komponenten hunn sech am 2. Trimester verschlechtert an am Juli an August stabiliséiert. Trotz dësem rezente Réckgang vum Vertraue vun de Baufirmen, bleift dëst nach ëmmer op historesch héijen Niveauen. Dës Tendenzen, déi fir de Bausecteur zu Lëtzebuerg beobacht ginn, si ganz vergläichbar mat deene vun der Eurozon.

D’Präisdeierecht am Bausecteur ass eng Realitéit a spigelt sech souwuel um Niveau vun den Energie-, de Material- an de Personalkäschten zréck. De Krich an der Ukrain an d’Perturbatioun vun de Liwwerketten hunn eng däitlech Präisdeierecht zur Konsequenz, déi fir eng Rei Betriber schwéier ze bewältegen ass. Sou erweist sech d’Opstelle vun engem einfachen Devis mëttlerweil als schwieregen Exercice.

Grafik 2 : Entwécklung vun den Energie- a Materialpräisser (Index 100 = 01/2020)

Och wann ee Groussdeel vun de Präisser zanter Ufanks vum Krich réckleefeg ass, sou stagnéieren d’Präisser op enger héijen Niveau am Verglach zu de Präisser vu virun der sanitärer Kris. Sou ass de Präis vum Holz am Verglach mat Januar 2020 am Duerchschnëtt ëm 93 % an de Präis vum Stolbeton ëm 81 % geklommen.

Dobäi hunn sech d’Energiekäschten no der russescher Aggressioun an der Ukrain drastesch entwéckelt an d’Präisser vum Brennstoff si vu Januar 2020 bis Juli 2022 ëm 92% geklommen. Mam Gesetz vum 15. Juli huet d’Regierung dofir 2 wichteg Regimmer an d’Liewe geruff fir de Betriber finanziell ënnert d’Äerm ze gräifen :

  • Op där enger Säit gëtt et eng Hëllef fir deene Betriber ze hëllefen, déi grouss Energieverbraucher sinn. Hei kann de Staat en Deel vun de Méikäschten am Gas an am Elektreschen iwwerhuelen.
  • Donieft gëtt et och ee Regimm fir verschidde Secteuren, ënnert anerem de Bausecteur, bei der Entwécklung vum Präis vum Diesel ze entlaaschten.

Ënnert dem Stréch kann ee soen, dass d’Méikäschte vu Material, Energie a Personal d’Marge wäerten drécken an d’Verkafspräisser fréier oder spéider riskéieren ugepasst ginn.

[1] D’Grafik stellt de Solde tëschent positiven an negativen Äntwert duer, lisséiert mat enger Moyenne mobile vu 4 Méint.

Sinn eng Rei potenziell Opträg an Tëschenzäit ofgesot ginn?

D’Handwierkerkummer huet vu verschiddene Baufirmen d’Informatioun kritt, dass vereenzelt potentiell Projeten annuléiert goufen. Mat der Präisdeierecht vu Material an Energie zécken d’Privatclienten zum Deel fir gréisser Bau- oder Renovatiounsprojeten unzegoen.

Och am ëffentleche Secteur si verschidde Gemengen, déi fäerten dass hir Budgeten iwwerschratt ginn an obwuel et den Ament onméiglech ass dëse Phenomen ze quantifizéieren, sou gëtt et awer e puer Indicateuren, déi undeiten, dass d’Geschäftsklima amgaang ass sech ze verschlechteren.

Mat Bléck op déi steigend Energiepräisser am Hierscht a Wanter 2022/2023, wat fir Perspektiven an Erwaardunge ginn de Moment ronderëm d‘Baubranche entwéckelt?

Wann een all dës Elementer a Betruecht zitt, muss een dovun ausgoen, dass d’Aktivitéit am Bausecteur wäert un Dynamik verléieren. Den Impakt duerch de Krich an der Ukrain ass net vun der Hand ze weisen a bréngt eng gewëssen Onsécherheet mat sech.

Laut der “Enquête de conjoncture” vun der Handwierkerkummer ginn d’Entrepreneuren dofir och dovun aus, dass d’Aktivitéit am 3. Trimester 2022 wäert réckleefeg sinn. D’Baubranche stellt sech deemno op zwee schwiereg Joren an, enger ugespaanter Situatioun där d’Regierung sech och bewosst ass.

Dofir sinn déi verschidde Moossnamen, déi an der Tripartite vum 31. Mäerz 2022 festgehale goufe mat Sécherheet ee wichtege Bestanddeel fir de Betriber eng gewësse Planungssécherheet ze ginn, ënnert anerem duerch déi 2 Hëllefsregimmer, déi mam Gesetz vum 15. Juli 2022 an d’Liewe geruff goufen.

D’Regierung wäert awer och weiderhin hir Responsabilitéiten iwwerhuelen. An der Tripartite vun de kommenden Deeg wäert déi aktuell Situatioun am Detail mat de Sozialpartner analyséiert an no gemeinsamen a konkreten Äntwerte gesicht ginn.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Hëllefen diagnostesch Schnelltester géint de Mangel un Antibiotiquen?

Frankräich iwwerleet d’Verschreiwe vun Antibiotiquen nëmmen z’erlaben, wa virdrun een diagnostesche Schnelltest gemaach gëtt. Dëst fir mat Sécherheet festzestellen, op et sech ëm eng bakteriell oder viral Infektioun handelt.
Dëst kéint engersäits dem Mangel un Antibiotiquen entgéint wierken, an anerersäits d’Antibiotikaresistenz verréngeren.
D’DP-Deputéiert Gilles Baum a Gusty Graas hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Antibiotiquen an de leschte fënnef Joer zu Lëtzebuerg verschriwwe goufen an ob Doktere méi sensibiliséiert sollte ginn diagnostesch Tester ze verschreiwen.

weiderliesen...

Wéi vill Patienten krute kee Rendezvous méi an engem Stater Spidol?

Rezent huet ee Spidol an der Stad Bréiwer u Patiente verschéckt hir hinne matzedeelen, datt verschidde medezinesch Zerwisser keng nei Rendezvousen méi unhuele kënnen – ausser et handelt sech ëm eng Urgence oder een héich komplexe Fall.
Den DP-Deputéierten Gusty Graas huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi et zu dësen Incapacitéiten konnt kommen, ob nach aner Spideeler betraff sinn a wat géint dës Situatioun ënnerholl gëtt.

weiderliesen...

Kënnt et zur Kommerzialiséierung vun therapeutesche Wunnstrukturen?

Therapeutesch Wunnstrukturen ginn aktuell vun der konventionéierter Psychiatrie am Extrahospitalier fir Persounen ugebueden, déi ënnert psychesche Problemer leiden.
Elo zirkuléieren Gerüchter, datt de Gesondheetsministère plangt enger kommerzieller Societéit een Agrément ze ginn fir esou therapeutesch Wunnstrukturen ze geréieren.
D’DP-Deputéiert Gusty Graas a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, ob dës Gerüchter der Wourecht entspriechen a, wa jo, firwat dëse Wee ageschloe gëtt, amplaz bestoend Acteuren aus der konventionéierter Psychiatrie am Extrahospitalier z’ënnerstëtzen.

weiderliesen...

Kënnt et och zu Lëtzebuerg zum Mëssbrauch vu “Protonenpumpenhemmer”?

De laangjärege Konsum vu sougenannte “Protonenpumpenhemmer” (IPP), déi géint Moproblemer agesat ginn, erhéijen enger rezenter wëssenschaftlecher Etüd no de Risiko un Demenz z’erkranken. Den DP-Deputéierten Gusty Graas huet bei den zoustännege Ministeren nogefrot, ob hinnen dës Etüd bekannt ass, wéi eng Conclusiounen si aus hir zéien, an ob Zuelen iwwert den Asaz vun IPP zu Lëtzebuerg bekannt sinn.

weiderliesen...