Stockage an Distributioun vu Jodpëllen

D’Gemengen hunn d’Aufgab Jodpëllen ze stockéieren an un hir Residenten ze verdeelen. D’DP-Deputéiert Mandy Minella huet bei de concernéierte Ministeren nogefrot, wéi de Stockage vu Jodpëllen aktuell ausgesäit, ob all Resident Jodpëlle proposéiert kritt an ob nees eng Sensibiliséierungscampagne lancéiert sollt ginn.

Fro

Virun elo iwwer 10 Joer, nëmlech 2014, gouf eng Sensibiliséierungscampagne lancéiert fir iwwert den Asaz vu Jodpëllen opzekläeren. Doropshin hate sech 180.000 Mënschen Jodpëlle besuergt, fir am Fall vun engem nuklearen Accident, preparéiert ze sinn.

Am September 2022, haten déi deemoleg Innenministesch a Santésministesch d’Gemengen dorunner erënnert, datt et zu hiren Aufgabe gehéiert d’Distributioun vu Jodpëllen sécherzestellen. De Stock u Jodpëllen muss dobäi minimum 25% vun der Unzuel u Residenten an der Gemeng entspriechen. Ausserdeem muss all neie Resident ënner 45 Joer, dee sech op enger Gemeng aschreiwt, ee Pak mat Jodpëllen an eng Informatiounsbrochure proposéiert kréien.

An deem Kader wollt ech der Madamm Ministesch fir Gesondheet a Sozialversécherung an dem Här Inneminister follgend Froe stellen:

  • Här Minister, hutt Dir Chifferen wéi héich de Stock u Jodpëllen an alle Gemengen ass? Erreechen se iwwerall den uewe genannte Minimum?
  • Huet den Här Minister Informatiounen doriwwer, ob all neie Resident, dee sech op enger Gemeng aschreiwt och wierklech Jodpëlle proposéiert kritt?
  • Wéi vill Jodpëllen huet d’Regierung an de leschten 10 Joer bestallt?
  • Madamm Ministesch, wéi gesäit et mat der Haltbarkeet vu Jodpëllen aus? Sollt een se no 10 Joer ersetzen oder ass dat an der Reegel net néideg?
  • Ass virgesinn eng nei Sensibiliséierungscampagne ze lancéieren fir d’Bevëlkerung iwwer de Gebrauch a Stockage vu Jodpëllen opzekläeren?

Äntwert

Här Minister, hutt Dir Chifferen wéi héich de Stock u Jodpëllen an alle Gemengen ass? Erreechen se iwwerall den uewe genannte Minimum?

An der Circulaire n° 4180 vum 29. September 2022 sinn d’Gemengen drun erënnert ginn, dass si op Grond vum Cattenomsplang (Plan d’intervention d’urgence (PIU) en cas d’accident nucléaire) e reegelméissegen Inventaire vun hirem Stock u Jodpëlle musse maachen, an all Demande fir nei Jodpëllen ze kréien un d’“Division de la radioprotection” vun der “Direction de la santé” adresséiere mussen.

Op den 1. Januar 2024 hate 65 Gemengen Informatiounen iwwert de Stock u Jodpëlle bei der “Division de la radioprotection” agereecht. Dës Gemengen erreechen och den Taux vu 25%.

Et besteet keng Verflichtung, fir statistesch Donnéeën iwwert d’Stocken u Jodpëllen an de Gemengen z’erhiewen. Aus deem Grond kënnen keng Chifferen genannt ginn.

Huet den Här Minister Informatiounen doriwwer, ob all neie Resident, dee sech op enger Gemeng aschreiwt och wierklech Jodpëlle proposéiert kritt?

Mir verweisen op d’Äntwert vun der Fro 1.

Wéi vill Jodpëllen huet d’Regierung an de leschten 10 Joer bestallt?

De Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet bestellt iwwert “Division de la radioprotection” vun der

“Direction de la Santé” am Prinzip all 2-5 Joer Jodpëllen, ofhängeg vum Besoin u Stock. Fir déi national Verdeelung vun 2014 goufen zousätzlech Reserven iwwer den HCPN bestallt. An de leschte Joren goufe follgend Quantitéite vun der Santé bestallt:

Madamm Ministesch, wéi gesäit et mat der Haltbarkeet vu Jodpëllen aus? Sollt een se no 10 Joer ersetzen oder ass dat an der Reegel net néideg?

D’Jodpëlle besti gréisstendeels aus dem stabele Salz Kaliumiodid, a sinn, ënnert normale Stockagekonditiounen, praktesch onbegrenzt haltbar. Et ass dofir net néideg se no 10 Joer ze ersetzen. D’Santé kontrolléiert reegelméisseg d’Efficacitéit vun de Lot’en déi am Moment am Ëmlaf sinn. Bis elo gouf keng signifikant Diminutioun vun der Efficacitéit festgestallt, och net bei den eelste Lot’en aus dem Joer 1998.

Ass virgesinn eng nei Sensibiliséierungscampagne ze lancéieren fir d’Bevëlkerung iwwer de Gebrauch a Stockage vu Jodpëllen opzekläeren?

Momentan gesäit de Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet keng nei Sensibiliséierungscampagne vir, an den HCPN schafft un enger Revisioun vu verschiddene Pläng, wéi zum Beispill dem Cattenomsplang.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéini gi Gesondheetsbilanë beim Hausdokter agefouert ?

De Koalitiounsaccord vun der Regierung gesäit d’Aféierung vu reegelméissege Gesondheetsbilanen ab 30 Joer vir. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot wéi wäit d’Ëmsetzung vun dëser Initiative ass, ob spezifesch Formatioune fir d’Dokteren en place gesat wäerte ginn, an ob an deem Kader den DSP genotzt wäert ginn.

weiderliesen...

MILA Nofolleger

An der Sëtzung vun der Schoulkommissioun vum 17. Juni 2025 gouf ugekënnegt, datt d’Alphabetiséierungsprogramm MILA ausgeet an duerch e neie Schoulprogramm ersat gëtt. Nëmmen nach ronn 20 % vun de Kanner schaffen domat, an ëmmer méi Enseignanten setzen op aner Léiermëttel. Eis Deputéiert Gilles Baum a Barbara Agostino froen de Bildungsminister no den Haaptneierungen am neie Programm, senger Aféierung an de geplangte Formatiounscoursen fir d’Enseignanten.

weiderliesen...

D’Kooperatioun tëscht dem LNS an de private Laboratoiren an d’Automatisatioun am LNS

D’Analyse vu Biopsien spillt eng entscheedend Roll beim Erkennen vu schwéiere Krankheeten wéi dem Kriibs. Trotz Verbesserunge bleiwen d’Waardezäiten am LNS héich, besonnesch an der Onkologie, Gynäkologie an Dermatologie – eng psychologesch Belaaschtung fir Patienten. Eid Deputéiert Mandy Minella an Dr. Gérard Schockmel froen d’Gesondheetsministesch, wéi eng Schrëtt fir méi Automatisatioun, Digitaliséierung a méiglech Zesummenaarbechte mat privaten Laboratoiren virgesi sinn.

weiderliesen...

Administrativ Belaaschtung am Grondschoulunterrecht

Trotz der Vereinfachung vun der administrativer Aarbescht an de Grondschoulen duerch de Bildungsministère, gëtt vu Gewerkschafte betount, datt d’Bürokratie fir d’Enseignanten éischter zougeholl hätt. Wéi gesäit d’Realitéit aus, a wéi kann d’kënschtlech Intelligenz hei eng Roll spillen? Eng parlamentaresch Fro vun eisen Deputéierten Gilles Baum a Barbara Agostino sicht no Äntwerten.

weiderliesen...