Stopp vun den Aarbechten un der Ettelbrécker Gare: Wéi konnt et dozou kommen?

Wéi ass et méiglech, dass den Environnement d'Aarbechten un der Ettelbrécker Gare eréischt gestoppt huet, nodeems dës schonn ugefaang haten? Firwat goufen déi Schmuebelnäschter eréischt dunn entdeckt? Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot.

An der Press stoung ze liesen, datt d‘Ofrappe vun der Ettelbrécker Gare gestoppt ginn ass wéinst de Schmuebelen, déi de Moment do bréien.

An deem Kader wollt ech der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung folgend Froe stellen:

  • Wéi ass et méiglech, datt eréicht elo erkannt gouf, datt et an der aler Gare Schmuebelsnäschter gëtt?
  • Wéi vill Näschter sinn hei betraff?
  • Wéi laang wäert et lo daueren bis datt de Chantier weidergeet?
  • Sinn nach aner Déiere vun dëser Ofrappaktioun betraff?“

Äntwert

  1. Wéi ass et méiglech, datt eréicht elo erkannt gouf, datt et an der aler Gare Schmuebelsnäschter gëtt?

Am Mee 2021 huet den zoustännege Fierschter d’CFL op d’Präsenz vun Näschter vun Hausschmuebelen (hirondelles des fenêtres, Delichon urbica) um Gebäi vun der aler Gare opmierksam gemaach. Insgesamt fënnt sech eng ganz Kolonie vun Hausschmuebelen ronderëm d’Gare. Et handelt sech bei Hausschmuebelen ëm “espèces protégées particulièrement”, fir déi den Erhaltungsstatus als net favorabel agestuuft gouf, sou dass déi Aarten engem strenge Schutzstatus ënnerleien. Well et sech bei deenen Näschter um Gebai ëm een essentielle Reproduktiounssite vu geschützten Aarten no Artikel 21 vum modifizéierten Naturschutzgesetz handelt (loi modifiée du 18 juillet 2018 concernant la protection de la nature et des ressources naturelles), duerfen déi Näschter eréischt ofgerappt ginn, wann Ersatzmoossname geschaaft goufen.

No engem Austausch tëschent der Naturverwaltung an dem Bauhär, huet de Bauhär een Dossier mat Proposë vu Moossnamen, déi di dauerhaft ökologesch Funktionalitéit garantéiere sollen (sougenannten CEF-Mesuren), opgestallt an eng Demande fir eng Derogatioun no Artikel 27 vum modifizéierten Naturschutzgesetz am November 2021 eragereecht.

  1. Wéi vill Näschter sinn hei betraff?

Am Juli 2021 huet eng ornithologesch Expertise 36 occupéiert Näschter un der Fassade vun der Ettelbrécker Gare festgestallt.

  1. Wéi laang wäert et lo daueren bis datt de Chantier weidergeet?

Den 29. März 2022 koum et zu engem Baustopp nodeems den Bauhär d’Aarbechten ugefaangen huet ier eng Autorisatioun virlouch déi all d’Konditioune kadréiere sollt. De Baustopp gouf den 12. Abrëll 2022 opgehuewen, nodeems déi néideg Derogatioun virlouch, d‘Ersatzmoossname realiséiert, vum zoustännege Fieschter a vun engem Expert receptionnéiert goufen. Dës ginn och weiderhi suivéiert.

  1. Sinn nach aner Déiere vun dëser Ofrappaktioun betraff?

Eng Präsenz vun Hausspatzen (passer domesticus) gouf am Juli 2021 dokumentéiert. Dëst gouf an der Derogatioun consideréiert. Weider Präsenze vun “espèces protégées particulièrement”, déi ënner den Artikel 21 vum Naturschutzgesetz falen, goufen zum Zäitpunkt vun den Etüden net festgestallt.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Kee Remboursement méi fir dermatoskopesch Fotoen ?

Am Kader vun der Ënnersichung bei engem Hautdokter kënne Fotoe vu verdächtege Plazen op der Haut gemaach ginn, wou de Risiko besteet, datt sech Hautkriibs entwéckele kéint. Dem DP-Deputéierte Gusty Graas gouf elo zougedroen, datt dës Fotoen net méi vun der Krankekeess rembourséiert ginn. An enger parlamentarescher Fro un d’Gesondheetsministesch wëll de liberale Politiker ënnert anerem gewuer gi firwat dës Decisioun geholl gouf a wéi vill Patienten esou Fotoe beim Hautdokter an de leschte 5 Joer rembourséiert kruten.

weiderliesen...

Dréchent zu Lëtzebuerg

Am Mäerz huet et am Verglach zu de Jore virdrun extrem wéineg gereent sou dat d’Biedem aktuell relativ dréche sinn. Eis Deputéiert André Bauler a Luc Emering hunn nogefrot wéi d’Ministesch d’Lag hei zu Lëtzebuerg aschätzt an op verschidde Kulture Gefor lafe laangfristeg geschiedegt ze ginn.

weiderliesen...

Wéi ass d’Qualitéit vum Iessen an eise Spideeler ?

Gesond an equilibréiert Iessen dréit noweislech zu engem besseren Heelungsprozess bäi a reduzéiert de Risiko vu Komplikatiounen. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann hunn an deem Kontext bei der Gesondheetsministesch ënnert anerem nogefrot wéi gutt d’Qualitéit vum Iessen an eise Spideeler ass, ob virun allem regional Produite verschafft ginn an ob virop bei méi vulnerabele Patienten opgepasst gëtt, datt si genuch iessen.

weiderliesen...