Transportproblemer um Rhäin

Bis wéini riskéiere keng Schëffer méi op der Musel fueren ze kënnen a riskéieren mir mat den Transportproblemer um Rhäin Enkpäss oder souguer e Stop bei der Liwwerung vu Petrolsprodukter oder anere Wueren ze kréien ? Dës an nach weider Froen goufen vun eisem Deputéierten André Bauler un den Här Wirtschaftsminister an d‘Madamm Minister fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung gestallt.

Sou wéi et ausgesäit wäert de Rhäin e Freideg bei Koblenz net méi fir d’Schëffer ze passéiere sinn. Dat wäert och Konsequenze fir Lëtzebuerg hunn, speziell och fir d’Beliwwerung am Mäerterter Hafen.

Aus deem Grond wollt ech dem Här Wirtschaftsminister an der Madamm Minister fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung folgend Froe stellen:

  • Wéi ass de Waasserpeegel vun der Musel an de leschte Méint evoluéiert ?
  • Bis wéini riskéiere keng Schëffer méi op der Musel fueren ze kënnen ?
  • Riskéieren d’Transportproblemer um Rhäin dozou ze féieren, datt mir Enkpäss oder souguer e Stop bei der Liwwerung vu Petrolsprodukter oder anere Wueren ze kréien ? 

Äntwert

– Wéi ass de Waasserpeegel vun der Musel an de leschte Méint evoluéiert ?

D’Waasserstänn sinn opgrond vun der Dréchent an dem doraus resultéierendem Niddregwaasser an de leschte Méint um Peegel Stadtbredimus ob 220 cm gefalen. Bei engem Peegelstand vun 220 cm ass eng Fahrrinnendéift vun 3 m garantéiert.

Opgrond vun Offlossschwankungen vun der Uewermusel kënnt et zu weideren klengen Stauzielënnerschreidungen. Doduerch ass Fahrrinnendéift aus Sécherheetsgrënn mam Accord vum Wasserstrassen- und Schifffahrtamt Mosel-Saar-Lahn vun 3,00 m ob 2,80 m erofgesat ginn. D‘Schëfffaart ass iwwert en Avis entspriechend ugewisen ginn.

– Bis wéini riskéiere keng Schëffer méi op der Musel fueren ze kënnen ?

Nëmmen uewen am franséischen Deel vun der Muselwaasserstrooss sinn am Beräich vum Muselkilometer 363,62 (Fontenoy, bei Toul) bis Kilometer 392,10 (Neuves-Maisons) 4 Schléisen zanter dem 11. August 2022 bedéngt duerch Niddregwaasser ausser Betrib. Do sinn d’Schléisen awer an engem Kanal nieft der Musel gebaut an hunn doduerch manner Offloss.

Ob der Ënnermusel an an dem däitsch lëtzebuergeschem Kondominium gëtt d‘Schëfffaart eréischt agestallt wann den Offloss géint 0 m3/s tendéiert an dëst extrem Auswierkungen ob d‘Stauzieler huet.

– Riskéieren d’Transportproblemer um Rhäin dozou ze féieren, datt mir Enkpäss oder souguer e Stop bei der Liwwerung vu Petrolsprodukter oder anere Wueren ze kréien?

D’Niddregwaasser um Rhäin a déi domat verbonne Transportproblemer hunn effektiv en Impakt op d’Liwwerungen vu Petrolsprodukter esou wéi vun anere Wueren um lëtzebuerger Marché. D’Schëffer déi den Hafen zu Mertert beliwweren, komme bei Niddregwaasser oft just mat engem Drëttel vun hirer normaler Kapazitéit un.

Am Fall vun extremem Niddregwaasser, wier d’Beliwwerung vum Merterter Hafen a deementspriechend vum lëtzebuerger Marché ganz staark limitéiert, respektiv see kéint souguer géint Null tendéieren wat Petrolsprodukter betrëfft. Den Hafen zu Mertert ass allerdéngs eng trimodal Plattform déi weiderhin iwwert den Eisebunnsuschloss beliwwert ka ginn, och wann et sech dobäi em däitlech manner Quantitéiten handelt ewéi mam Schëff. Nieft de Petrolsprodukter ginn et och Enkpäss fir Sand a Kies mat Impakt op d’lëtzebuerger Bauindustrie, esou ewéi fir Düngemëttel, awer och fir Metallprodukter fir d‘Stolindustrie.

Op Säite vun den Laangstohlexporter gëtt domat gerechent, dass deen Typ vu Produit erëm duerch d’Banneschëfffaart verluede ka ginn. Dëst setzt allerdéngs eng positiv Entwécklung vum Waasserzoufloss an de Rhäin viraus.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Administrativ Belaaschtung am Grondschoulunterrecht

Trotz der Vereinfachung vun der administrativer Aarbescht an de Grondschoulen duerch de Bildungsministère, gëtt vu Gewerkschafte betount, datt d’Bürokratie fir d’Enseignanten éischter zougeholl hätt. Wéi gesäit d’Realitéit aus, a wéi kann d’kënschtlech Intelligenz hei eng Roll spillen? Eng parlamentaresch Fro vun eisen Deputéierten Gilles Baum a Barbara Agostino sicht no Äntwerten.

weiderliesen...

Zweeten Intervenant an A-EBS am Cycle 1 vum Grondschoulunterrecht

Fir eng besser pedagogesch Differenzéierung a méi Chancë vu Ufank un ze garantéieren, gesäit de Koalitiounsprogramm en zweeten Intervenant am Cycle 1 vir. Och am Kader vum Projet Alpha kéint dësen Intervenant eng wichteg Roll spillen, besonnesch bei der phonetescher Virbereedung vun de Kanner. Zousätzlech si sougenannte A-EBS geplangt, déi d’Enseignanten ënnerstëtze sollen. Eis Deputéiert Gilles Baum a Barbara Agostino hu beim Educatiounsminister nogefrot, wéi wäit dës Initiativen fortgeschratt sinn a wéi de Kalenner ausgesäit.

weiderliesen...

Wéi vill Persoune leiden un Anorexie ?

Nieft dem Iwwergewiicht ass och d’Anorexie ee Problem an eiser Gesellschaft. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch ënnert anerem nogefrot, wéi vill Anorexie-Patienten zu Lëtzebuerg hu missen hospitaliséiert ginn, wéi laang den Traitement an der Moyenne dauert a wéi sech d’Käschte vun den Traitementer an de leschten 10 Joer entwéckelt hunn.

weiderliesen...