USA an d’Recht vum Staarken

Den DP-Deputéierte Gusty Grass ass dovunner iwwerzeegt, datt d’Regierung séier an effikass wäert reagéieren, fir déi knapp 600 Lëtzebuerger ze rapatriéieren, déi vun de Suitte vun den Attacke vun den USA a vun Israel géint den Iran betraff sinn.

No der Regierungserklärung an der Chamber iwwer d’Situatioun am Noen Osten huet de President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun dësen Dënschdeg op d’Gefore vun engem Flächebrand higewisen, déi di Attacken ouni UNO-Mandat kënne mat sech bréngen. Dat géingen d’Riposte vum Iran weisen, déi och schonn den EU-Member Zypern betraff hätten.

D’Europäesch Unioun a seng NATO-Membere stéingen elo virun der delikater Fro, wéi se sech an dësem Konflikt positionéiere sollen. Éischt wirtschaftlech Konsequenzen, wéi d’Hausse vun den Ueleg- a Gaspräisser, wiere schonn ze spieren.

De Gusty Graas fuerdert eng méi aktiv Roll vun der EU, déi sech virun allem op Diplomatie an Deseskalatioun konzentréiere sollt. Europa kéint hei Brécke bauen. Dofir bräicht et awer eng eenheetlech Linn, wat leider aktuell net de Fall wier. D’Demokratesch Partei ass op alle Fall solidaresch mat den attackéierte Länner an der Géigend a rifft den Iran op, direkt mat sengen Ugrëff opzehalen.

Dee Konflikt misst eis seriö Suerge maachen an hätt jiddefalls confirméiert, datt d’USA dat internationaalt Vëlkerrecht net méi respektéieren an duerch d’Recht vum Staarken ersetze wëllen, esou de Constat vum aussepolitesche Spriecher vun der DP.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Selbstbestëmmung, eng fundamental Fräiheet

„D’Biergerinnen an d’Bierger mussen drop vertraue kënnen, datt fundamental Rechter a Fräiheeten net vun enger Legislaturperiod op déi aner a Fro gestallt ginn“, huet d’DP-Presidentin Carole Hartmann bei den Debatten iwwer d’Aschreiwe vun der Libertéit op Avortement an der Chamber ënnerstrach.

weiderliesen...

Entrevue mat de Gewerkschaften

D’DP Fraktioun hat haut eng konstruktiv Entrevue mat der Union des syndicats OGBL-LCGB. Wéi eng Roll ka kënschtlech Intelligenz op der Aarbechtsplaz spillen? Wéi steet et ëm déi aktuell Gesetzgebung ronderëm de Reclassement professionnel?

weiderliesen...

1 Milliard Euro fir de Findel

De Lëtzebuerger Flughafe wiisst a wiisst: den zivillen Transport an dee vum Cargo. Den Ament passéieren eng 5,3 Millioune Passagéier d’Joer de Findel. Op déi lescht 10 Joer gekuckt ass dat eng Hausse vun 100 Prozent.

weiderliesen...