Lex Delles

#Vakanzdoheem

D’lescht Joer hu vill Leit an der Coronazäit Vakanz doheem gemaach. Besonnesch beléift waren historeschen a kulturelle Site besteet (Buergen, Schlässer, Muséeën, Kierchen, etc.) Awer och vill Lëtzebuerger sinn an hirer #Vakanzdoheem gewandert oder hunn d’Land mam Vëlo entdeckt.

De 4. Juni 2020 hat den Tourismusminister Lex Delles de Plang “Restart Tourism – Stabiliséieren. Adaptéieren. Promouvéieren.” presentéiert mat deem de Secteur verstäerkt soll ënnerstëtzt ginn. An deem Kader gouf och eng nei Campagne mam Numm “Lëtzebuerg, dat ass Vakanz” ugekënnegt. Dës Campagne hat als Zil de Lëtzebuerger an de Leit déi am noen Ausland liewe Loscht op eng Vakanz zu Lëtzebuerg maachen.

Mat Erfolleg. An de Méint Juli bis Oktober 2020 goufen an enger Villzuel Attraktiounen däitlech méi Visiteuren aus Lëtzebuerg gezielt. Dës sinn an der Moyenne ca. +40% bei Fräizäitsiten, +60% bei Buergen, a méi wéi eng Verdueblung vun de Visitten an den touristesche lnformatiounsbüroen iwwer Land. Eng Enquête huet ausserdeem gewisen, dass 69% vun eisen Hotelieren an 61% vun eise Campingsbedreiwer an der Saison 2020 eng Hausse vu Clients aus Lëtzebuerg festgestallt hunn.

Zu dësem Erfolleg huet sécherlech och de 50-Euro-lwwernuechtungsbong bäigedroen, deen de Lex Delles 2020 agefouert huet am Kader vum Plan de relance “Neistart Lëtzebuerg” fir déi national Wirtschaft an den Tourismussecteur ze ënnerstëtzen. Dëse Bong ka nach vu Frontalieren a Residenten iwwer 16 Joer an enger lwwernuechtungsstruktur zu Lëtzebuerg bis de 18. Abrëll ageléist ageléist ginn. insgesamt krute ronn 730.000 Persounen en 50-Euro-lwwernuechtungsbong zougeschéckt. Ongeféier 100.000 Bongen si schonn ageléist ginn.

Zu Lëtzebuerg dréit den Tourismus ongeféier 9% zum BIP bäi. Iwwer 30.000 Aarbechtsplazen si mat dësem Secteur verbonnen.

“Vakanz doheem ze maachen huet eis all erlaabt d’Schéinheet, d’Rou an d’Diversitéit vun eisem Land, seng Landschaft a seng Natur, op déi mir ganz houfreg kënne sinn, ze entdecken.” esou de Minister Lex Delles.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Press Recap

E Bléck op déi politesch Woch mat eisen DP-Mandatairen an der Press. Et goung ëm d’Kooperatiounspolitik, ëm Safeguarding am Sport, ëm Éiwegkeetschemikalie wéi PFAS a villes méi.

weiderliesen...

Méi Schutz a Verantwortung am Sport

Den aktuelle Fall ronderëm d’Fraennationalekipp am Fussball weist, dass gehandelt muss ginn. Dofir huet d’DP-Deputéiert Mandy Minella dëse Mëttwoch an enger Fro un d’Sportsministesch nach emol nogehakt, wou d’Ethik-Charte an den ugekënnegten nationalen Aktiounsplang fir de Safeguarding dru wieren.

weiderliesen...

Bäihëllefen am Logement geréieren

Dat nächst Joer gëtt aus dem Service des aides au logement – dee bis elo am Logementsministère ënnerbruecht war – eng eegestänneg Administration des aides au logement. Den DP-Fraktiounschef Gilles Baum huet haut an der Chamber den entspriechende Gesetzprojet rapportéiert.

weiderliesen...