Verbesserung vun der Verkéierssécherheet op der N12 tëscht Groussbus an Hierheck?

Well et op der N12 tëscht Groussbus an Hierheck reegelméisseg zu Accidenter kënnt, huet den DP-Deputéierten André Bauler gefrot, wat virgesinn ass, fir d'Verkéierssécherheet ze verbesseren.

„Op der Streck tëscht Groussbus an der Hierheck (N12) kënnt et reegelméisseg zu Accidenter, virun allem well ze séier gefuer gëtt.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an dem Här Minister fir bannenzeg Sécherheet folgend Froe stellen:

  • Wéi vill Accidenter sinn op dëser Streck tëscht 2015 an haut gezielt ginn?
  • Wéi dacks waren dës duerch ze héich Vitess bedéngt? Wéi dacks duerch iwwerméissegen Alkoholkonsum?
  • Mat wat fir enge konkrete Moossname kéint een d’Automobiliste sensibiliséiere fir op dëser Streck méi verantwortlech ze fueren?
  • Gëtt et eventuell plazeweis och ee Problem mat der Qualitéit vum Belag?“

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi vill Leit si géint Tetanus geimpft ?

D’Tetanusimpfung muss a reegelméissegen Ofstänn erneiert gi fir wierksam ze bleiwen, mee net jiddereen denkt un dës wichteg Opfrëschung.
Den DP-Deputéierten André Bauler huet dowéinst bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Leit aktuell wierksam geimpft sinn, wéi vill Doudesfäll et opgrond vun enger Tetanuserkrankung ënnerhalb vun de leschten 10 Joer gouf, a wéi vill elektronesch Impfcarneten bis haut aktivéiert goufen.

weiderliesen...