D’Demokratie brauch staark Institutiounen an e kloert Reegelwierk am Interessi vun alle Bierger an zum Schutz vun all Eenzelen. De SREL-Skandal huet 2013 d’Vertrauen an de Staat an a seng Institutioune grondleeënd un d’Wackele bruecht an huet schlussendlech zu virgezunne Wale gefouert. D’DP huet an hirer Regierungsverantwortung déi néideg Impulser gimm, fir dat verluerent Vertrauen erëmhierzestellen. De Geheimdéngscht gouf grondleeënd reforméiert an d’Kontroll vu sengen Aktivitéiten däitlech verstäerkt.
D’Chamber, d’Regierung an de Staatsrot hu sech an der lafender Legislaturperiode kloer Behuel- an Transparenzreegele ginn. En Deontologieskodex verflicht beispillsweis zur Verëffentlechung vu finanzielle Participatiounen a vu berufflechen Aktivitéite fir esou virun Interessekonflikter virzebeugen. An der zoustänneger Chamberkommissioun gouf iwwregens d’Reform vun eiser Constitutioun ofgeschloss, esou datt kuerz no de Chamberwalen am Hierscht kann an engem Referendum iwwert de Verfassungstext ofgestëmmt ginn.