Verspéidungen am Schülertransport wéinst Chantier um CR334: Wat ass virgesinn, fir d’Situatioun ze verbesseren?

Well de CR334 tëscht Clief a Boxer momentan wéinst engem Chantier gespaart ass, mussen d'Schoulbusser fir an de Clierfer Lycée en Ëmwee fueren, mam Resultat, dass vill Schüler all Dag ze spéit kommen. Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot, wat virgesinn ass fir d'Situatioun ze verbesseren.

Zënter Mëtt Januar ass d’Streck tëscht Clierf a Boxer (CR 334) fir den Traffic gespaart. Dofir mussen eng Rëtsch Schoulbussen, déi de Clierfer Lycée ufueren, en Ëmwee maachen, mam Resultat dass vill Schüler all Dag ze spéit an d’Schoul kommen.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:

  • Wéi laang dauert de Schantjen, deen zu dëser Verspéidung féiert, viraussiichtlech nach?
  • Wat ass virgesinn, fir d’Situatioun ze verbesseren an dofir ze suergen, dass d’Schüler mat Zäiten am Lycée sinn?
  • Gouf et mëttlerweil eng Konzertatioun tëscht der Administration des Ponts et Chaussées, der Gemeng an dem Mobilitéitsministère zu deem Thema?

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi vill Leit si géint Tetanus geimpft ?

D’Tetanusimpfung muss a reegelméissegen Ofstänn erneiert gi fir wierksam ze bleiwen, mee net jiddereen denkt un dës wichteg Opfrëschung.
Den DP-Deputéierten André Bauler huet dowéinst bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Leit aktuell wierksam geimpft sinn, wéi vill Doudesfäll et opgrond vun enger Tetanuserkrankung ënnerhalb vun de leschten 10 Joer gouf, a wéi vill elektronesch Impfcarneten bis haut aktivéiert goufen.

weiderliesen...