Doud Fësch Tote Fische

Wat fir Auswierkungen hunn d’Iwwerschwemmungen op de Fëschbestand?

Duerch déi kierzlech Iwwerschwemmungen hu vill Fësch et net méi gepackt fir zréck an hir Baach oder hire Floss ze schwammen. Den DP-Deputéierte Gusty Graas freet déi zoustänneg Ministesch ob si schonns d’Auswierkunge vun de rezenten Iwwerschwemmungen op den nationale Fëschbestand kennt an ob de Plan de repeuplement elo eventuell misst ugepasst ginn.

« Les récentes inondations ont eu des conséquences néfastes pour la faune aquatique car de nombreuses rivières ont été fortement polluées. En dépit de l’engagement courageux de bénévoles, dont entre autres des membres de la Fédération des Pêcheurs sportifs, des centaines de milliers de poissons n’ont pas pu rejoindre les lits de divers fleuves et rivières après que l’eau s’est retirée.

Dans ce contexte, j’aimerais poser les questions suivantes à Madame la Ministre de l’Environnement, du Climat et du Développement durable :

  • Est-ce qu’on peut d’ores et déjà évaluer l’impact des récentes inondations sur le cheptel piscicole ?
  • Quels fleuves et rivières ont été touchés le plus par cette catastrophe écologique ?
  • Est-ce qu’il est prévu d’adapter le cas échéant le plan de repeuplement afin de garantir dans les meilleurs délais un renforcement du cheptel piscicole dans les cours d’eau concernés ? »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéini gi Gesondheetsbilanë beim Hausdokter agefouert ?

De Koalitiounsaccord vun der Regierung gesäit d’Aféierung vu reegelméissege Gesondheetsbilanen ab 30 Joer vir. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot wéi wäit d’Ëmsetzung vun dëser Initiative ass, ob spezifesch Formatioune fir d’Dokteren en place gesat wäerte ginn, an ob an deem Kader den DSP genotzt wäert ginn.

weiderliesen...

MILA Nofolleger

An der Sëtzung vun der Schoulkommissioun vum 17. Juni 2025 gouf ugekënnegt, datt d’Alphabetiséierungsprogramm MILA ausgeet an duerch e neie Schoulprogramm ersat gëtt. Nëmmen nach ronn 20 % vun de Kanner schaffen domat, an ëmmer méi Enseignanten setzen op aner Léiermëttel. Eis Deputéiert Gilles Baum a Barbara Agostino froen de Bildungsminister no den Haaptneierungen am neie Programm, senger Aféierung an de geplangte Formatiounscoursen fir d’Enseignanten.

weiderliesen...

D’Kooperatioun tëscht dem LNS an de private Laboratoiren an d’Automatisatioun am LNS

D’Analyse vu Biopsien spillt eng entscheedend Roll beim Erkennen vu schwéiere Krankheeten wéi dem Kriibs. Trotz Verbesserunge bleiwen d’Waardezäiten am LNS héich, besonnesch an der Onkologie, Gynäkologie an Dermatologie – eng psychologesch Belaaschtung fir Patienten. Eid Deputéiert Mandy Minella an Dr. Gérard Schockmel froen d’Gesondheetsministesch, wéi eng Schrëtt fir méi Automatisatioun, Digitaliséierung a méiglech Zesummenaarbechte mat privaten Laboratoiren virgesi sinn.

weiderliesen...

Administrativ Belaaschtung am Grondschoulunterrecht

Trotz der Vereinfachung vun der administrativer Aarbescht an de Grondschoulen duerch de Bildungsministère, gëtt vu Gewerkschafte betount, datt d’Bürokratie fir d’Enseignanten éischter zougeholl hätt. Wéi gesäit d’Realitéit aus, a wéi kann d’kënschtlech Intelligenz hei eng Roll spillen? Eng parlamentaresch Fro vun eisen Deputéierten Gilles Baum a Barbara Agostino sicht no Äntwerten.

weiderliesen...