Wat geschitt mam Hangar am Ausgang vun Iechternach?

Am Ausgang vun Iechternach läit een Hangar vun der Administration des Ponts et Chaussées, deen am Ablack awer net am Gebrauch ze si schéngt. Potentiell kéint dës Fläch och fir aner Projete wéi beispillsweis Wunnraum genotzt ginn. Eis Deputéiert Carole Hartmann huet nogefrot, wat d’Pläng fir dës Plaz an Zukunft sinn.

„Am Ausgang vun Iechternach a Richtung Mompech, an der Route d’Osweiler, läit een Hangar vun der Administration des Ponts et Chaussées, deen am Ablack awer net am Gebrauch ze si schéngt. D’Fläch bitt genuch Plaz, fir potentiell aner Projeten. Beispillsweis kéint hei, sou wéi et e Schéma directeur vum zukünftege PAG vun der Stad Iechternach virgesäit, neie Wunnraum entstoen.

An deem Kader wollt ech den Här Wunnengsbauminister an dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:

  • Gëtt dësen Hangar nach vu Ponts et Chaussées oder vun engem anere Service genotzt, a falls jo, fir wat?
  • Kéint op dësem Terrain, deen dem Staat gehéiert, subventionéierte Wunnraum geschaaft ginn, eventuell an Zesummenaarbecht mam Fonds du Logement oder mat der SNHBM? Falls jo, ginn et schonn éischt Iddien? Falls nee, wisou net?
  • Ginn et eventuell aner Pläng fir dësen Terrain fir d’Zukunft?“

Äntwert

Gëtt dësen Hangar nach vu Ponts et Chaussées oder vun engem anere Service genotzt, a falls jo, fir wat?

Bis virun 2 Joer war dësen Hangar den Atelier vum regionale Service Iechternach vun der Stroossebauverwaltung. Säit dëse Service en aneren Atelier besat huet, gëtt dësen Hangar nëmmen nach als Lager benotzt. Dësen Hangar gëtt donieft der Gemeng Iechternach bis Enn 2023 zur Verfügung gestalt, fir de Stockage vu Material no den Iwwerschwemmungen am Juli 2021.

Kéint op dësem Terrain, deen dem Staat gehéiert, subventionéierte Wunnraum geschaaft ginn, eventuell an Zesummenaarbecht mam Fonds du Logement oder mat der SNHBM? Falls jo, ginn et schonn éischt Iddien? Falls nee, wisou net?

Ginn et eventuell aner Pläng fir dësen Terrain fir d’Zukunft?

Den Ament gëtt et also keen direkten Notze fir de Site vum fréieren Atelier an de Terrain eegent sech beschtens fir Wunnraum ze schaffen.

Donieft ass de Terrain a der Neifaassung vum Flächenotzungsplang (Refonte du PAG 2020) vu der Stad Iechternach als Wunnzone HAB-1 klasséiert. Dëse PAG gouf a der Sëtzung vum 7. November 2022 vum Gemengerot approuvéiert (2. Vott).

De Moment ass den Terrain awer nach net dem Ministère du Logement affektéiert. Eréischt wann dat gemaach ass, ka mat dem Fonds du Logement oder der SNHBM gekuckt ginn, wéi e Wunnengsbauprojet do ëmgesat ka ginn.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi huet sech d’Situatioun vun den Dubliner zu Lëtzebuerg iwwer déi lescht Joren entwéckelt?

Säit Enn Oktober kënne männlech „Dubliner“, déi als Eenzelpersoun ënnerwee sinn net méi an den Opfänkstrukturen ugeholl ginn. Dëst well d’Gebailechkeete knapp, an d’Strukturen iwwerfëllt sinn. D‘Prioritéit soll op Kanner, Fraen a vulnerabel Persoune geluecht ginn. Mee wéi hunn sech d’Zuelen iwwer déi lescht Joren entwéckelt a wéi konnt et zu dëser Situatioun kommen? Eis Deputéiert Corinne Cahen a Gusty Graas hu beim zoustännege Ministère nogefrot.

weiderliesen...

Hëllefen diagnostesch Schnelltester géint de Mangel un Antibiotiquen?

Frankräich iwwerleet d’Verschreiwe vun Antibiotiquen nëmmen z’erlaben, wa virdrun een diagnostesche Schnelltest gemaach gëtt. Dëst fir mat Sécherheet festzestellen, op et sech ëm eng bakteriell oder viral Infektioun handelt.
Dëst kéint engersäits dem Mangel un Antibiotiquen entgéint wierken, an anerersäits d’Antibiotikaresistenz verréngeren.
D’DP-Deputéiert Gilles Baum a Gusty Graas hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Antibiotiquen an de leschte fënnef Joer zu Lëtzebuerg verschriwwe goufen an ob Doktere méi sensibiliséiert sollte ginn diagnostesch Tester ze verschreiwen.

weiderliesen...