Wat geschitt mam Mobiliar aus desakraliséierte Kierchen ?

Rezent sinn eng ganz Rei Kierchen desakraliséiert ginn. Laut dem Gesetz vum Kierchefong kann de Fong am Besëtz vum mobille Patrimoine aus der Kierch bleiwen. Anscheinend gëtt deen iwwerflëssege Mobiliar, deen d’Gemengen net wëllen, deelweis einfach versteet. An dësem Kader huet eisen Deputéierten André Bauler e puer Froen un déi zoustänneg Ministere gestallt. Virun allem wëll hie wëssen ob et net ubruecht wier d’Gesetz am Sënn ze änneren, datt de mobille Patrimoine zesumme mat der Kierch soll erhale bleiwen.

„Viru Kuerzem sinn ech op e Problem opmierksam gemeet ginn, datt mobille Patrimoine aus deene rezent desakraliséierte Kierchen a Kapellen verschwënnt. Dës Gotteshaiser si meeschtens just iwwer de PAG vun de Gemenge geschützt an de Service des sites et monuments huet deemno keen Afloss op d’Erhale vum mobille Patrimoine.

De Mobiliar kann am Besëtz vum Kierchefong bleiwen. Wann d’Gemeng no der Desakraliséierung gären hätt, datt d’Kierch eidel geraumt gëtt, respektéiert de Fong dee Wonsch. Ewéi et mir zougedroe gouf, kucken déi Verantwortlech vum Fong dann, wat si vum Mobilier nach kënnen anerwäerteg gebrauchen, an de Rescht géif versteet ginn.

An deem Kontext wollt ech der Madamm Inneministesch an der Madamm Kulturministesch folgend Froe stellen:

  1. Kënnen déi zoustänneg Ministere bestätegen, datt de Mobiliar, deen de Kierchefong net méi brauch, versteet gëtt?
  2. Wa jo, wier et net eventuell ubruecht d’Gesetz a besonnesch den Artikel 13 am Sënn ze änneren, datt den historesche Mobiliar zu der Kierch gehéiert an och no der Desakraliséierung muss an der Kierch erhale bleiwen, wann dëse vun historeschem Wäert ass an d’Miwwel u sech zesumme mam Héichaltor an anere Miwwel oder immobille Géigestänn ee kulturhistoresch wäertvollen Ensembel bilden?
  3. Kéint d’Madamm Kulturministesch sech an deem Fall och eng méi enk Zesummenaarbecht mam Service des sites et monuments virstellen?
  4. Wéi geséich an deem Fall d’Responsabilitéit vun de Gemengen aus?

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi huet sech d’Situatioun vun den Dubliner zu Lëtzebuerg iwwer déi lescht Joren entwéckelt?

Säit Enn Oktober kënne männlech „Dubliner“, déi als Eenzelpersoun ënnerwee sinn net méi an den Opfänkstrukturen ugeholl ginn. Dëst well d’Gebailechkeete knapp, an d’Strukturen iwwerfëllt sinn. D‘Prioritéit soll op Kanner, Fraen a vulnerabel Persoune geluecht ginn. Mee wéi hunn sech d’Zuelen iwwer déi lescht Joren entwéckelt a wéi konnt et zu dëser Situatioun kommen? Eis Deputéiert Corinne Cahen a Gusty Graas hu beim zoustännege Ministère nogefrot.

weiderliesen...

Hëllefen diagnostesch Schnelltester géint de Mangel un Antibiotiquen?

Frankräich iwwerleet d’Verschreiwe vun Antibiotiquen nëmmen z’erlaben, wa virdrun een diagnostesche Schnelltest gemaach gëtt. Dëst fir mat Sécherheet festzestellen, op et sech ëm eng bakteriell oder viral Infektioun handelt.
Dëst kéint engersäits dem Mangel un Antibiotiquen entgéint wierken, an anerersäits d’Antibiotikaresistenz verréngeren.
D’DP-Deputéiert Gilles Baum a Gusty Graas hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Antibiotiquen an de leschte fënnef Joer zu Lëtzebuerg verschriwwe goufen an ob Doktere méi sensibiliséiert sollte ginn diagnostesch Tester ze verschreiwen.

weiderliesen...