Wat geschitt mat Déieren bei engem Hausbrand?

Wann e Privathaus oder eng Wunneng brennt, sinn dacks net nëmme Mënschen a Gefor. Vill Leit hunn och Hausdéieren. Net all kennen déi sech ëmmer bemierkbar maachen, wann et zu engem Feier kennt. Ginn d’Pompjeeën iwwer Hausdéieren informéiert? Wat fir Methode ginn et hei a wéi kréien Déieren am Noutfall gehollef? Eisen Deputéierte Claude Lamberty huet sech ëmfrot.

« En Hausbrand ass net just fir Mënschen, mee och fir Hausdéieren extrem geféierlech. Wärend vereenzelt Déiere wéi Hënn oder Kazen nach kënne billen oder sech bemierkbar maachen, ginn et aner Déieren a Klengdéieren, déi net op sech opmierksam maache kënnen.

An Artikele bezüglech der Präventioun an der Hëllef déi een engem Déier an esou engem Fall ka bidden, gëtt ënnert anerem op Noutfall Sticker op Bréifkëschten opmierksam gemaach. D‘Sticker mat de relevanten Informatioune bezüglech wéi vill a wat fir Déieren sech am Haus ophale géifen op d’Bréifkëscht vun enger Wunneng oder engem Haus gepecht ginn. Esou wieren d’Pompjeeë informéiert, a kéinten nieft dem Mënsch, och nom Hausdéier kucken.

An deem Kader woll ech der Madamm Inneministesch folgend Froe stellen:

  • Gëtt beim Brand vun engem Privathaus automatesch och no eventuellen Hausdéiere gekuckt?
  • Existéiert e System zu Lëtzebuerg wéi beispillsweis e Noutfall Sticker, den d’Pompjeeë bei hirer Arrivée op Hausdéieren opmierksam mécht?
  • Falls nee, gesäit d’Inneministesch esou ee System als opportun un fir Hausdéieren ze schützen?
  • Wat fir en Dispositif steet dem CGDIS zur Verfügung fir verletzten Déieren bei engem Brand ze soignéieren? »

Äntwert

Als éischt wëll ech dem Deputéierten den Artikel 1 vum ofgeännerte Gesetz vum 27. Mäerz 2018 iwwert d’Organisatioun vun der ziviller Sécherheet rappeléieren, dee seet : “La sécurité civile a pour mission la protection des personnes, des animaux, des biens et (…)”.

Am Fall vun engem Brand an engem Privathaus ginn et 3 Situatiounen, déi sech stelle kënnen:

  1. D’BewunnerInne vum Haus waren doheem a konnte sech mat Zäit a Sécherheet bréngen. An deem Fall informéieren d’BewunnerInnen d’Pompjeeën, ob eventuell nach Hausdéieren am Gebai sinn, an d’Pompjeeë gi se sichen.
  2. D’BewunnerInne sinn nach am Haus. An deem Fall duerchsichen d’Pompjeeë systematesch all Raum a rette souwuel Mënsch wéi Déier.
  3. D’Pompjeeë wësse net, ob sech nach Leit oder Hausdéieren am Haus befannen. Och dee Moment gëtt eng systematesch Sich vun all de Raim an d’Weeër geleet.

Et ass mir net bekannt, ob et eng Initiativ mat Stickeren, wéi den Deputéierten se beschreift, zu Lëtzebuerg gëtt.

Wa kee Sticker op der Bréifkëscht pecht, kënnen d’Pompjeeën net per se dovun ausgoen, datt keen Hausdéier am Gebai ass, genau sou wéineg, wéi se dovun ausgoe kënnen, datt forcément en Hausdéier am Gebai ass, wann e Sticker op der Bréifkëscht pecht. Aus deem Grond, an och well d’Pompjeeë souwisou bei engem Brand d’Raim vun engem Wunnhaus duerchsichen, gesinn ech keng Plus-value a sou engem System.

Bei Bedarf gräift de CGDIS op säi “Groupe de sauvetage animalier” zréck, an deem och Vétérinairen aktiv sinn, fir blesséiert Déieren ze versuergen.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi vill Persoune leiden un Anorexie ?

Nieft dem Iwwergewiicht ass och d’Anorexie ee Problem an eiser Gesellschaft. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch ënnert anerem nogefrot, wéi vill Anorexie-Patienten zu Lëtzebuerg hu missen hospitaliséiert ginn, wéi laang den Traitement an der Moyenne dauert a wéi sech d’Käschte vun den Traitementer an de leschten 10 Joer entwéckelt hunn.

weiderliesen...

D’Participatioune vum Staat

De liberalen Deputéierten André Bauler huet de Finanzminister gefrot wéi eng Participatiounen de lëtzebuerger Staat huet, wéi sech dës iwwer d’Zäit verännert hunn an wéi eng Stratégie dohannert stécht.

weiderliesen...