Wat geschitt mat der Gedenkplack am fréieren Haaptgebai vun der Akerbauschoul zu Ettelbréck?

Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot, wat mat der Gedenkplack am fréieren Haaptgebai vun der Akerbauschoul zu Ettelbréck geschéie soll, déi un 29 Schüler déi am Zweete Weltkrich ëm d'Liewe komm sinn, erënnert.

„Nodeems d’Akerbauschoul op Gilsdrëf geplënnert ass, sollen déi fréier Gebaier zu Ettelbréck renovéiert ginn. Am Haaptgebai ass zanter engem Dräivéierelsjorhonnert eng Gedenkplack ubruecht, déi un déi 29 gefale Schüler aus dem Zweete Weltkrich erënnert.

An deem Kader wollt ech der Madamm Kulturministesch an dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:

  • Ass et virgesi fir dës Gedenktafel z’erhalen a si am Kader vum Gebai, dat spéider an d’Hänn vum Lycée technique Ettelbréck iwwergoe wäert, als wäertvolle Patrimoine ze klasséieren?
  • Vu datt et wuel séier schwéier wäert gi fir dës Plack ouni Schued aus dem Gemaier erauszetrennen, ass et virgesi fir eng änlech Plack am neie Gebai vun der Akerbauschoul zu Gilsdref opzehänken, fir datt esou d’Erënnerung un déi wärend dem Krich gestuerwe Jongen net verluer geet a weider eng passend Plaz fir Gedenkzeremonië bestoe bleift?“

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi huet sech d’Situatioun vun den Dubliner zu Lëtzebuerg iwwer déi lescht Joren entwéckelt?

Säit Enn Oktober kënne männlech „Dubliner“, déi als Eenzelpersoun ënnerwee sinn net méi an den Opfänkstrukturen ugeholl ginn. Dëst well d’Gebailechkeete knapp, an d’Strukturen iwwerfëllt sinn. D‘Prioritéit soll op Kanner, Fraen a vulnerabel Persoune geluecht ginn. Mee wéi hunn sech d’Zuelen iwwer déi lescht Joren entwéckelt a wéi konnt et zu dëser Situatioun kommen? Eis Deputéiert Corinne Cahen a Gusty Graas hu beim zoustännege Ministère nogefrot.

weiderliesen...

Hëllefen diagnostesch Schnelltester géint de Mangel un Antibiotiquen?

Frankräich iwwerleet d’Verschreiwe vun Antibiotiquen nëmmen z’erlaben, wa virdrun een diagnostesche Schnelltest gemaach gëtt. Dëst fir mat Sécherheet festzestellen, op et sech ëm eng bakteriell oder viral Infektioun handelt.
Dëst kéint engersäits dem Mangel un Antibiotiquen entgéint wierken, an anerersäits d’Antibiotikaresistenz verréngeren.
D’DP-Deputéiert Gilles Baum a Gusty Graas hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Antibiotiquen an de leschte fënnef Joer zu Lëtzebuerg verschriwwe goufen an ob Doktere méi sensibiliséiert sollte ginn diagnostesch Tester ze verschreiwen.

weiderliesen...