Wat kaschten d’Radaren op der N7?

Op der N7 tëscht der Lëpschterdellt an der Closdellt stinn de Moment op kuerzer Distanz zwee Radaren, ee fixen an ee mobillen. Wéi vill Automobiliste goufen ewell do geblëtzt a wat hunn d‘Reparaturen um fixe Radar kascht. Eisen Deputéierten André Bauler huet sech ëmfrot.

„Op der N7 tëscht der Lëpschterdellt an der Closdellt stinn de Moment op kuerzer Distanz zwee Radaren, ee fixen an ee mobillen. Dee mobille Radar war opgeriicht ginn, nodeems dee fixen ëmgerannt gi war. Mëttlerweil steet op där Plaz een neie Radar. An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:

  • Wéi vill Automobiliste goufen an de leschte Woche vun deem mobile Radar geblëtzt? Wat war déi héchste Vitess op där Plaz?
  • Wéini soll de mobille Radar op der Closdellt op eng aner Plaz am Land verréckelt ginn?
  • Wat huet d’Ersetze vun deem futtisse Radar op der N7 kascht?“

Äntwert

Wéi vill Automobiliste goufen an de leschte Woche vun deem mobile Radar geblëtzt? Wat war déi héchste Vitess op där Plaz?

De mobile Radar, dee vum 17. August op de 27. Oktober 2022 op der N7 tëscht der Lëpschterdellt an der Closdellt opgestallt gi war, huet an där Period 7 445 mol geblëtzt. Déi héchste gemoosse Vitesse war op där Platz 183 km/h.

Wéini soll de mobille Radar op der Closdellt op eng aner Plaz am Land verréckelt ginn?

De Radar ass de 27. Oktober 2022 geréckelt ginn.

Wat huet d’Ersetze vun deem futtisse Radar op der N7 kascht?

De Käschtepunkt vum Ersetze vum kapotte Radar op der N7 huet sech op ronn 130 000 Euro belaf.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéini kënnt d’Pollen-App ?

De Gesondheetsministère hat annoncéiert, datt ugangs 2020 eng gratis App sollt ugebuede ginn, déi de Bierger Informatiounen iwwert d’Pollenkonzentratioun an der Loft liwwert.

No iwwer dräi Joer gëtt et déi App nach ëmmer net. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet dowéinst bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wou d’Aarbechten un dëser App dru sinn a wien mat hirer Entwécklung beoptragt ginn ass ?

weiderliesen...

Wäert Europa deemnächst méi séier handele kënnen?

Op Initiativ vun Däitschland hunn sech 10 europäesch Memberstaate an engem ‘Frëndeskrees’ zesummegedoen, fir Entscheedunge mat enger qualifizéierter Majoritéit ze promovéieren. Och Lëtzebuerg ass Deel vun dësem Grupp. Wat ass den Impakt heivun an Europa? Eisen Deputéierte Gusty Graas huet bei Ausseministère nogefrot.

weiderliesen...

Ass de Grupp Wagner eng Terrororganisatioun ?

De 9. Mee huet déi franséisch Assemblée générale an enger Resolutioun dozou opgefuerdert, de Grupp Wagner an d’Lescht vun den Terrororganisatiounen opzehuelen. Wéi steet eisen Ausseministère zu dëser Demande ? Wäert Lëtzebuerg nozéien ? Eisen Deputéierte Gusty Graas huet beim zoustännege Ministère nogefrot.

weiderliesen...