Wéi ass d’Funktioun vun engem ‘clerc de notaire’ reglementéiert?

D’clercs de notaire fungéieren als déi riets Hand vun de Notairen an ënnerstëtzen si wäitreechend an hirer Aarbecht: Akte preparéieren, Dossiere suivéiere, Client treffen – alles dat sinn Aufgaben déi vun engem clerc de notaire iwwerholl kënne ginn. Mee wéi ass dës Funktioun genee reglementéiert? Gëtt et genuch clercs de notaire a wat fir ee Profil ass hei verlaangt ? Eis Deputéiert André Bauler a Guy Arendt hu bei den zoustännege Ministère nogefrot.

« La profession de notaire est strictement réglementée. Actuellement 36 notaires exercent leur fonction au Grand-Duché de Luxembourg, nombre limité et réparti géographiquement sur tous les cantons – à l’exception de celui de Vianden.

Bras droit du notaire, les clercs de notaire assistent ces derniers dans l’accomplissement de leurs missions : préparation et rédaction des actes, suivi des dossiers, réception des clients et compilation des différentes pièces administratives.

Il s’en suit que la fonction de clerc de notaire constitue une partie essentielle dans le travail journalier du notariat, et un support crucial face à une charge de travail élevée.

Dans ce contexte, nous aimerions poser les questions suivantes à Madame la Ministre de la Justice et Monsieur le Ministre de l’Éducation, de l’Enfance et de la Jeunesse :

  • Madame et Monsieur les Ministres peuvent-ils indiquer si la profession du clerc de notaire est réglementée dans le cadre d’un statut propre ?
  • Comment la formation du clerc de notaire est-elle organisée actuellement ?
  • Madame et Monsieur les Ministres disposent-ils d’informations sur la formation continue pour ce profil professionnel ?
  • Madame et Monsieur les Ministres pourraient-ils fournir des informations sur une éventuelle formation spécifique pour clercs de notaire dans le cadre de notre enseignement supérieur ? »

Äntwert

De Beruff vum Notaire ass keen reglementéierte Beruff am Sënn vum geännerte Gesetz iwwer d’Unerkennung vu professionnelle Qualifikatiounen. Dofir sinn Notaire fräi fir dës Funktioun Bewerber mat verschiddenen Qualifikatiounen ze rekrutéieren. Eisen Informatioune no, hunn déi meescht ‚clercs de notaires‘ en Diplom am ‘Droit‘, eenzeler hunn den Diplom zum Candidat-notaire. De Ministère fir Héichschoul a Fuerschung huet och rezent de Programm akkreditéiert mat dem ee kann de ‚brevet de technicien supérieur‘ (BTS) als juristeschen Assistent maachen.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéini kënnt d’Pollen-App ?

De Gesondheetsministère hat annoncéiert, datt ugangs 2020 eng gratis App sollt ugebuede ginn, déi de Bierger Informatiounen iwwert d’Pollenkonzentratioun an der Loft liwwert.

No iwwer dräi Joer gëtt et déi App nach ëmmer net. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet dowéinst bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wou d’Aarbechten un dëser App dru sinn a wien mat hirer Entwécklung beoptragt ginn ass ?

weiderliesen...

Wäert Europa deemnächst méi séier handele kënnen?

Op Initiativ vun Däitschland hunn sech 10 europäesch Memberstaate an engem ‘Frëndeskrees’ zesummegedoen, fir Entscheedunge mat enger qualifizéierter Majoritéit ze promovéieren. Och Lëtzebuerg ass Deel vun dësem Grupp. Wat ass den Impakt heivun an Europa? Eisen Deputéierte Gusty Graas huet bei Ausseministère nogefrot.

weiderliesen...

Ass de Grupp Wagner eng Terrororganisatioun ?

De 9. Mee huet déi franséisch Assemblée générale an enger Resolutioun dozou opgefuerdert, de Grupp Wagner an d’Lescht vun den Terrororganisatiounen opzehuelen. Wéi steet eisen Ausseministère zu dëser Demande ? Wäert Lëtzebuerg nozéien ? Eisen Deputéierte Gusty Graas huet beim zoustännege Ministère nogefrot.

weiderliesen...