Wéi ass geplangt d’Verkéierssécherheet op der N7 zu Maarnech ze verbesseren?

Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot wat geplangt ass fir d'Verkéierssécherheet op der N7 zu Maarnech ze verbesseren.

„Zanter Joren ass d’N7 duerch Maarnich a Fëschbich bei Clierf net nëmmen eng vill befuere Streck. Et stellen sech och eng Rei Sécherheetsprobleemer, besonnesch an der Héicht vum HotelRestaurant, deen no bei der Aktivitéitszon läit. Effektiv gëtt op dëser Plaz ëmmer méi geféierlech gerannt. Dat bréngt d’Visiteure vum Restaurant, déi deelweis laanscht d’Strooss parken, a Gefor. Et sinn apaart schwéier Gefierer, wéi z.B. d’Camionen, déi ganz no laanscht de Parksträife fueren, déi Akzidenter kënne provozéieren.

An deem Zesummenhang wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an Infrastrukture folgend Froe stellen:

  • Ass et net méiglech fir dësen Deel vun der N7 duerch Maarnich a Fëschbich ze securiséieren – am Besonnesche beim HotelRestaurant? (tëscht dem Rond-Point bei der Transversale an dem Lieu-dit “dräi Hiwwelen”)
  • Wa jo, wéi kéint dëse Streckenofschnëtt punktuell nei amenagéiert ginn?
  • Gëtt et Statistiken, déi d’Intensitéit vum Trafic op dëser Plaz detailléiert quantifizéieren?“

Äntwert vum Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten op d’parlamentaresch Fro n° 7308 vum 6. Dezember 2022 vum Här Deputéierten André Bauler.

Ass et net méiglech fir dësen Deel vun der N7 duerch Maarnich a Fëschbich ze securiséieren – am Besonnesche beim Hotel-Restaurant? (tëscht dem Rond-Point bei der Transversale an dem Lieu-dit “dräi Hiwwelen”)

Wéi och schonn an der parlamentarescher Fro n°6233 vum Här Deputéierte Jeff Engelen duergeluecht, stoungen op der Héicht vu Maarnech a Fëschbech, wärend dem Ausbau vun der Nationalstrooss N7 an de 70er respektiv 80er Joren, nëmmen e puer vereenzelt Haiser laanscht d’Strooss. D’Unzuel vun den Haiser ass awer am Verlaf vun de Joren duerch déi zousätzlech Bebauung vun deenen un d’N7 ugrenzende Parzelle geklommen. Esou ass d’N7 deemools och ni als “Duerfstrooss” ugeduecht gewiescht.

Als Reaktioun op déi zousätzlech Bebauung laanscht d’N7 ass déi maximal erlaabte Vitesse op där Plaz op 70 Stonnekilometer erofgesat ginn, a fir den Automobilist zousätzlech op dës Vitess opmierksam ze maache respektiv ze sensibiliséieren, sinn niewent der Beschëlderung, zwou Geschwindegkeetstafelen opgeriicht ginn.

Wa jo, wéi kéint dëse Streckenofschnëtt punktuell nei amenagéiert ginn?

Allgemeng ass ze betounen, datt d’Stroossebauverwaltung uechter d’Land probéiert geféierlech Zonen ze detektéieren a se dann, jee no Prioritéit a Ressourcen, progressiv ze eliminéieren. Den Ament gëtt an der Géigend vu Maarnech un e puer relativ groussen a komplexe Projete geschafft, an zwar der Securisatioun vun der N7, dem Contournement vun Hengescht an dem Contournement vun Housen.

De Projet vun der Securisatioun vun der N7 konzentréiert sech op déi Tronçonen déi ausserhalb vun den Uertschafte respektiv de Flouernimm leien. Hei gëtt zum Beispill déi maximal erlaabte Vitess op 90 Stonnekilometer uniformiséiert, Mëttelleitplanken amenagéiert, an esou weider.

D’Uertschaften dogéint gi punktuell duerch baulech Mesuren an hiren Aganksberäicher securiséiert. Esou ass am nërdlechen Agang vu Fëschbech e Rond-point geplangt, deen d’Uertschaft kloer markéiert an dem Automobilist signaliséiert, datt hien sech an enger Agglomeratioun befënnt.

Zousätzlech Moossnamen an den Uertschaften, wei zum Beispill d’Amenagéiere vu Mëttel-Insele bei Zebrasträifen, d’Beliichtung vun Zebrasträifen, d’Opriichte vun digitale Geschwindegkeetstafelen an esou weider, kënnen och vun der Gemeng op Basis vun enger “Permission de voirie” realiséiert ginn.

Et ass awer ze bemierken, datt nieft all den Efforten, déi um Niveau vun der Infrastruktur ënnerholl ginn, d’Automobiliste gebiede sinn hir Fuerweis unzepassen, fir geféierlech Situatiounen ze antizipéieren an esou eventuell Accidenter ze vermeiden.

Et bléift nach ze soen, datt eventuell Sanktioune bei Verstéiss géint de Code de la Route een Deel vun de Missioune vun der groussherzoglecher Police duerstellt.

Gëtt et Statistiken, déi d’Intensitéit vum Trafic op dëser Plaz detailléiert quantifizéieren?

Unhand vu permanente Compteuren, déi am ganze Grand-Duché op Vëlosweeër, Autobunnen a Staatsstroossen installéiert sinn, kann permanent d’Intensitéit vum Trafic op bestëmmte Plaze kontrolléiert ginn.

Déi Donnéeë sinn ëffentlech a kënne vu jiddwerengem zu all Moment réckwierkend op di fënnef lescht Joer um “Portail des Travaux publics” opgeruff ginn (travaux.public.lu > Infos trafic > Comptage du trafic).

Op deem Site gesäit een dann, datt tëscht Fëschbech an dem Flouernumm “Kocherei” effektiv ee permanenten an automatesche Compteur steet, an zwar de Compteur n°946.

Tëschent de Joren 2018 an 2022 gesäit den duerchschnëttlechen deegleche Verkéier an deenen zwou Richtungen op dëser Plaz folgendermoossen aus:

 20182019202020212022
Notzgefierer91281693911131141
Autoen75747114700478907999

(Dës Zuele representéiere wéi uewe bemierkt de järlechen Duerchschnëttstrafic op dëser Plaz wärend engem Zäitraum vu 24 Stonnen a béid Richtungen.)

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Hëllefen diagnostesch Schnelltester géint de Mangel un Antibiotiquen?

Frankräich iwwerleet d’Verschreiwe vun Antibiotiquen nëmmen z’erlaben, wa virdrun een diagnostesche Schnelltest gemaach gëtt. Dëst fir mat Sécherheet festzestellen, op et sech ëm eng bakteriell oder viral Infektioun handelt.
Dëst kéint engersäits dem Mangel un Antibiotiquen entgéint wierken, an anerersäits d’Antibiotikaresistenz verréngeren.
D’DP-Deputéiert Gilles Baum a Gusty Graas hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Antibiotiquen an de leschte fënnef Joer zu Lëtzebuerg verschriwwe goufen an ob Doktere méi sensibiliséiert sollte ginn diagnostesch Tester ze verschreiwen.

weiderliesen...

Wéi vill Patienten krute kee Rendezvous méi an engem Stater Spidol?

Rezent huet ee Spidol an der Stad Bréiwer u Patiente verschéckt hir hinne matzedeelen, datt verschidde medezinesch Zerwisser keng nei Rendezvousen méi unhuele kënnen – ausser et handelt sech ëm eng Urgence oder een héich komplexe Fall.
Den DP-Deputéierten Gusty Graas huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi et zu dësen Incapacitéiten konnt kommen, ob nach aner Spideeler betraff sinn a wat géint dës Situatioun ënnerholl gëtt.

weiderliesen...

Kënnt et zur Kommerzialiséierung vun therapeutesche Wunnstrukturen?

Therapeutesch Wunnstrukturen ginn aktuell vun der konventionéierter Psychiatrie am Extrahospitalier fir Persounen ugebueden, déi ënnert psychesche Problemer leiden.
Elo zirkuléieren Gerüchter, datt de Gesondheetsministère plangt enger kommerzieller Societéit een Agrément ze ginn fir esou therapeutesch Wunnstrukturen ze geréieren.
D’DP-Deputéiert Gusty Graas a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, ob dës Gerüchter der Wourecht entspriechen a, wa jo, firwat dëse Wee ageschloe gëtt, amplaz bestoend Acteuren aus der konventionéierter Psychiatrie am Extrahospitalier z’ënnerstëtzen.

weiderliesen...

Kënnt et och zu Lëtzebuerg zum Mëssbrauch vu “Protonenpumpenhemmer”?

De laangjärege Konsum vu sougenannte “Protonenpumpenhemmer” (IPP), déi géint Moproblemer agesat ginn, erhéijen enger rezenter wëssenschaftlecher Etüd no de Risiko un Demenz z’erkranken. Den DP-Deputéierten Gusty Graas huet bei den zoustännege Ministeren nogefrot, ob hinnen dës Etüd bekannt ass, wéi eng Conclusiounen si aus hir zéien, an ob Zuelen iwwert den Asaz vun IPP zu Lëtzebuerg bekannt sinn.

weiderliesen...