Wéi een Impakt huet déi 4. Infektiounswell op d’Spideeler?

D'Infektiounszuele klamme nees an et ginn och nees méi Leit mat Covid-19 hospitaliséiert. D'DP-Deputéiert Gilles Baum an André Bauler wollte vun der Gesondheetsministesch wëssen, ob scho medezinesch Behandlungen hu missen verréckelt oder ofgesot ginn a wéi eng Spideeler am meeschte betraff sinn.

« À en croire les dernières nouvelles, la quatrième vague d’infection par le virus du Covid19 est en plein développement. Il en résulte que le nombre d’hospitalisations va croissant quoique ce nombre reste bien en dessous de celui enregistré l’an dernier à la même époque – en raison des vaccinations réalisées durant 2021.

Voilà pourquoi nous aimerions poser les questions suivantes à Madame la Ministre de la Santé :

  • Pour réagir au mieux à cette évolution inquiétante, les hôpitaux du pays ont-ils déjà décidé de reporter des interventions chirurgicales voire d’autres opérations médicales nécessitant une hospitalisation plus ou moins longue?
  • Quelles sont généralement ces interventions qui sont ou qui risquent d’être reportées?
  • Est-il possible d’indiquer d’ores et déjà quels sont les hôpitaux les plus concernés par cette réalité ? Quelles sont les prévisions en la matière ? »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Concasséiere vu Material an der Gréngzone

D’DP-Deputéiert Luc Emering an André Bauler hunn dem Ëmweltminister eng Rei Froen zum Concasséiere vu Material an der Gréngzone gestallt. Si wollten ënnert anerem wëssen, ob eng Naturschutzautorisatioun dofir néideg ass, a firwat net an all Autorisatioun fir Bauten an der Gréngzone vermierkt gëtt, datt mat recycléiertem Material soll geschafft ginn.

weiderliesen...

Gëtt een zweete PET-CT ugeschaaft?

Déi fréier Gesondheetsministesch hat matgedeelt, datt eventuell een zweete PET-CT ugeschaaft kéint ginn, fir d’Waardezäit fir d’Patienten ze verkierzen. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der aktueller Gesondheetsministesch nogefrot, wou d’Uschafung vun dësem zweete PET-CT drun ass, ob dësen Apparat eventuell an d’Spidol zu Ettelbréck kéint kommen a wéi sech d’Zuel vun de Behandlungen an de leschten 10 Joer an deem Beräich entwéckelt hunn.

weiderliesen...