Wéi geet et mam Contournement Ettelbréck-Feelen virun?

Well et anscheinend net richteg viru geet mat de Planungen um Contournement Ettelbréck-Feelen, ënnert anerem och well nëmmen e klenge Budget fir Studie virgesi wier, huet den DP-Deputéierten André Bauler beim zoustännege Minister nogefrot, wat de Stand der Dinge an deem Dossier ass.

« Rezent huet de Buergermeeschter vun Ettelbréck op der Telé bedauert, datt de Ministère vun den ëffentlechen Aarbechten net virukéim mat de Planungen fir e méigleche Contournement vun Ettelbréck-Feelen. Et wiere just 50.000 Euro fir Studie virgesinn.

An deem Zesummenhank wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte folgend Froe stellen :

  • Kann den Här Minister soen, wou d’Planunge vun dësem Contournement de Moment dru sinn ? Wéini wäert e Gesetzesprojet an der Chamber kënnen deposéiert ginn ? Gouf et zënter 2019 Entrevuen am Ministère mat de Schäfferéit vun Ettelbréck a Feelen fir d’Thema ze verdéiwen?
  • Wéi eng zousätzlech Analysen oder Studie missten, ënner Ëmstänn, nach gemaach ginn, fir de Gesetzesprojet kënnen ze finaliséieren?
  • Ass sech weider Gedanke gemeet ginn wéi den definitiven Tracé kéint ausgesinn? Wat wieren eventuell Contrainten, déi d’Baue vun engem Contournement kéinte behënneren?
  • War schonn eng Versammlung mat de Proprietäre fir hinne verschidden Detailer z’erklären, virun allem wat den Agrëff an hiren Terrain ubelaangt?
  • Goufe schonn déi obligatoresch archeologesch Fouillen duerchgefouert? »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéini gi Gesondheetsbilanë beim Hausdokter agefouert ?

De Koalitiounsaccord vun der Regierung gesäit d’Aféierung vu reegelméissege Gesondheetsbilanen ab 30 Joer vir. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot wéi wäit d’Ëmsetzung vun dëser Initiative ass, ob spezifesch Formatioune fir d’Dokteren en place gesat wäerte ginn, an ob an deem Kader den DSP genotzt wäert ginn.

weiderliesen...

MILA Nofolleger

An der Sëtzung vun der Schoulkommissioun vum 17. Juni 2025 gouf ugekënnegt, datt d’Alphabetiséierungsprogramm MILA ausgeet an duerch e neie Schoulprogramm ersat gëtt. Nëmmen nach ronn 20 % vun de Kanner schaffen domat, an ëmmer méi Enseignanten setzen op aner Léiermëttel. Eis Deputéiert Gilles Baum a Barbara Agostino froen de Bildungsminister no den Haaptneierungen am neie Programm, senger Aféierung an de geplangte Formatiounscoursen fir d’Enseignanten.

weiderliesen...

D’Kooperatioun tëscht dem LNS an de private Laboratoiren an d’Automatisatioun am LNS

D’Analyse vu Biopsien spillt eng entscheedend Roll beim Erkennen vu schwéiere Krankheeten wéi dem Kriibs. Trotz Verbesserunge bleiwen d’Waardezäiten am LNS héich, besonnesch an der Onkologie, Gynäkologie an Dermatologie – eng psychologesch Belaaschtung fir Patienten. Eid Deputéiert Mandy Minella an Dr. Gérard Schockmel froen d’Gesondheetsministesch, wéi eng Schrëtt fir méi Automatisatioun, Digitaliséierung a méiglech Zesummenaarbechte mat privaten Laboratoiren virgesi sinn.

weiderliesen...

Administrativ Belaaschtung am Grondschoulunterrecht

Trotz der Vereinfachung vun der administrativer Aarbescht an de Grondschoulen duerch de Bildungsministère, gëtt vu Gewerkschafte betount, datt d’Bürokratie fir d’Enseignanten éischter zougeholl hätt. Wéi gesäit d’Realitéit aus, a wéi kann d’kënschtlech Intelligenz hei eng Roll spillen? Eng parlamentaresch Fro vun eisen Deputéierten Gilles Baum a Barbara Agostino sicht no Äntwerten.

weiderliesen...