« Rezent huet de Buergermeeschter vun Ettelbréck op der Telé bedauert, datt de Ministère vun den ëffentlechen Aarbechten net virukéim mat de Planungen fir e méigleche Contournement vun Ettelbréck-Feelen. Et wiere just 50.000 Euro fir Studie virgesinn.
An deem Zesummenhank wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte folgend Froe stellen :
- Kann den Här Minister soen, wou d’Planunge vun dësem Contournement de Moment dru sinn ? Wéini wäert e Gesetzesprojet an der Chamber kënnen deposéiert ginn ? Gouf et zënter 2019 Entrevuen am Ministère mat de Schäfferéit vun Ettelbréck a Feelen fir d’Thema ze verdéiwen?
 - Wéi eng zousätzlech Analysen oder Studie missten, ënner Ëmstänn, nach gemaach ginn, fir de Gesetzesprojet kënnen ze finaliséieren?
 - Ass sech weider Gedanke gemeet ginn wéi den definitiven Tracé kéint ausgesinn? Wat wieren eventuell Contrainten, déi d’Baue vun engem Contournement kéinte behënneren?
 - War schonn eng Versammlung mat de Proprietäre fir hinne verschidden Detailer z’erklären, virun allem wat den Agrëff an hiren Terrain ubelaangt?
 - Goufe schonn déi obligatoresch archeologesch Fouillen duerchgefouert? »
 
								
								
															


