Wéi geet et mat verschiddene Chantieren am Mëllerdall virun?

Zënter Méint ginn et am Mëllerdall zwee Chantieren, déi net schénge virunzegoen. D'DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hunn nogefrot, wou dës Chantieren dru sinn a wéini se solle fäerdeg ginn.

Zanter Méint ginn et am Mëllerdall zwee Chantieren, déi net schénge virunzegoen: um CR356 tëscht Waldbëlleg an der Heringermillen, an um CR121 tëscht dem Schéissendëmpel an der Heringermillen.

Déi zwou Plaze sinn alle béid mat roude Luuchte gereegelt. Dës zwou rout Luuchten sinn net nëmmen eng Belaaschtung fir d’Awunner vun der Regioun, mä och fir den Tourismus well ronderëm eng vun de wichtegsten Attraktiounen vu Lëtzebuerg elo scho säit längerem Chantiere sinn, déi net schénge virunzekommen.

Desweidere soll d’Kräizung tëscht dem CR121 an dem CR118 (Präiteler Bréck) deemnächst ëmgebaut ginn.

An deem Kader wollte mir dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:

  • Wat sinn d’Ursaache fir d’Dauer vun de Chantieren um CR356 an um CR121? Wéini sollen hei déi konkret Aarbechte ufänken a wéi laang soll d’Dauer dovunner sinn?
  • Wou ass de Projet „Präiteler Bréck“ drun? Ass d’Soumissioun amgaangen oder schonn ofgeschloss? Wéini sollen hei d’Aarbechten ufänken a wéi laang sollen se daueren?

Äntwert

Wat sinn d’Ursaache fir d’Dauer vun de Chantieren um CR356 an um CR121? Wéini sollen hei déi konkret Aarbechte ufänken a wéi laang soll d’Dauer dovunner sinn?

D’Ausschreiwung fir d’Aarbechten um CR356 tëscht Waldbëlleg an der Heringermillen ass ganz rezent opgemaach ginn. D’Aarbechte benéidegen eng 220 Aarbechtsdeeg a wäerte viraussiichtlech am Januar d’nächst Joer ufänke kënnen. D’Streck wäert dee Moment och musse fir de Verkéier gespaart ginn.

Betreffend den Aarbechten um CR121 tëscht dem Schéissendëmpel an der Heringermillen lafen d’Etüden. An dem Kader sinn och geotechnesch Buerungen an déi dorausser folgend Erkenntnesser néideg fir de Projet weider kennen auszeschaffen. Éier awer déi Buerungen am Grondwaasser kenne gemaach ginn, huet missen déi néideg Autorisatioun virleien.

Déi entspriechend Demande gouf am November 2021 vu menge Servicer bei der zoustänneger Administratioun deposéiert. Am Juni 2022 gouf dunn déi benéidegt Autorisatioun ausgestallt.

Déi Etüd kann also elo ufänken a fir Enn 2022 leit viraussiichtlech en definitive Projet fir. Esoubal de Ausschreiwungsdossier ausgeschafft ass, kënnen d‘Aarbechten dann och ëffentlech ausgeschriwwe ginn.

Dëst natierlech ënnert der Konditioun, datt zu dem Moment all déi néideg Autorisatioune fir dës Aarbechte virleien.

Et ass virgesinn, datt d’Aarbechten ufanks 2024 lancéiert kenne ginn an dann tëscht 6 an 9 Méint dauere wäerten.

Generell ass ze betounen, datt d’Aarbechten an enger Natura 2000 – Zone stattfannen, wat bedeit, datt all d’Aarbechte strenge Critèrë betreffend den Agrëffer an d’Natur ënnerleien. Doriwwer eraus ass och ze ënnersträichen, datt wann op enger Plaz wéi dëser, d’Strooss rutscht, eng komplex Rei un geotechneschen Etüden noutwenneg si fir hei d’Strooss nohalteg ze flécken an datt se net bei weideren Onwiederen op der nämmlechter Plaz direkt rëm Schied opweist.

Wou ass de Projet „Präiteler Bréck” drun? Ass d’Soumissioun amgaangen oder schonn ofgeschloss? Wéini sollen hei d’Aarbechten ufänken a wéi laang sollen se daueren?

D’Ausschreiwung fir de Projet vun der „Präiteler Bréck“ an de Reamenagement vun der Kräizung tëscht dem CR118 an dem CR121 ass deslescht ofgeschloss ginn an d’Aarbechte wäerten elo am Hierscht 2022 ufänke kënnen. D’Aarbechten daueren hei viraussiichtlech eng 400 Aarbechtsdeeg.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Gëtt een zweete PET-CT ugeschaaft?

Déi fréier Gesondheetsministesch hat matgedeelt, datt eventuell een zweete PET-CT ugeschaaft kéint ginn, fir d’Waardezäit fir d’Patienten ze verkierzen. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der aktueller Gesondheetsministesch nogefrot, wou d’Uschafung vun dësem zweete PET-CT drun ass, ob dësen Apparat eventuell an d’Spidol zu Ettelbréck kéint kommen a wéi sech d’Zuel vun de Behandlungen an de leschten 10 Joer an deem Beräich entwéckelt hunn.

weiderliesen...

Wier eng Sensibiliséierungscampagne géint Allergië sënnvoll ?

Ëmmer méi Leit entwéckelen Allergien, op Liewensmëttel, Pollen oder Milben. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wéi sech d’Zuel un Allergiker an de leschten zéng Joer entwéckelt huet, ob eng Sensibiliséierungscampagne lancéiert sollt ginn, a wéini déi annoncéiert Pollen-App fir déi betraffe Leit disponibel wäert sinn.

weiderliesen...