Wéi gesäit d’Zukunft vun der Weeltzer Klinik aus?

Den DP-Deputéierten André Bauler a Gilles Baum ass zu Ouere komm, datt an Zukunft zu Wooltz an der Klinik kaum nach chirurgesch Agrëff wäerte getätegt ginn. Déi zwee Deputéiert hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, ob Dokteren aus der Weeltzer Klinik, déi a Pensioun ginn, net méi ersat wäerte ginn, wéi d'Zuel vun de systemateschen Analysen sech entwéckelt huet, a wat ënnerholl wäert gi fir d'Ettelbrécker Klinik ze entlaaschten.

Fro

„Och wa mam Projet Schlasskéier zu Wooltz déi ambulant Behandlunge solle verstäerkt ginn, héiert een ëmmer méi dacks, datt d’Offer um  Standuert vun der Klinik lues a lues geschwächt gëtt. Sou sollen an Zukunft kaum nach chirurgesch Agrëff do getätegt ginn. Och den Noutdéngscht funktionéiert scho länger Zäit net méi wärend den Nuetsstonnen, sou datt d’Leit aus der Nordregioun mussen op Ettelbréck fueren oder gefouert ginn.

An deem Kader wollte mir der Madamm Ministesch fir Gesondheet a Sozialversécherung follgend Froe stellen:

  • Stëmmt et, datt eng Rei Dokteren an der Weeltzer Klinik, déi an d’Pensioun ginn, net méi ersat ginn? Huet d’Zuel vun de Spezialisten um Site Wooltz ofgeholl? Wa jo, soll se nach weider reduzéiert ginn?
  • Wéi huet sech d’Zuel vun de systemateschen Analysen – Ultraschall, EKG a Röntgen – an der Poliklinik zu Wooltz an zu Ettelbréck entwéckelt? Gëtt reegelméisseg gepréift, ob all déi Analysen noutwendeg sinn?
  • Wéi gesäit d’Zukunft vun der Weeltzer Klinik aus? Wat gëtt ënnerholl fir de Standuert Wooltz vum Centre hospitalier du Nord (ChdN) nees méi attraktiv ze maachen an domat de Standuert Ettelbréck z’entlaaschten an de Leit wäit Deplacementer z’erspueren?
  • Wat gedenkt d’Madamm Ministesch ze ënnerhuele fir d’Poliklinik zu Ettelbréck ze entlaaschten? Kéint dat net duerch eng Permanence vun den Hausdoktere gemaach gi fir ze vermeiden, datt déi krank Leit weider an d’Poliklinik oder an d’Maison médicale fuere mussen, fir dann do ënner Ëmstänn stonnelaang ze waarden?
  • Kéint d’Madamm Ministesch sech fir d’Aféierung vun enger „Tournante“ vun de lokalen Hausdokteren (z.B. Clierf a Wooltz; Ëlwen an Housen; Réiden a Groussbus an Heischent) an den Owesstonnen asetzen, dëst fir d’Maison médicale z’entlaaschten an de Leit aus dem Éislek entgéint ze kommen?

Äntwert

  • Stëmmt et, datt eng Rei Dokteren an der Weeltzer Klinik, déi an d’Pensioun ginn, net méi ersat ginn? Huet d’Zuel vun de Spezialisten um Site Wooltz ofgeholl? Wa jo, soll se nach weider reduzéiert ginn?

Effektiv ass um Site Woltz een Dokter an d’Pensioun gaangen. Am Kader vun der Policlinique non programmée um Site Woltz bleiwen souwuel Urgentisten an Interniste vun 8 bis 18h verfügbar. Doniewent si Spezialiste reegelméisseg a bei Bedarf disponibel fir souwuel ambulatoresch wéi stationär Patiente bei Bedarf ze suivéieren. An der Nuecht sinn souwuel een Internist an ee Geriater an der Astreinte zeréckruffbar.

  • Wéi huet sech d’Zuel vun de systemateschen Analysen – Ultraschall, EKG a Röntgen – an der Poliklinik zu Wooltz an zu Ettelbréck entwéckelt? Gëtt reegelméisseg gepréift, ob all déi Analysen noutwendeg sinn?

Fir radiologesch Ënnersichungen, déi ioniséierend Stralung benotzen, hunn d’Radiologen eng gesetzlech Verpflichtung, all Indikatiounen ze begrënnen.

ECG an Ultraschall Ennersichunge gehéieren zu der Standard Ennersichung vum Dokter. Radiologesch Ennersichunge gi vum Radiolog op Basis vun den Indikatioune vun der Ordonnance  validéiert. Follgend Aktivitéits Donnéeë goufen eis vum CHdN matgedeelt:

Actes radiologiques demandés depuis la policlinique202420232022
Ettelbruck256273173130879
Wiltz530267756119
  • Wéi gesäit d’Zukunft vun der Weeltzer Klinik aus? Wat gëtt ënnerholl fir de Standuert Wooltz vum Centre hospitalier du Nord (ChdN) nees méi attraktiv ze maachen an domat de Standuert Ettelbréck z’entlaaschten an de Leit wäit Deplacementer z’erspueren?

Déi net programméiert Aktivitéit an der Poliklinik zu Woltz bleift bestoen an d’Aktivitéit vun der ambulanter Chirurgie gëtt weider ausgebaut an der Urologie an der Chirurgie vasculaire souwuel an den aktuelle Gebailechkeete vun der Weeltzer Klinik wéi och duerno iwwerdroen an den zukünftege Projet „Schlasskéier“. De service d’Imagerie médicale huet en IRM bäikritt, an den Osteodensitométrie-Apparat kënnt och op Woltz. Weider besti Projete fir eng gerontopsychiatresch Statioun an och eng Dagesklinik an der Jugendpsychiatrie.

Deemno besteet d’Aktivitéit zu Woltz an enger internistesch-chirurgescher ambulanter Versuergung, mat Dageschirurgie. Doniewend wäert eng Spezialiséierung an der Altersgesondheet (geriatresch Reedukatioun a gerontopsychiatrie) zu Woltz virgehale ginn an eng jugendpsychiatresch dagesklinesch Offer wäert dobäikommen.

  • Wat gedenkt d’Madamm Ministesch ze ënnerhuele fir d’Poliklinik zu Ettelbréck ze entlaaschten? Kéint dat net duerch eng Permanence vun den Hausdoktere gemaach gi fir ze vermeiden, datt déi krank Leit weider an d’Poliklinik oder an d’Maison médicale fuere mussen, fir dann do ënner Ëmstänn stonnelaang ze waarden?

Ewéi am “Accord de coalition” festgehalen, stellen d’Dokteschpraxen d‘Basis vun enger medizinescher Versuergung duer. D’Regierung ënnerstëtzt Moossnamen, fir d’Nidderloossung vu Generalisten a Spezialisten an Dokteschpraxen méi attraktiv ze maachen. Dës Reflexioun ëmfaasst och d’Froen iwwer d’Erweiderung vu Permanencen, déi vun de Generaliste geleescht ginn.

  • Kéint d’Madamm Ministesch sech fir d’Aféierung vun enger „Tournante“ vun de lokalen Hausdokteren (z.B. Clierf a Wooltz; Ëlwen an Housen; Réiden a Groussbus an Heischent) an den Owesstonnen asetzen, dëst fir d’Maison médicale z’entlaaschten an de Leit aus dem Éislek entgéint ze kommen?“

Diskussiounen mat den Akteure sinn amgaangen fir d’Qualitéit an d’Zougänglechkeet vun de medizinesche Servicer am Land ze verbesseren. Dëst betrëfft wéi an der Fro virdrun beschriwwen d’Erweiderung vun den Öffnungszäiten a vun de gemeinsamen Dokteschpraxen (cabinets médicaux). Et muss ee bedenken dass eng Erweiderung vun den Öffnungszäiten ee Méibedarf un Doktore mat sech brengt. Souwuel de Konzept vu Maison médicale an och vu gemeinsame Praxen erlaabt eng Zesummenaarbecht vun den Doktoren fir eng ausgeglache Léisung ze fannen déi souwuel d’Patiente wéi och d’Doktere berécksiichtegen.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi laang ass d’Waardezäit an der « Travel Clinic » ?

Bei Reesen a méi tropesch Regioune kann een sech an der “Travel Clinic” vum CHL beroden a géint verschidde Krankheeten impfe loossen. D’Waardezäiten an dëser Klinick sollen den Ament awer nawell laang sinn.
D’DP-Deputéiert Dr Gérard Schockmel a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Patienten an de leschten 10 Joer an der “Travel Clinic” empfaange goufen, wéi d’Waardezäiten sech an dëser Period entwéckelt hunn an ob et net sënnvoll wier online ee Rendez-vous huelen ze kënnen, esouwéi dat fir vill aner Servicer vum CHL méiglech ass.

weiderliesen...

Wéi kann een de Beruff vum Aide-soignant revaloriséieren ?

De Manktem u Fleegepersonal gehéiert zu de gréissten Erausfuerderunge vun dëser Regierung. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum wollten an deem Kontext vun der Gesondheetsministesch ënnert anerem wëssen, wéi vill Aides-soignanten aktuell am Land schaffen, wéi vill de Beruff an de leschte Jore gewiesselt hunn a wéi eng Mesüren d’Regierung ze huele gedenkt fir de Beruff nees méi attraktiv ze maachen.

weiderliesen...

Medezinesch Transferten an d’Ausland

Zënter dem 1. Juni 2025 mussen d’Dokteren en neie Formulaire ausfëllen, wann si ee Patient fir Soinen an d’Ausland schécke wëllen. Den Dokter muss elo obligatoresch uginn, ob d’Prestatiounen zu Lëtzebuerg an engem “akzeptabelen Delai” ugebuede kënne ginn, oder net. Kräizt den Dokter un, datt d’Prestatiounen eigentlech och zu Lëtzebuerg ugebuede kéinte ginn, da gëtt d’Demande fir den Transfert automatesch refuséiert.
Den DP-Deputéierten Dr Gérard Schockmel huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, ob déi reng Reduzéierung op den “akzeptabelen Delai”, ouni d’Qualitéit vun de Soinen ze berécksiichtegen, net zu onberechtegte Refuse féiere kéint, an den neie Formulaire Dokteren net dozou zwénge kéint falsch Deklaratiounen ze maache fir hirem Patient déi beschtméiglechst Soinen ze garantéieren.

weiderliesen...

Wéi vill Doktere schaffen am Norde vum Land ?

Am Norde vum Land mussen d’Bierger oft wäit Deplacementer a Kaf huele fir an eng Klinick oder eng Maison médicale ze kommen.
D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hunn d’Gesondheetsministesch ënnert anerem gefrot, wéi vill Generalisten a Spezialisten am Norde vum Land schaffen, wéi d’Altersstruktur bei den Dokteren ass a wéini eng zweet Maison médicale am Norden opgemaacht kéint ginn.

weiderliesen...