Wéi ginn d’Wopen vu Fusiounsgemengen gehandhaabt?

Verschidde Fusiounsgemengen hunn sech mat der Fusioun och e neie Wopen ginn. Aner Gemengen setzen op e Gemenge Logo fir hir Identitéit no baussen visuell auszedrécken. An dësen Demarchen ginn d’Gemenge vun der Commission héraldique vum Staatsministère ënnerstëtzt. Den Deputéierten André Bauler huet beim Staatsministère nogefrot, wéi eng Gemengen iwwer déi lescht Joren hire Wopen oder Logo geännert hunn a wéi dës Prozedur funktionéiert.

„Verschidde Gemengen, déi zanter 1970 fusionéiert hunn, hunn sech am Laf vun der Zäit – am Respekt vum modifizéierte Gesetz vum 23. Juni 1972 betreffend déi national Emblemer – en neit Wope ginn. D’Commission héraldique vum Staatsministère – déi aus unerkannten Experten op dësem Gebitt zesummegestallt ass – beréit d’Gemenge bei der Kompositioun vun engem aktualiséierte Wopen. E Wopen ass net nëmmen eng Traditioun, déi esou al ass wéi eist Land a seng Gemengen selwer, ma en ass och ganz wesentlech fir enger Fusiounsgemeng hir kulturell Identitéit ze schäerfen.


Vill Gemenge ginn sech dann och mëttlerweil e Logo, fir hir visuell Identitéit no baussen ze kommunizéieren. E frëschen, professionellen Optrëtt ass hautdesdaags fir d’Gemenge vun grousser Bedeitung, ma et gëtt etlech fusionéiert Gemengen, déi sech trotz dëser Entwécklung en neie Wope ginn hunn, dat ënner anerem fir hir kulturell Eegenaart z’ënnersträichen an op hir eege Geschicht hinzeweisen.

Virun deem Hannergrond wollt ech dem Här Staatsminister folgend Froe stellen:

  • Wéi dacks ass an de leschte Joren déi heraldesch Kommissioun zesummekomm, fir fusionéiert Gemengen an deem präzisen Zesummenhang ze beroden?
  • Wat fir eng Gemengen hu sech zanter 1970 – no der Fusioun – en neie Wope ginn? War dat op hir eegen Ufro hin oder huet déi heraldesch Kommissioun selwer e Virschlag gemaach?
  • Wéi gesäit déi genee Prozedur aus, déi et ze respektéiere gëllt, fir en neie Wopen z’entwerfen an definitiv op nationalem Plang ze verankeren?“
  • Wat ënnerscheet, rechtlech gesinn, de Wopen vum Logo? Ass de Logo genee sou „offiziell“ wéi ee Wopen?
  • Ginn et ënnerschiddlech Strofen bei engem net geneemegte Benotzen vun engem Gemengelogo oder engem Gemengewopen?“

Äntwert

Iwwert déi lescht Joren as d’heraldesch Kommissioun zweemol zesumme kommen an zwar fir d’Gemengen Tandel a Schengen. Fir e neien Wopen kann d’Gemeng e neie Wopen proposéieren oder d’heraldesch Kommissioun kann en Entworf erstellen. Contrairement zu engem Wopen, si bei engem Logo all Faarwen erlaabt an de Logo ka vun de Gemengenautoritéiten ausgewielt ginn a muss net duerch d’heraldesch Kommissioun passéieren.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Administrativ Belaaschtung am Grondschoulunterrecht

Trotz der Vereinfachung vun der administrativer Aarbescht an de Grondschoulen duerch de Bildungsministère, gëtt vu Gewerkschafte betount, datt d’Bürokratie fir d’Enseignanten éischter zougeholl hätt. Wéi gesäit d’Realitéit aus, a wéi kann d’kënschtlech Intelligenz hei eng Roll spillen? Eng parlamentaresch Fro vun eisen Deputéierten Gilles Baum a Barbara Agostino sicht no Äntwerten.

weiderliesen...

Zweeten Intervenant an A-EBS am Cycle 1 vum Grondschoulunterrecht

Fir eng besser pedagogesch Differenzéierung a méi Chancë vu Ufank un ze garantéieren, gesäit de Koalitiounsprogramm en zweeten Intervenant am Cycle 1 vir. Och am Kader vum Projet Alpha kéint dësen Intervenant eng wichteg Roll spillen, besonnesch bei der phonetescher Virbereedung vun de Kanner. Zousätzlech si sougenannte A-EBS geplangt, déi d’Enseignanten ënnerstëtze sollen. Eis Deputéiert Gilles Baum a Barbara Agostino hu beim Educatiounsminister nogefrot, wéi wäit dës Initiativen fortgeschratt sinn a wéi de Kalenner ausgesäit.

weiderliesen...

Wéi vill Persoune leiden un Anorexie ?

Nieft dem Iwwergewiicht ass och d’Anorexie ee Problem an eiser Gesellschaft. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch ënnert anerem nogefrot, wéi vill Anorexie-Patienten zu Lëtzebuerg hu missen hospitaliséiert ginn, wéi laang den Traitement an der Moyenne dauert a wéi sech d’Käschte vun den Traitementer an de leschten 10 Joer entwéckelt hunn.

weiderliesen...