Wéi laang waarde Patienten op den Accord fir eng Zännprothees ?

Wann ee Patient eng Zännprothees brauch, muss den Zänndokter fir d’éischt een Devis un de Contrôle médical de la Sécurité sociale (CMSS) schécken. Ouni Accord vum CMSS kritt de Patient d’Zännprothees net rembourséiert. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann hu bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wéi vill Devisen dëst Joer ageschéckt goufen, wéi laang d’Delaien zurzäit sinn an ob engem Patient Iwwergangsléisunge proposéiert kënne gi bis den CMSS säin Accord ginn huet.

Fro

« Après une chimiothérapie, il peut arriver qu’un patient perde ses dents. Pour obtenir une prothèse dentaire, un traitement chez le dentiste est nécessaire.

La plupart des actes concernant les prothèses dentaires nécessitent l’accord préalable du contrôle médical de la sécurité sociale (CMSS) pour être remboursés. Les délais d’attente semblent toutefois très longs.

Dans ce contexte, nous aimerions poser les questions suivantes à Madame la Ministre de la Santé et de la Sécurité sociale :

  • Combien de devis le CMSS a-t-il déjà reçus cette année de la part de dentistes pour accord préalable ? Combien de devis ont été refusés et combien ont reçu un avis favorable ?
  • Quels sont les délais d’attente actuels pour obtenir une réponse du CMSS ?
  • Comment ces délais d’attente pourraient-ils être réduits ?

Être privé de dents saines pendant des semaines réduit considérablement la qualité de vie d’une personne.

  • Quelles solutions transitoires peuvent être proposées à un patient dans l’attente de l’accord préalable du CMSS pour un devis de prothèse dentaire ? »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi laang ass d’Waardezäit an der « Travel Clinic » ?

Bei Reesen a méi tropesch Regioune kann een sech an der “Travel Clinic” vum CHL beroden a géint verschidde Krankheeten impfe loossen. D’Waardezäiten an dëser Klinick sollen den Ament awer nawell laang sinn.
D’DP-Deputéiert Dr Gérard Schockmel a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Patienten an de leschten 10 Joer an der “Travel Clinic” empfaange goufen, wéi d’Waardezäiten sech an dëser Period entwéckelt hunn an ob et net sënnvoll wier online ee Rendez-vous huelen ze kënnen, esouwéi dat fir vill aner Servicer vum CHL méiglech ass.

weiderliesen...

Wéi kann een de Beruff vum Aide-soignant revaloriséieren ?

De Manktem u Fleegepersonal gehéiert zu de gréissten Erausfuerderunge vun dëser Regierung. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum wollten an deem Kontext vun der Gesondheetsministesch ënnert anerem wëssen, wéi vill Aides-soignanten aktuell am Land schaffen, wéi vill de Beruff an de leschte Jore gewiesselt hunn a wéi eng Mesüren d’Regierung ze huele gedenkt fir de Beruff nees méi attraktiv ze maachen.

weiderliesen...

Medezinesch Transferten an d’Ausland

Zënter dem 1. Juni 2025 mussen d’Dokteren en neie Formulaire ausfëllen, wann si ee Patient fir Soinen an d’Ausland schécke wëllen. Den Dokter muss elo obligatoresch uginn, ob d’Prestatiounen zu Lëtzebuerg an engem “akzeptabelen Delai” ugebuede kënne ginn, oder net. Kräizt den Dokter un, datt d’Prestatiounen eigentlech och zu Lëtzebuerg ugebuede kéinte ginn, da gëtt d’Demande fir den Transfert automatesch refuséiert.
Den DP-Deputéierten Dr Gérard Schockmel huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, ob déi reng Reduzéierung op den “akzeptabelen Delai”, ouni d’Qualitéit vun de Soinen ze berécksiichtegen, net zu onberechtegte Refuse féiere kéint, an den neie Formulaire Dokteren net dozou zwénge kéint falsch Deklaratiounen ze maache fir hirem Patient déi beschtméiglechst Soinen ze garantéieren.

weiderliesen...

Wéi vill Doktere schaffen am Norde vum Land ?

Am Norde vum Land mussen d’Bierger oft wäit Deplacementer a Kaf huele fir an eng Klinick oder eng Maison médicale ze kommen.
D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hunn d’Gesondheetsministesch ënnert anerem gefrot, wéi vill Generalisten a Spezialisten am Norde vum Land schaffen, wéi d’Altersstruktur bei den Dokteren ass a wéini eng zweet Maison médicale am Norden opgemaacht kéint ginn.

weiderliesen...