Wéi soll déi annoncéiert Taxi-Plattform vum Ministère ausgesinn?

De Mobilitéitsminister huet viru kuerzem d’Schafe vun enger Plattform annoncéiert, déi änlech wéi Uber soll fonctionéieren. Den DP-deputéierte Max Hahn huet nogefrot, wéi dës Plattform soll ausgesinn a wéini se operationell soll sinn.

„Den Här Minister huet viru kuerzem d’Schafe vun enger Plattform annoncéiert, déi änlech wéi Uber soll fonctionéieren.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:

  • Kann den Här Minister weider Informatiounen zu dëser Plattform ginn? Wat sinn d’Conditioune fir sech als Chauffeur unzemellen? Wéi eng Zort Offer wäert ugebuede ginn (Ride-hailing, Reservéierung am Virfeld,…)?
  • Wäert dës Plattform bestoend Plattformen am Taxisecteur ersetzen? Ass geplangt, dës Plattform an d’Mobilitéits-App z’integréieren?
  • Wat sinn d’Grënn firwat de Staat esou eng Plattform entwéckelt, amplaz de Secteur selwer?
  • Wat ass de Käschtepunkt fir dës Plattform ze entwéckelen?
  • Wéini soll dës Plattform operationel sinn?“

Äntwert

D’Iddi vun enger Plattform, déi änlech wéi Uber oder aner vergläichbar Ubidder funktionéiere soll baséiert sech op engem aktuelle Manktem vun Transparenz bei der Offer an de Präisser wéi och d’Garantéiere vum Anhale vun den Aarbechtsgesetzgebung an de sozialen Standarden am Secteur. Ausserdem sollen déi zwee Type vun Servicer, d’Taxien an VLCen (voiture de location avec chauffeur) zu engem eenzegen Regime zesumme gefouert ginn. Dëst entsprécht och de Rekommandatioune déi déi Europäesch Kommissioun de 4. Februar 2022 iwwert de lokalen bezuelten Passagéiertransport eraus ginn huet, fir dës Servicer an Europa méi eenheetlech ze regelen a fir Abusen ze ënnerbannen.

Wéi genee esou eng Plattform lo kéint ausgesinn a wat déi genee Modalitéiten sinn, soll an deenen nächste Wochen an engem Aarbechtsgrupp zesumme mat den Acteuren aus dem Secteur ausgeschafft ginn. Am spéiden Hierscht misst da fest stoe wéi de Projet weidergeet.

Wëll villes vum Resultat vun dëse Gespréicher ofhänkt, ass et am Moment nach net méiglech fir op déi aner Froen ze äntwerten.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Administrativ Belaaschtung am Grondschoulunterrecht

Trotz der Vereinfachung vun der administrativer Aarbescht an de Grondschoulen duerch de Bildungsministère, gëtt vu Gewerkschafte betount, datt d’Bürokratie fir d’Enseignanten éischter zougeholl hätt. Wéi gesäit d’Realitéit aus, a wéi kann d’kënschtlech Intelligenz hei eng Roll spillen? Eng parlamentaresch Fro vun eisen Deputéierten Gilles Baum a Barbara Agostino sicht no Äntwerten.

weiderliesen...

Zweeten Intervenant an A-EBS am Cycle 1 vum Grondschoulunterrecht

Fir eng besser pedagogesch Differenzéierung a méi Chancë vu Ufank un ze garantéieren, gesäit de Koalitiounsprogramm en zweeten Intervenant am Cycle 1 vir. Och am Kader vum Projet Alpha kéint dësen Intervenant eng wichteg Roll spillen, besonnesch bei der phonetescher Virbereedung vun de Kanner. Zousätzlech si sougenannte A-EBS geplangt, déi d’Enseignanten ënnerstëtze sollen. Eis Deputéiert Gilles Baum a Barbara Agostino hu beim Educatiounsminister nogefrot, wéi wäit dës Initiativen fortgeschratt sinn a wéi de Kalenner ausgesäit.

weiderliesen...

Wéi vill Persoune leiden un Anorexie ?

Nieft dem Iwwergewiicht ass och d’Anorexie ee Problem an eiser Gesellschaft. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch ënnert anerem nogefrot, wéi vill Anorexie-Patienten zu Lëtzebuerg hu missen hospitaliséiert ginn, wéi laang den Traitement an der Moyenne dauert a wéi sech d’Käschte vun den Traitementer an de leschten 10 Joer entwéckelt hunn.

weiderliesen...