„Den Här Minister huet viru kuerzem d’Schafe vun enger Plattform annoncéiert, déi änlech wéi Uber soll fonctionéieren.
An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:
- Kann den Här Minister weider Informatiounen zu dëser Plattform ginn? Wat sinn d’Conditioune fir sech als Chauffeur unzemellen? Wéi eng Zort Offer wäert ugebuede ginn (Ride-hailing, Reservéierung am Virfeld,…)?
- Wäert dës Plattform bestoend Plattformen am Taxisecteur ersetzen? Ass geplangt, dës Plattform an d’Mobilitéits-App z’integréieren?
- Wat sinn d’Grënn firwat de Staat esou eng Plattform entwéckelt, amplaz de Secteur selwer?
- Wat ass de Käschtepunkt fir dës Plattform ze entwéckelen?
- Wéini soll dës Plattform operationel sinn?“