Wéi steet et ëm d’Bamalleeën uerchter d’Land?

Den DP-Deputéierten André Bauler huet de concernéierte Minister e puer Froen iwwer ë.a. den Zoustand vun de Bamalleeën uerchter d'Land gestallt.

Viru kuerzem sinn eng Rei Beem laanscht d’Strooss ersat ginn, sou zum Beispill tëscht Lenzweiler an dem Rond-Point beim Antoniushaff an der Gemeng Wëntger. Op anere Strecke mierkt een, datt eng Rei Beem abiméiert oder futti sinn, wéi z.B. tëscht Méchela an Ierpeldeng- Sauer, wou etlech Bierken hir Äscht verléieren, déi dann op d’Strooss falen. Dacks stellen dës Beem also e Sécherheetsrisiko duer.

An deem Kader wollt ech der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:

  • Wéi steet et allgemeng ëm d’Gesondheet vun eise Bamalleeën?
  • Wéi vill krank Beem mussen an noer Zukunft gehae ginn?
  • Wat fir eng Strategie verfollegt de Mobilitéitsministere wat den Erhalt respektiv d’Neiuplanzung vu Bamalleeën am Land ugeet?“

Äntwert

Wéi steet et allgemeng ëm d’Gesondheet vun eise Bamalleeën?

Ee Groussdeel vum Bestand vun den Alleeë laanscht Staatsstroosse sinn an engem allgemeng gudden Zoustand. Eis Alleeën hunn awer e relativ héijen Alter, deemno ginn et eng sëllege Beem mat enger gewësse Vitalitéitsschwächt. Bedéngt duerch déi dréchen a waarm Summeren 2019 an 2020 hunn och vill al Beem, déi mat dëse Konditioune manner gutt auskommen, gelidden. Dëst bedeit awer net, datt vital schwaach Beem een direkte Verkéierssécherheetsproblem mussen duerstellen. Dës Beem kënnen sech ënner méi gënschtege Konditiounen dacks rëm erhuelen. Dobäi kënnt, datt déi zoustänneg Equippen um Terrain dofir suergen, datt den Entretien un de genannte Beem no de Reegele vun der Konscht gemaach gëtt.

Wéi vill krank Beem mussen an noer Zukunft gehae ginn?

Fir d’Verkéierssécherheet ze garantéiere ginn allgemeng eng 300 bis 500 Stroossebeem d’Joer ëmgehaen. Dëst, well se duerch hire Gesondheetszoustand net kënne stoe gelooss ginn an et ass dovunner auszegoen, datt dës Quantitéit un Beem och an Zukunft wäert gehae ginn.

Wat fir eng Strategie verfollegt de Mobilitéitsministère wat den Erhalt respektiv d’Neiuplanzung vu Bamalleeën am Land ugeet?

D’Bamalleeë gehéieren zu eisem natierlechen a kulturelle Patrimoine. Grad an Zäite vu Klimawandel an der Degradatioun vum Naturraum, ass et wichteg den Erhalt vun den Alleeën ze garantéieren an dëst natierlech am Respekt vun der Verkéierssécherheet. Deemno solle keng Beem méi a Kéieren oder op Platze mat engem potentielle Sécherheetsrisiko ersat ginn.

Zousätzlech ass awer ze betounen, dass fir all Bam dee laanscht d’Strooss steet a muss respektiv soll wechkommen, eng Autorisatioun am Kader vum Naturschutzgesetz néideg ass. Deemno besteet eng gesetzlech Verflichtung fir gehae Beem ze kompenséieren. D’Stroossebeem (am ëffentleche Raum) sinn duerch den Artikel 14 am Naturschutzgesetz geschützt a ginn och deementspriechend kompenséiert.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi vill Doktere schaffen am Norde vum Land ?

Am Norde vum Land mussen d’Bierger oft wäit Deplacementer a Kaf huele fir an eng Klinick oder eng Maison médicale ze kommen.
D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hunn d’Gesondheetsministesch ënnert anerem gefrot, wéi vill Generalisten a Spezialisten am Norde vum Land schaffen, wéi d’Altersstruktur bei den Dokteren ass a wéini eng zweet Maison médicale am Norden opgemaacht kéint ginn.

weiderliesen...

Wéi vill Frae gi wärend der Schwangerschaft an Dispens gesat ?

D’Aarbechtsrecht gesäit vir, datt schwanger Fraen op der Aarbecht verschidden Tâchen net iwwerhuelen dierfen. D’Gesetz gesäit dofir een Amenagement vun der Aarbechtsplaz vir oder eng Reaffektatioun op een anere Posten. Ass béides net méiglech, da muss d’Fra an Dispens gesat ginn.
D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann wollte vun der Gesondheetsministesch ënnert anerem wëssen, wéi vill Frae pro Secteur an Dispens gesat ginn, wéi oft ee Recours géint eng Dispens vum Patron agereecht gouf an opgrond vu wéi enge konkrete Krittären d’Aarbechtsdokteren eng Dispens decidéieren.

weiderliesen...

Sollten den LNS a Privatlaboe bei Biopsien net méi zesummeschaffen?

Fir der laanger Waardezäit bei der Analyse vu Biopsien entgéint ze wierken, huet den LNS, deen hei ee Monopol huet, eng Rei Mesüren en place gesat.
D’DP-Deputéiert Mandy Minella an Dr Gérard Schockmel hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi een Impakt dës Mesüren op d’Waardezäiten haten an ob net awer eng gréisser Zesummenaarbecht mat Privatlaboen envisagéiert sollt gi fir d’Delaie weider ze verkierzen.

weiderliesen...

Kee Remboursement méi fir dermatoskopesch Fotoen ?

Am Kader vun der Ënnersichung bei engem Hautdokter kënne Fotoe vu verdächtege Plazen op der Haut gemaach ginn, wou de Risiko besteet, datt sech Hautkriibs entwéckele kéint. Dem DP-Deputéierte Gusty Graas gouf elo zougedroen, datt dës Fotoen net méi vun der Krankekeess rembourséiert ginn. An enger parlamentarescher Fro un d’Gesondheetsministesch wëll de liberale Politiker ënnert anerem gewuer gi firwat dës Decisioun geholl gouf a wéi vill Patienten esou Fotoe beim Hautdokter an de leschte 5 Joer rembourséiert kruten.

weiderliesen...