Wéi steet et ëm d’Bamalleeën uerchter d’Land?

Den DP-Deputéierten André Bauler huet de concernéierte Minister e puer Froen iwwer ë.a. den Zoustand vun de Bamalleeën uerchter d'Land gestallt.

Viru kuerzem sinn eng Rei Beem laanscht d’Strooss ersat ginn, sou zum Beispill tëscht Lenzweiler an dem Rond-Point beim Antoniushaff an der Gemeng Wëntger. Op anere Strecke mierkt een, datt eng Rei Beem abiméiert oder futti sinn, wéi z.B. tëscht Méchela an Ierpeldeng- Sauer, wou etlech Bierken hir Äscht verléieren, déi dann op d’Strooss falen. Dacks stellen dës Beem also e Sécherheetsrisiko duer.

An deem Kader wollt ech der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:

  • Wéi steet et allgemeng ëm d’Gesondheet vun eise Bamalleeën?
  • Wéi vill krank Beem mussen an noer Zukunft gehae ginn?
  • Wat fir eng Strategie verfollegt de Mobilitéitsministere wat den Erhalt respektiv d’Neiuplanzung vu Bamalleeën am Land ugeet?“

Äntwert

Wéi steet et allgemeng ëm d’Gesondheet vun eise Bamalleeën?

Ee Groussdeel vum Bestand vun den Alleeë laanscht Staatsstroosse sinn an engem allgemeng gudden Zoustand. Eis Alleeën hunn awer e relativ héijen Alter, deemno ginn et eng sëllege Beem mat enger gewësse Vitalitéitsschwächt. Bedéngt duerch déi dréchen a waarm Summeren 2019 an 2020 hunn och vill al Beem, déi mat dëse Konditioune manner gutt auskommen, gelidden. Dëst bedeit awer net, datt vital schwaach Beem een direkte Verkéierssécherheetsproblem mussen duerstellen. Dës Beem kënnen sech ënner méi gënschtege Konditiounen dacks rëm erhuelen. Dobäi kënnt, datt déi zoustänneg Equippen um Terrain dofir suergen, datt den Entretien un de genannte Beem no de Reegele vun der Konscht gemaach gëtt.

Wéi vill krank Beem mussen an noer Zukunft gehae ginn?

Fir d’Verkéierssécherheet ze garantéiere ginn allgemeng eng 300 bis 500 Stroossebeem d’Joer ëmgehaen. Dëst, well se duerch hire Gesondheetszoustand net kënne stoe gelooss ginn an et ass dovunner auszegoen, datt dës Quantitéit un Beem och an Zukunft wäert gehae ginn.

Wat fir eng Strategie verfollegt de Mobilitéitsministère wat den Erhalt respektiv d’Neiuplanzung vu Bamalleeën am Land ugeet?

D’Bamalleeë gehéieren zu eisem natierlechen a kulturelle Patrimoine. Grad an Zäite vu Klimawandel an der Degradatioun vum Naturraum, ass et wichteg den Erhalt vun den Alleeën ze garantéieren an dëst natierlech am Respekt vun der Verkéierssécherheet. Deemno solle keng Beem méi a Kéieren oder op Platze mat engem potentielle Sécherheetsrisiko ersat ginn.

Zousätzlech ass awer ze betounen, dass fir all Bam dee laanscht d’Strooss steet a muss respektiv soll wechkommen, eng Autorisatioun am Kader vum Naturschutzgesetz néideg ass. Deemno besteet eng gesetzlech Verflichtung fir gehae Beem ze kompenséieren. D’Stroossebeem (am ëffentleche Raum) sinn duerch den Artikel 14 am Naturschutzgesetz geschützt a ginn och deementspriechend kompenséiert.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi huet sech d’Situatioun vun den Dubliner zu Lëtzebuerg iwwer déi lescht Joren entwéckelt?

Säit Enn Oktober kënne männlech „Dubliner“, déi als Eenzelpersoun ënnerwee sinn net méi an den Opfänkstrukturen ugeholl ginn. Dëst well d’Gebailechkeete knapp, an d’Strukturen iwwerfëllt sinn. D‘Prioritéit soll op Kanner, Fraen a vulnerabel Persoune geluecht ginn. Mee wéi hunn sech d’Zuelen iwwer déi lescht Joren entwéckelt a wéi konnt et zu dëser Situatioun kommen? Eis Deputéiert Corinne Cahen a Gusty Graas hu beim zoustännege Ministère nogefrot.

weiderliesen...

Hëllefen diagnostesch Schnelltester géint de Mangel un Antibiotiquen?

Frankräich iwwerleet d’Verschreiwe vun Antibiotiquen nëmmen z’erlaben, wa virdrun een diagnostesche Schnelltest gemaach gëtt. Dëst fir mat Sécherheet festzestellen, op et sech ëm eng bakteriell oder viral Infektioun handelt.
Dëst kéint engersäits dem Mangel un Antibiotiquen entgéint wierken, an anerersäits d’Antibiotikaresistenz verréngeren.
D’DP-Deputéiert Gilles Baum a Gusty Graas hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Antibiotiquen an de leschte fënnef Joer zu Lëtzebuerg verschriwwe goufen an ob Doktere méi sensibiliséiert sollte ginn diagnostesch Tester ze verschreiwen.

weiderliesen...