Wéi steet et ëm den Ënnerhalt vun eise Baachen a Flëss?

Nom Héichwaasser vum Juli läit nach vill Knascht an eise Gewässer, zousätzlech zu Offall, deen d'Leit sou dra geheien. D'DP-Deputéiert Gusty Graas an André Bauler hunn dowéinst nogefrot, wéi den Entretien vun de Waasserleef koordinéiert gëtt an ob virgesinn ass deemnächst de Knascht ewechzemaachen.

Et ass eis zu Ouere komm, datt no den Iwwerschwemmunge vum leschte Juli nach ëmmer Dreck an eng ganz Rei Objeten, déi fortgeschwemmt goufen, am Getraisch an am Gestrëpp laanscht d’Ufer hänken an nach net wechgeholl gi sinn.

Souwuel d’Sauer ass dovu betraff, wéi z.B. um Willspull bei Méchela, wéi och d’Uelzecht op ville Plazen. Donieft wier an der Uelzecht eng ganz Partie Dreck, deen allem Uschäin no net op d’Héichwaasser vum Summer zeréckzeféiere wier, mee éischter dorop, dass Leit hire Knascht do entsuergen.

An deem Kader wollte mir der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung folgend Froe stellen:

  • Ass d‘Madamm Ministesch au courant iwwer dës Situatioun? Huet d‘Waasserwirtschaftsamt eventuell eng Analys iwwer den Zoustand vun de genannte Gewässer nom Héichwaasser gemaach? Ass virgesinn, dës Waasserleef an noer Zukunft ze botzen?
  • Huet d’Waasserwirtschaftsamt e Programm, deen déi reegelméisseg Ënnerhaltsaarbechte vun den Haaptwaasserleef zu Lëtzebuerg tëscht de verschiddenen Acteure koordinéiert? Wéi dacks ginn dës Aarbechten an der Reegel op de verschiddene Baachen a Flëss pro Joer duerchgefouert?
  • Vu dass an der Vergaangenheet d’Opdeelung vun de Kompetenzen am Beräich Ënnerhalt vun de Waasserleef net ëmmer kloer war, sollt d’Waasserwirtschaftsamt e Guide pratique zum Thema ausschaffen. Wou sinn d’Aarbechten un deem Dokument drun?“

Äntwert

1. Alles wat der Waasserverwaltung (AGE) u gréisseren Dreckusammlungen oder Objeten an de Gewässer opfält, gëtt erausgeholl an entsuergt soulaang d’Besëtzverhältnisser gekläert sinn. Dat geschitt am Prinzip genau esou gutt am Normalfall, wei och no enger Héichwaasser- oder Staarkreensituatioun.

No den Evenementer am Juli, sinn déi zoustänneg Servicer vun der AGE d’Gewässer ofgaangen a sinn och de Meldunge vun de Gemengen an aus der Populatioun nokomm. Deementspriechend sinn Interventiounen op deene Platze gemaach ginn wou et am dréngendste war, sief et aus Sécherheetsgrënn, Héichwaasserschutzgrënn oder duerch Usammlunge vun grousse Massen un Dreck.

Déi Aarbechten si momentan nach net ofgeschloss an daueren nach un. Plazeweis ginn et grouss Massen un Dreck an Objeten déi sech iwwer länger Strecke verdeelt hunn. Déi Aarbechte verlafen deelweis ënnert schwéiere Konditioune well d’Plazen oft schwéier zougänglech sinn. D’Verantwortung fir d’Entsuergung vun de Rulotten déi zum Deel nach laanscht Baache ze fannen sinn, läit an deem Fall am Prinzip beim Besëtzer. D’AGE ass amgaangen zesumme mat der Police hei no enger Léisung ze sichen.

2. D’AGE huet e Programm mat Entretiensaarbechten déi op eise Gewässer geplangt an duerchgefouert ginn. Et besteet e reegelméissege Kontakt an Austausch mat den Acteuren op Staats- a Gemengenniveau fir déi Aarbechte koordinéiert duerchzeféieren.

D’Aarbechte ginn an enger éischter Instanz emol do duerchgefouert wou e Besoin besteet. Wann dësen Agrëff duerchgefouert ginn ass, huet een oftmools eng Verbesserung vun der Situatioun erreecht. Aus deem Grond kann een soen: Jo, et gëtt reegelméisseg op deene Gewässer intervenéiert, mee well et oftmools keng repetitiv Aarbechte sinn, a mat engem eemolegen Agrëff d’Situatioun sech verbessert huet, kann ee keng genau Ausso maachen zu der Reegelméissegkeet vun den Agrëffer pro Joer. Pauschal kann een awer soen, wat d’Gewässer méi grouss ass, an duerch grouss urbaniséiert Gebidder leeft, wat d’Unzuel vun den Interventiounen am Beräich vum Entretien op de Gewässer klëmmt.

3. D’AGE schafft aktuell nach un engem “Guide pratique” zum Thema Ënnerhalt vun de Fléissgewässer. Dëst Dokument soll fir d’Gemengen an de Public méi Transparenz an d’Aarbechten am Kader vum Ënnerhalt vun de Baache bréngen, déi verschidden Type vun Aarbechten an och déi noutwenneg Demarchen erklären. Et ass virgesinn dat am Laf vum Joer 2022 ze finaliséieren.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Blo Luucht

Genuch Personal fir d’Ambulanzen zu Ettelbréck?

D’DP-Deputéiert André Bauler a Max Hahn goufen dorops opmierksam gemaach, datt et zu Ettelbréck de Moment Schwieregkeete gëtt fir d’Ambulanze mat genuch Personal ze besëtzen. An dem Kontext, hunn béid Politiker ënnert anerem bei der Inneministesch nogefrot wéi et mat der Disponibilitéit vu Benevoller ausgesäit.

weiderliesen...

Wéi oft kënnt et bei Schéinheetsagrëff zu Lëtzebuerg zu onerwënschte Niewewierkungen?

Den Interêt un der Schéinheetsmedezin gëtt ëmmer méi grouss. Leider kënnt et awer och ëmmer nees vir, datt Agrëff vu Persounen ouni adequat Ausbildung virgeholl ginn. D’Konsequenz sinn reell Geforen fir d’Patienten. Den DP-Deputéierten Gusty Graas wollt vun den zoustännege Ministeren wëssen, ob et Zuelen zu de Schéinheetsagrëff zu Lëtzebuerg ginn a wéi oft Patienten wéinst onerwënschte Niewewierkungen hu misse behandelt ginn.

weiderliesen...

Wéi eng reell Gefor geet vun neien Zeckenaarten aus?

D’Zeckesaison fänkt nees un an nei Zeckenaarten fannen hire Wee op Lëtzebuerg. Den DP-Deputéierten Gusty Graas huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi eng Krankheeten bis haut no Zeckebëss zu Lëtzebuerg nogewise goufen an ob net nees op méi visibel Manéier zum Sujet sensibiliséiert sollt ginn.

weiderliesen...