Wéi vill Autorisatiounen fir Bauten an der Gréngzone goufen an de leschte Joren autoriséiert ?

D’DP-Deputéiert Luc Emering an André Bauler hu sech beim Ëmweltminister renseignéiert, wéi vill Autorisatiounen fir Bauten an der Gréngzone an de leschte 5 Joer ugefrot a wéi vill Demanden refuséiert goufen, a wéini de Prinzip vum « silence vaut accord » bei den Autorisatiounsprozeduren wäert agefouert ginn.

Fro

„Betreffend d‘Autorisatioune fir Bauten an Aktivitéiten an der Gréngzone géife mir dem Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit gäre follgend Froe stellen :

  • Wéi vill Autorisatioune fir Bauten an der Gréngzone goufen an de leschte 5 Joer ugefrot, gestaffelt no verschidde Secteuren (Landwirtschaft, Wäibau, etc.) ?
  • Wéi vill Gebailechkeeten goufen am legalen Delai vun 3 Méint autoriséiert ?
  • Wéi vill Autorisatiounsdemandë goufe refuséiert ?
  • Wéi vill Dossieren hunn den Delai vun 3 Méint iwwerschratt ?
  • Wéi vill Dossieren hu keng Äntwert kritt ?
  • Wéini gedenkt den Här Minister de Prinzip vum „silence vaut accord“ bei den Autorisatiounsprozeduren anzeféieren ?
  • Betreffend d‘Bauten an der Gréngzone, kann den Här Minister hei confirméieren, datt sech beim Traitement vun den Dossieren exklusiv op déi juristesch Dispositiounen, déi d‘Naturschutzgesetz beinhalt, baséiert gëtt ?“

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Potenzial an der Rüstungsindustrie

Duerch déi geopolitesch Situatioun sinn d’Investitiounen an d’Verdeedegung zu enger vun den Haaptprioritéit ginn. Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot op scho verschidden national Betriber an der Rüstungsindustrie aktiv sinn a wou et Potenzial gëtt.

weiderliesen...

Optimisatioun vun der Entwécklung vun den Aktivitéitszonen

Viru kuerzem huet de Wirtschaftsminister d’Pilotprojeten “Triangle Vert” a “Salzbaach” annoncéiert fir d’Entwécklung vun den Aktivitéitszonen z’optimiséieren. Eisen Deputéierten André Bauler huet nogefrot wat déi éischt Conclusiounen sinn, déi een an dësem Kader zéie kann an ob nei Aktivitéitszonen zu Lëtzebuerg geplangt ginn.

weiderliesen...