Bankomat

Wéi vill Bankomater vun der Post ginn et nach iwwer Land?

Vill Leit benotzen d’Bankomater vun der Post. Den DP-Deputéierten André Bauler freet beim zoustännege Minister no, wéi vill Bankomater et nach vun der Post ginn a wéi vill der zanter 2015 zougemaach goufen.

„An deene leschte Jore sinn iwwer Land an och an der Stad eng Rei Postbüroen zougemaach ginn. Am Kader vun dëse Büroe gouf et och Bankomate vun der Post, déi vun etleche Cliente genotzt goufen.

An deem Kontext wollt ech dem Här Wirtschaftsminister folgend Froe stellen:

1) Kann den Här Minister matdeelen, wéi vill där Bankomate vun der Post et de Moment iwwer Land nach gëtt. Wéi vill sinn der zanter 2015 zougemaach ginn?

2) Wéi vill sinn der an de leschte Joren en panne gefall a wéi laang konnten se déi Zäit net genotzt ginn?

3) Aktuell funktionéiert de Bankomat vun der Post zu Ëlwen zanter Ufank August net méi. Gëtt dëse Bankomat reparéiert oder ass et virgesinn dësen Apparat guer net méi ze notzen?“

Äntwert

D’Cliente vu POST Finance kënnen zanter ugangs 2022 op all Bancomate vun all Bank, sief et zu Lëtzebuerg oder an Europa, ouni Käschte Suen ophiewen. Domat stinn de Cliente vu POST Finance hei am Land 450 Bankomate gratis zur Verfügung.

POST Finance bedreift am Moment selwer 36 Bankomaten, bis Joresenn ginn der dovun 5 oder 6 ofgeschaaft. Déi aner ginn iwwert déi nächst zwee Joer duerch Maschinne vun der neister Generatioun ersat, op deenen een och Suen abezuele kann. Zanter 2015 sinn 23 Bankomate vu POST Finance ausser Betrib geholl ginn, dorënner sinn der 5 duerch nei Maschinnen ersat ginn.

Wat de Bancomat vu POST Finance zu Ëlwen ugeet, ass dësen op Urode vun der Police, an no 14 Attacken an de leschte 4 Joer op Bancomaten zu Lëtzebuerg, zäitweileg ausser Betrib geholl ginn. POST Finance huet virgesinn dëse Bankomat zu Ëlwen mat engem verbesserte Sécherheetskonzept nees a Betrib ze huelen.

POST Finance huet keng Statistiken iwwert d’Unzuel vun de Pannen déi ganz ënnerschiddlech Ursaache kënnen hunn. Am Fall vun enger Pann oder engem technesche Problem gëtt an der Reegel an Zäit vu véier Stonnen intervenéiert. Gréisser Reparature kënnen och alt ee bis zwee Deeg daueren. Triede reegelméisseg Panne vum selwechte Bancomat op, gëtt eng komplett Revisioun vum betraffene Bancomat beim Hiersteller ugefrot. Wéi all d’Banken zu Lëtzebuerg, schafft Post Finance zesumme mat enger Firma, déi op den technesche Support an den Ënnerhalt vu Bancomate spezialiséiert ass.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéini kënnt d’Pollen-App ?

De Gesondheetsministère hat annoncéiert, datt ugangs 2020 eng gratis App sollt ugebuede ginn, déi de Bierger Informatiounen iwwert d’Pollenkonzentratioun an der Loft liwwert.

No iwwer dräi Joer gëtt et déi App nach ëmmer net. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet dowéinst bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wou d’Aarbechten un dëser App dru sinn a wien mat hirer Entwécklung beoptragt ginn ass ?

weiderliesen...

Wäert Europa deemnächst méi séier handele kënnen?

Op Initiativ vun Däitschland hunn sech 10 europäesch Memberstaate an engem ‘Frëndeskrees’ zesummegedoen, fir Entscheedunge mat enger qualifizéierter Majoritéit ze promovéieren. Och Lëtzebuerg ass Deel vun dësem Grupp. Wat ass den Impakt heivun an Europa? Eisen Deputéierte Gusty Graas huet bei Ausseministère nogefrot.

weiderliesen...

Ass de Grupp Wagner eng Terrororganisatioun ?

De 9. Mee huet déi franséisch Assemblée générale an enger Resolutioun dozou opgefuerdert, de Grupp Wagner an d’Lescht vun den Terrororganisatiounen opzehuelen. Wéi steet eisen Ausseministère zu dëser Demande ? Wäert Lëtzebuerg nozéien ? Eisen Deputéierte Gusty Graas huet beim zoustännege Ministère nogefrot.

weiderliesen...