Wunnen

Wéi vill Bauterraine leien am Perimeter, déi direkt bebaut kënne ginn?

Zu Lëtzebuerg ginn et eng 5018 Hektar onbebauten Terrain innerhalb vum Perimeter, dovun 3750 Hektar an enger Zone d'habitation oder enger Zone mixte. Wéi vill vun dësen Terrainen kéinten direkt bebaut ginn? A fir wéi vill misst fir d'éischt e PAP gestëmmt ginn? Den DP-Deputéierte Max Hahn huet beim zoustännege Minister nogefrot.

„Laut den Analyse vum Observatoire de l’habitat an dem Observatoire du développement spatial gëtt et 5018 Hektar onbebauten Terrain innerhalb vum Bauperimeter. Dovunner leien 3750 Hektar an enger Zone d’habitation oder enger Zone mixte.

An deem Kader muss ënnerscheed ginn tëscht Terrainen, déi direkt bebaut kënne ginn, an Terrainen, fir déi nach e PAP gestëmmt muss ginn – wëssend, dass dat laut Acteure vum Terrain an der Reegel am Duerchschnëtt siwwe bis aacht Joren dauere kann.

An deem Kader wollt ech dem Här Wunnengsbauminister an der Madamm Inneministesch folgend Froe stellen:

  • Fir wéi vill vun dësen 3750 Hektar muss, ieren se bebaut kënne ginn, e PAP gestëmmt ginn („nouveau quartier“)?
  • Wéi vill vun dësen 3750 Hektar sinn aktuell an enger PAP-Prozedur? Fir wéi vill ass de PAP scho gestëmmt?
  • Fir wéi vill vun dësen 3750 Hektar brauch kee PAP gestëmmt ze ginn („quartier existant“) a kéinten deemno no enger einfacher Baugeneemegung direkt bebaut ginn?
  • Wat ass déi duerchschnëttlech Dauer vum Moment vun der Demande vun engem PAP bis dass e gestëmmt ass?“

Äntwert

Fro 1

Vun den 3.732 Hektar Bauland, déi an de Wunnzonen an an de gemëschten Zonen zur Verfügung stinn, leien 2.816 Hektar an „Nouveau quartier“-Zonen, fir déi e PAP muss gestëmmt ginn. Vun deenen 2.816 Hektar leien der 864 gläichzäiteg an enger Zone d’aménagement différé. Et leien also 1.952 Hektar an „Nouveau quartier“-Zonen, fir déi e PAP ouni zousätzlech Ëmklasséierung um Niveau vum PAG kéint an d’Prozedur goen.

Heibäi handelt et sech ëm dat Bauland, dat an deenen 89 Gemenge läit, déi am Kader vun der Raum+-Etüd analyséiert gi sinn. 12 Gemenge feelen nach, well se zum Zäitpunkt vun der Erhiewung nach keen neie PAG haten.

Fro 2

Vun den 3.750 Hektar ass bei 526 Hektar e PAP akzeptéiert ginn. 397 Hektar dovunner leien an enger „Nouveau quartier“-Zon, wärend déi aner 129 Hektar ausserhalb dovu leien.

De Staat huet keng Zuelen iwwer d’Unzuel vun Terraine, déi momentan an der PAP-Prozedur sinn, respektiv vu PAPen déi an der Ausaarbechtung sinn.

Fro 3

890 Hektar vun den 3.732 Hektar Bauland an de Wunnzonen a gemëschten Zone leien an engem „quartier existant“, wou deemno no enger einfacher Baugeneemegung direkt ka bebaut ginn, soubal de PAG an och d’PAP “quartier existant” a Kraaft sinn.

Fro 4

D’ofgeännert Gesetz vum 19. Juli 2004 iwwert den Aménagement communal an den Développement urbain gesäit eng theoretesch Dauer vun 8,5 Méint fir eng PAP-Prozedur vir. De Staat huet awer keng statistesch Donnéeën iwwert déi duerchschnëttlech Dauer vun enger PAP-Prozedur.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi laang ass d’Waardezäit an der « Travel Clinic » ?

Bei Reesen a méi tropesch Regioune kann een sech an der “Travel Clinic” vum CHL beroden a géint verschidde Krankheeten impfe loossen. D’Waardezäiten an dëser Klinick sollen den Ament awer nawell laang sinn.
D’DP-Deputéiert Dr Gérard Schockmel a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Patienten an de leschten 10 Joer an der “Travel Clinic” empfaange goufen, wéi d’Waardezäiten sech an dëser Period entwéckelt hunn an ob et net sënnvoll wier online ee Rendez-vous huelen ze kënnen, esouwéi dat fir vill aner Servicer vum CHL méiglech ass.

weiderliesen...

Wéi kann een de Beruff vum Aide-soignant revaloriséieren ?

De Manktem u Fleegepersonal gehéiert zu de gréissten Erausfuerderunge vun dëser Regierung. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum wollten an deem Kontext vun der Gesondheetsministesch ënnert anerem wëssen, wéi vill Aides-soignanten aktuell am Land schaffen, wéi vill de Beruff an de leschte Jore gewiesselt hunn a wéi eng Mesüren d’Regierung ze huele gedenkt fir de Beruff nees méi attraktiv ze maachen.

weiderliesen...

Medezinesch Transferten an d’Ausland

Zënter dem 1. Juni 2025 mussen d’Dokteren en neie Formulaire ausfëllen, wann si ee Patient fir Soinen an d’Ausland schécke wëllen. Den Dokter muss elo obligatoresch uginn, ob d’Prestatiounen zu Lëtzebuerg an engem “akzeptabelen Delai” ugebuede kënne ginn, oder net. Kräizt den Dokter un, datt d’Prestatiounen eigentlech och zu Lëtzebuerg ugebuede kéinte ginn, da gëtt d’Demande fir den Transfert automatesch refuséiert.
Den DP-Deputéierten Dr Gérard Schockmel huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, ob déi reng Reduzéierung op den “akzeptabelen Delai”, ouni d’Qualitéit vun de Soinen ze berécksiichtegen, net zu onberechtegte Refuse féiere kéint, an den neie Formulaire Dokteren net dozou zwénge kéint falsch Deklaratiounen ze maache fir hirem Patient déi beschtméiglechst Soinen ze garantéieren.

weiderliesen...

Wéi vill Doktere schaffen am Norde vum Land ?

Am Norde vum Land mussen d’Bierger oft wäit Deplacementer a Kaf huele fir an eng Klinick oder eng Maison médicale ze kommen.
D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hunn d’Gesondheetsministesch ënnert anerem gefrot, wéi vill Generalisten a Spezialisten am Norde vum Land schaffen, wéi d’Altersstruktur bei den Dokteren ass a wéini eng zweet Maison médicale am Norden opgemaacht kéint ginn.

weiderliesen...