Wéi vill Leit si géint Tetanus geimpft ?

D’Tetanusimpfung muss a reegelméissegen Ofstänn erneiert gi fir wierksam ze bleiwen, mee net jiddereen denkt un dës wichteg Opfrëschung. Den DP-Deputéierten André Bauler huet dowéinst bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Leit aktuell wierksam geimpft sinn, wéi vill Doudesfäll et opgrond vun enger Tetanuserkrankung ënnerhalb vun de leschten 10 Joer gouf, a wéi vill elektronesch Impfcarneten bis haut aktivéiert goufen.

Fro

D’Tetanus-Impfung géint de sou genannte « Wund-Starrkrampf » ass eng Impfung, déi souwuel bei Kanner wéi bei Erwuessenen duerchgefouert gëtt. Si muss reegelméisseg widderholl gi fir wierksam ze sinn. Et gëtt etlech Fäll, wou dës Impfung awer net widderholl gëtt, well d’Leit sech net méi drun erënneren, keen Impfpass hunn oder et guer net méi wëssen.

 Aus deem Grond wollt ech d’Madamm Gesondheetsministesch Follgendes froen:

  • Féiert d’Santé Statistiken iwwer d’Zuel vun de Leit, déi an der Bevëlkerung géint Tetanus geimpft sinn? Wa jo, wéi héich ass dëse Prozentsaz an de verschiddenen Alterskategorien?
  • Wéi vill Leit sinn an de leschten zéng Joer un Tetanus verscheet an a wéi engem Alter ? 
  • Plangt d’Santé fir d’Leit ze sensibiliséieren dës Impfung a reegelméissegen Ofstänn maachen ze loossen?
  • Wéi vill elektronesch Impfcarneten (CVE) goufe bis haut aktivéiert?
  • Wéi vill Dokteren notzen den Outil vum CVE, opgeschlësselt no Spezialisatioun?”

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi vill Persoune leiden un Anorexie ?

Nieft dem Iwwergewiicht ass och d’Anorexie ee Problem an eiser Gesellschaft. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch ënnert anerem nogefrot, wéi vill Anorexie-Patienten zu Lëtzebuerg hu missen hospitaliséiert ginn, wéi laang den Traitement an der Moyenne dauert a wéi sech d’Käschte vun den Traitementer an de leschten 10 Joer entwéckelt hunn.

weiderliesen...

D’Participatioune vum Staat

De liberalen Deputéierten André Bauler huet de Finanzminister gefrot wéi eng Participatiounen de lëtzebuerger Staat huet, wéi sech dës iwwer d’Zäit verännert hunn an wéi eng Stratégie dohannert stécht.

weiderliesen...