Wéini gëtt d’N25 tëscht Kautebaach a Wooltz frëschgemaach?

Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot, wéini d'N25 tëscht Kautebaach a Wooltz, déi an engem schlechten Zoustand ass, frëschgemaach soll ginn.

„D’Strooss tëscht Kautebaach a Wooltz (N25), déi fir hir schaarf Kéiere bekannt ass, ass an de leschte Méint plazeweis, haaptsächlech awer op enger präziser Plaz, net méi gutt befuerbar. Hei huet sech effektiv d’Säit vun der Strooss zum Hang hin zolidd gesat.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:

  • Ass schonn zesumme mat der Verwaltung vun de Ponts & Chaussées dru geduecht ginn, fir dës Strooss op der betraffener Plaz an d’Rei ze setzen? Wa jo, wou sinn d’Etüden de Moment drun?
  • Wéini ka mat den Aarbechten ugefaange ginn a wat wäerten dës kaschten?“

Äntwert

Ass schonn zesumme mat der Verwaltung vun de Ponts et Chaussées dru geduecht ginn, fir dës Strooss op der betraffener Plaz an d’Réi ze setzen? Wa jo, wou sinn d’Etüden de Moment drun?

Der Stroossebauverwaltung ass den Zoustand vun der N24 op der vum honorabelen Deputéierte beschriwwener Plaz bekannt an ass och schonn am gaangen e Projet auszeschaffen, fir déi aktuell Situatioun ze behiewen.

Déi respektiv geotechnesch Etüde goufen ofgeschloss an de Soumissiounsdossier gëtt momentan ausgeschafft.

Wéini ka mat den Aarbechten ugefaange ginn a wat wäerten dës kaschten?

D’ëffentlech Ausschreiwung fir dës Aarbechten ass fir 2023 virgesinn. D’Aarbechte wäerten da viraussiichtlech, ënnert der Konditioun datt all di néideg Autorisatioune virleien, 2024 ufänken.

D’Käschte vun dësen Aarbechte ginn op ronn 750.000 Euro geschat.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wisou hunn d’Aktivitéite vun der ONG ‘Eng oppen Hand fir Malawi’ mussen agestallt ginn?

Joerzéngtelaange waren d’Schwëstere vun der Lëtzebuerger Zithaklinik am St. Gabriel Spidol am Malawi aktiv fir der lokaler Bevëlkerung esou gutt et geet eng medezinesch Grondversuergung ze erméiglechen. Enn Januar hunn si hir Aktivitéiten awer missen op Uerder vum Bëschof an ouni Virwarnung astellen an de Site verloossen. Bis haut gëtt et keng Explikatioun. Eisen Deputéierte Gusty Graas huet sech beim Ministère fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten informéiert.

weiderliesen...

Bleift déi pediatresch Garde um Kierchbierg weider assuréiert ?

De Gesondheetsministère an d’Spidolsfederatioun hu rezent eng Conventioun ënnerschriwwen fir d’Garden an d’Astreinten vun den Dokteren an de Spideeler z’indemniséieren. Den DP-Deputéierten Gilles Baum a Carole Hartmann ass zu Ouere komm, datt fir d’Pediatrie um Kierchbierg just eng Garde vrigesinn ass. Fir d’pediatresch Chirurgie ass keng Garde geplangt ginn. Dowéinst wollte si vun der Gesondheetsministesch wëssen, ob d’Garde vun engem Kannerdokter eleng assuréiert ka ginn a wéi eventuell Problemer bei de Kapazitéiten geléist kënne ginn.

weiderliesen...