Den Educatiouns- a Jugendminister Claude Meisch huet dëse Méindeg, den 19. Oktober 2026, de véierte Jugendpakt presentéiert. 48 Mesuren, déi d’Prioritéite vun der Jugendpolitik bis d’Joer 2030 festleeën. Esou sollen déi Jonk d’Méiglechkeet kréien, fir hir Zäit méi selbststänneg fir hir Entwécklung a fir hiert Engagement ze notzen.
Den Aktiounsplang berücksichtegt déi europäesch Jugendstrategien a gouf zesumme mam Jugendsecteur ausgeschafft. De Minister huet sech am Virfeld mat 250 Jonke gesinn an de Service national de la jeunesse (SNJ) huet sechs Fokusgruppe mat 40 Participanten zum Thema organiséiert. Agefloss ass och den Nationale Jugendbericht vun 2025.
Am Mëttelpunkt vum Pakt steet e bessert Gläichgewiicht tëscht Ecranszäit an Offline-Aktivitéiten. Well perséinlech Kontakter wesentlech fir déi sozial Kompetenzen an d’Wuelbefanne vun de Jonke sinn, féiert de Jugendpakt dofir d’Campagne Screen-Life-Balance weider a schaaft Raum, fir Frëndschaften opzebauen, Talenter z’entwéckelen a Verantwortung z’iwwerhuelen.
„Mir wëllen de Jonke qualitativ héichwäerteg Zäit bidden. Ze dacks dominéiert den Ecran hir Fräizäit“, huet de Claude Meisch betount.

Déi 48 Mesurë verdeele sech op fënnef Schwéierpunkten:
- Méi Zäit mat Gläichaltregen zesumme sinn: D’Gemengen a soss lokal Acteure ginn encouragéiert, Jugendcaféen ze schafen, wou Jonker spontan an ouni Verflichtunge kënne beienee kommen.
- D’Fräizäit fir sech notzen (Me time): Déi nei Online-Plattform JugendAkademie bündelt d’Formatioune vum SNJ a vun aneren Organisatiounen, dorënner d’Animateursformatiounen. D’Offer soll ausgebaut ginn an de Jonken hëllefen, Kompetenzen an nei Interessien z’entwéckelen.
- Sech fir d’Allgemengheet engagéieren: De Jugenddësch Bénévolat vum Jugendrot soll mat den zoustännege Ministèrë Mesuren ausschaffen, fir fräiwëllegt Engagement z’erliichteren, ze fërderen an unzeerkennen.
- Zougang zu Informatioune kréien: Mat Deng Gemeng, deng Infoen ënnerstëtzt de Ministère eng jugendgerecht Kommunikatioun iwwer lokal Aktivitéiten a Servicer, fir d’Bedeelegung um Gemengeliewen ze stäerken.
- Ënnerstëtzung: Eng méi enk Zesummenaarbecht tëscht Jugendhaiser, Wunnbegleedung an den Acteuren aus dem Sozial-, Educatiouns-, Gesondheets-, Aarbechts- an Integratiounsberäich soll den Accès zu spezifescher Hëllef vereinfachen.
D’Besoine vun de Jonke ginn och iwwert de Jugendsecteur eraus berücksichtegt. Dofir bedeelegt sech de Ministère un nationalen Aktiounspläng vun anere Ministèren, besonnesch a Beräicher wéi Wunnen, Gesondheet an Aarbecht.
Den Dialog mat de Jonken an dem Secteur geet wärend der Ëmsetzung virun an d’Mesurë gi reegelméisseg iwwerpréift an ugepasst.
(Fotoen © MENEJ)



