𝗣𝗿𝗲𝘀𝗲𝗻𝘁𝗮𝘁𝗶𝗼𝘂𝗻 𝘃𝘂𝗻 𝗱𝗲𝗻 𝗗𝗣-𝗞𝗮𝗻𝗱𝗶𝗱𝗮𝘁𝗶𝗻𝗻𝗲𝗻 𝗮 𝗞𝗮𝗻𝗱𝗶𝗱𝗮𝘁𝗲 𝗳𝗶𝗿 𝗱’𝗖𝗵𝗮𝗺𝗯𝗲𝗿𝘄𝗮𝗹𝗲𝗻

Mir hunn haut offiziell eis Kandidatinnen a Kandidate fir d’Chamberwale vum 8. Oktober 2023 presentéiert.

Den Duerchschnëttsalter op de véier Lëschte läit bei 46,2 Joer; 16 vun de Kandidatinnen a Kandidaten hu manner ewéi 36 Joer.

D’Campagne vun der DP fousst op 6 Haaptthemen:

  • d’Mëttelschichte finanziell entlaaschten;
  • d’Energiewend an der ganzer Breed vun eiser Populatioun ëmsetzen;
  • bezuelbare Wunnraum fir jiddereen;
  • d’Liewensqualitéit vun de Famillje verbesseren;
  • flexibel a familljefrëndlech Aarbechtszäitmodeller fërderen;
  • d’Zukunftskompetenze vun eise Kanner a Jugendleche stäerken.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News