Den neien nationalen Aktiounsplang fir d’Rechter vu Mënsche mat Behënnerung gouf dëse Méindeg presentéiert. D’DP-Ministere Max Hahn a Claude Meisch hunn zesumme mat hire Regierungskolleege 50 Ziler an 119 konkret Mesurë virgestallt, déi Barrièren an alle Liewensberäicher am Alldag ofbaue sollen.
Et geet ënner anerem ëm den Zougang zu Informatiounen, Bildung, Gesondheetsversuergung, Aarbecht a Wunnen. Konkret virgesinn ass ënner anerem:
- D’Plattform access4all soll vum nächste Joer u weisen, wéi accessibel Plazen, Gebaier, Servicer an Aktivitéite fir ënnerschiddlech Besoine sinn,
- De Guichet unique Handicap soll Informatiounen iwwer Hëllefen a Prestatioune bündelen. Betraffener ginn individuell begleet an administrativ Demarchë méi einfach gemaach,
- E perséinleche Budget an ambulant Hëllefe wäerten et de Betraffene méi einfach maachen, hir Assistenz jee no Besoin z’organiséieren an an hirem gewinnten Ëmfeld ze liewen,
- D’Reform vum Tutellerecht soll d’Wënsch an d’Preferenze vun de betraffene Persoune méi staark berücksichtegen. D’Schutzmoossname sollen esou mann wéi méiglech aschränken an e Suivi garantéiert sinn,
- D’Begleedung vu Kanner mat spezifesche Besoine soll tëscht Schoul a Maison Relais besser koordinéiert ginn,
- De Statut vum Salarié handicapé an d’Begleedung op der Aarbechtsplaz ginn iwwerschafft.
„Näischt iwwer eis ouni eis“ war e wichtege Grondgedanken. Mënsche mat enger Behënnerung, Associatiounen a Fachleit goufe mat agebonnen a wäerten d’Ëmsetzung och begleeden. De PAN Handicap ass e Plang, un deem déi ganz Regierung bedeelegt ass, an deen no fënnef Joer extern evaluéiert gëtt. D’Koordinatioun läit beim Familljeministère.
De ganzen Aktiounsplang fannt dir hei.
2021 hu méi wéi 94.000 Persounen zu Lëtzebuerg uginn, mat enger Behënnerung ze liewen.
(Fotoen © SIP)




