Wéi vill landwirtschaftlech Betriber si privat Gesellschaften?

Eng Rëtsch landwirtschaftlech Betriber hunn entscheet fir sech am Laf vun de leschte Joren als privat Gesellschaft ënner Lëtzebuerger Recht opzestellen. Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim zoustännege Minister nogefrot ëm wéi vill Betriber et sech heibäi handelt a wat fir  juristesch Forme fir dës Gesellschafte benotzt ginn.

„Eng Rëtsch landwirtschaftlech Betriber hunn entscheet fir sech am Laf vun de leschte Joren als privat Gesellschaft ënner Lëtzebuerger Recht opzestellen. 

An deem Kontext wollt ech dem Här Landwirtschaftsminister folgend Froe stellen:

  1. Wéi vill Betriber hu mëttlerweil de Statut vun enger privater Gesellschaft ugeholl? Kann een dat je no Aktivitéit vum Betrib ënnerscheeden (Gäertner, Bauer, Wënzer, …)?
  2. Wat fir eng juristesch Form huet am meeschten Erfolleg? Wat ass d’Ursaach dofir?
  3. Wéi a vu wiem ginn d’Betriber beroden, wann se sech als privat Gesellschaft opstelle wëllen?
  4. Kann den Här Minister d’Entwécklung vun der Zuel vu private Gesellschaften am Verglach zu de Betriber, déi vun Eenzelpersoune gefouert ginn an op dës lafen, iwwer déi lescht zéng Joer retracéieren?“

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Prisong Mauer Iwwerwaachung

Wéi geschützt sinn d’Giischtercher am Prisong virun Attacken?

D’Situatioun vun de Giischtercher am Prisong ass keng einfach. Verbal Attacken gehéieren zu hirem Alldag, an och kierperlech Attacken a seriö Menacen kommen ëmmer méi heefeg vir. Wéi gëtt d’Personal bannent de Prisongsmauere geschützt? Wéi vill Attacke gouf et an de leschte Joren? A wéi kënnen sech d’Giischtercher och viru Menace wieren ? Eis Deputéiert Claude Lamberty a Max Hahn hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot.

weiderliesen...

Wéi vill Bëschbränn goufen et an de leschte Joer zu Lëtzebuerg?

Eng vun de Konsequenze vum Klimawandel ass, dass wéinst de méi héijen Temperaturen a verlängerten Drécheperioden de Risiko vu Bëschbränn an d’Luucht geet. Den DP-Deputéierten André Bauler huet dowéinst nogefrot, wéi vill Bëschbränn et an de leschte Joer gouf a wéi de CGDIS sech op eng méiglech Heefung vun deem Phänomeen preparéiert.

weiderliesen...