D’Grompereproduktioun hei am Land

D'Gromper ass eng vun deene populäerste Kulturen hei am Land. Eis Deputéierten Gusty Graas an André Bauler hunn den Här Landwirtschaftsminister an enger parlamentarescher Fro notamment gefrot wéi héich eise Versuergungsgrad un Iessgromperen hei am Land ass.

„D’Gromper ass eng vun deene populäerste Kulturen hei am Land. Besonnesch am Éislek gi vill Zorte Grompere gesat a recoltéiert. 2022 war leider eent vun deenen dréchensten, déi mir an de leschte 50 Joer erlieft hunn. Dat wäert wuel net ouni Konsequenze fir eis Grompereproduktioun ausbliwwe sinn an och en Impakt op déi kommend Rekolten hunn.

An deem Kontext wollte mir dem Här Landwirtschaftsminister folgend Froe stellen:

  • Ass et dem Här Landwirtschaftsminister méiglech fir zu dësem Zäitpunkt en detailléierten Iwwerbléck iwwer d’Grompereproduktioun vum Joer 2022 jee no Zort ze liwweren? Wéi huet si sech am Verglach zu de vergaangene Joren entwéckelt?
  • Wéi héich schätzt den Här Minister eise Versuergungsgrad un Iessgromperen hei zu Lëtzebuerg an? Riskéiert deen net eventuell duerch déi wuessend Bevëlkerung zréckzegoen? Wa jo, missten net Ustrengunge gemaach ginn, fir d’Eegeversuergung op engem eenegermoossen héije Niveau ze halen?
  • Mat wat fir enge finanziellen Hëllefe kann een de Gromperebauer méi geziilt entgéintkomme fir hir Produktioun ënner anerem besser op dréche Summere virzebereeden?
  • Firwat gëtt d’Gromper net als Geméis unerkannt? Wëll den Här Minister dat eventuell änneren?
  • Ass den Här Minister de Moment am Gespréich mat Grompereproduzente fir hir spezifesch Suergen z’erfaassen an esou op dës reagéieren ze kënnen?“

Ass et dem Här Landwirtschaftsminister méiglech fir zu dësem Zäitpunkt en detailléierten Iwwerbléck iwwer d’Grompereproduktion vum Joer 2022 jee no Zort ze liwweren? Wéi huet si sech am Verglach zu de vergaangene Joren entwéckelt?

Bei der Grompereproduktioun muss zu Lëtzebuerg tëschent 2 Produktiounsrichtungen ënnerscheet ginn: de Setzgromperen an den Iessgromperen. D’Entwécklung vun deenen 2 Produktiounen iwwert déi lescht 5 Joer ass an der Grafik festgehalen.

D‘Ubaufläche vun Iessgrompere sinn tendenziell steigend. Hei si just Inlandsflächen duergestallt. Bei de Setzgrompere geet d’Ubaufläch zeréck. Hei ass och ze vermierken, datt bei de Setzgromperen am Duerchschnëtt 20 % Auslandsflächen an der Grafik mat ofgebillt sinn. Des Fläche ginn awer vu lëtzbuerger Betriber bewirtschaft. Bei de Setzgrompere ginn am Duerchschnëtt vun de leschte 5 Joer 80 % vun der Produktioun an d’Ausland exportéiert.

En detailléierten Iwwerbléck vun der Produktioun no Zort ass just am Beräich vun de Setzgrompere méiglech, well des Flächen alleguerte bei der Administration des services techniques de l’agriculture ugemellt musse ginn. An der Tabell sinn d’Zorten, déi 2022 als Setzgromperen ugemellt gi si mat de jeeweilegen Ubaufläche resuméiert. Do och erëm mat Auslandsflächen, déi vu lëtzebuerger Betriber bewirtschaft ginn.

Wéi héich schätzt den Här Minister eise Versuergungsgrad un Iessgromperen hei zu Lëtzebuerg an? Riskéiert deen net eventuell duerch déi wuessend Bevëlkerung zréckzegoen? Wa jo, missten net Ustrengunge gemaach ginn, fir d’Eegeversuergung op engem eenegermoossen héijen Niveau ze halen?

Wann een d’Zuele vun der lëtzebuerger Iessgrompereproduktioun an d’Importer an d’Exporter vun net verschaffte Grompere kuckt, da kann ee vun engem Eegeversuergungsgrad vun ongeféier 40 % an der Moyenne vun de leschte 5 Joer ausgoen. Wann een di verschaffte Forme vun Iessgrompere géing dobäihuelen, da wier dee Prozentsaz awer warscheinlech ee Stéck méi niddreg.

Mat wat fir enge finanziellen Hëllefe kann een de Gromperebauere méi geziilt entgéintkommen, fir hir Produktioun ënner anerem besser op dréche Summere virzebereeden?

D’Gomperebauere kënnen hir Produktioun géint Ertragsausfäll duerch d’Dréchent verséchere fir finanziell Aboussen zum Deel auszegläichen.

Och wann déi Versécherung d’Produktioun vu Gromperen net ofséchert, sou hëlleft se dem Produzent dach weider bei ongënschtege Wiederphenomener. De Landwirtschaftsministère iwwerhëllt 65 % vun der Versécherungsprimm, an am Joer 2022 ware ronn 200 ha vun enger Versécherungspolice couvréiert.

Firwat gëtt d’Gromper net als Geméis unerkannt? Wëll den Här Minister dat eventuell änneren?

Am europäesche Kader gëtt d’Gromper net als Geméis unerkannt, dowéinst ass et national net méiglech, datt d’Grompereproduzente vun de selwechte Flächeprimme profitéiere kënnen ewéi d’Geméisproduzenten.

Ass den Här Minister de Moment am Gespréich mat Grompereproduzente fir hir spezifesch Suergen z’erfaassen an esou op dës reagéieren ze kënnen?

Jo, ganz rezent woren 2 Entrevuen mat Synplants fir sech iwwert hier spezifesch Suergen auszetauschen. Eng weider Réunion mat allen Secteuren, dorënner och Synplants, wäert den 9. Januar 2023 stattfannen.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Missten d’Urgencen fir Kanner am Norden ausgebaut ginn?

Och Kanner mat klenge Blessuren ginn oft aus dem Norden bis an d’Kannerklinik an der Stad geschéckt. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann wollte vun der Gesondheetsministesch wëssen, firwat déi pädiatresch Urgencen vum CHdN net 24 Stonnen op 24 a 7 Deeg an der Woch garantéiert kënne ginn a wéi vill Kanner aus dem Norden an d’Kannerklinik geschéckt ginn.

weiderliesen...

Wéi kann d’Gesondheet vun de Kanner verbessert ginn ?

D’Gesondheetsproblemer bei de Kanner klammen an den Accès zu Pediatere gëtt ëmmer méi schwiereg. D’DP-Deputéiert Mandy Minella a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi eng Mesüre virgesi sinn fir d’Situatioun ze verbesseren, ob eng national Strategie fir d’Gesondheet vun de Kanner envisagéiert gëtt an ob een nationale Coordinateur fir d’Kannergesondheet agesat sollt ginn.

weiderliesen...

Concasséiere vu Material an der Gréngzone

D’DP-Deputéiert Luc Emering an André Bauler hunn dem Ëmweltminister eng Rei Froen zum Concasséiere vu Material an der Gréngzone gestallt. Si wollten ënnert anerem wëssen, ob eng Naturschutzautorisatioun dofir néideg ass, a firwat net an all Autorisatioun fir Bauten an der Gréngzone vermierkt gëtt, datt mat recycléiertem Material soll geschafft ginn.

weiderliesen...