Aarbecht

Aarbecht

Aarbecht: Beruff a Privatliewe matenee verbannen

D’DP ass sech der Tatsaach bewosst, datt vill Leit haut eng nei Virstellung vun hirer Aarbecht a vun hirem Liewen hunn. De Wonsch no Flexibilitéit a no Auszäite passt neméi bei déi rigid 9to5-Aarbechtszäiten, déi vu mueres 9 bis owes fënnef Auer ginn. D’DP gesäit déi gréissten Erausfuerderung fir de Lëtzebuerger Aarbechtsmaart doranner, datt Aarbecht, Famill a Fräizäit musse besser matenaner verbonne ginn. Ma och d’Betriber an d’Entreprenariat brauche méi Flexibilitéit bei der Organisatioun vun den Aarbechtszäiten, fir sech dem wirtschaftlechen Ëmfeld unzepassen.

D’Flexibiliséierung an e finanziell besser ënnerstëtzte Congéparental hu schonn duerzou gefouert, datt 70% méi Eltere vum neie Congépartenal profitéieren. Besonnesch den Undeel vun de Pappen, déi den neie Congéparental huelen, ass enorm an d’Luucht gaangen. Aner Verbesserunge concernéieren déi aussergewéinlech Congésdeeg: De Pappecongébei der Gebuert vun engem Kand ass vun 2 op elo 10 Deeg gehéicht ginn, de Mammecongégouf generell vun 8 op elo 12 Woche verlängert an de Congé, wann d’Kanner krank sinn, ass méi flexibel gemaach ginn. Fir d’DP waren dat wichteg éischt Schrëtt, fir den Eltere méi Zäit mat hire Kanner z’erlaben.

Mir wäerten d’Aarbechtsrecht esou moderniséieren, datt et den haitege Virstellungen an der Realitéit vun de schaffende Leit entsprécht, an datt och d’Entreprise méi Fräiraum kréien. Mir wëllen déi Entscheedungen am Sozialdialog huelen. Mir wäerte schonn haut d’Aarbechtswelt vu muer preparéieren, esou datt d’Entreprisen an d’Mënschen d’Gewënner vun der digitaler Aarbechtswelt sinn.

D’Aarbechtsrecht op negativ Auswierkunge fir d’Salariéen an d’Patronat iwwerpréiwen

Am Laf vun de Jore sinn eng Partie aarbechtsrechtlech Instrumenter geschafe ginn, mat deenen zemol de Salariéen hir sozial Rechter sollte geschützt ginn. Déi Instrumenter hunn hiren Zweck awer deels net erfëllt, se hunn Näischt bruecht oder se waren net am Interessi vun de Beschäftegten, wéi dat beim PAN-Gesetz iwwert d’Aarbechtszäitorganisatioun de Fall war. Fir d’DP brauch et méi Flexibilitéit fir betriblech Accorden tëscht Patronat a Salariat. D’DP wäert dat ganzt Aarbechtsrecht op de Leescht huelen a wann néideg iwwerschaffen.

D’Aarbechtszäiten am Interessi vun de Beschäftegten a vum Patronat flexibel gestalten

D’DP wäert dofir suergen, datt d’Leit hir Aarbecht esou organiséiere kënnen, datt se méi Zäit mat hirer Famill kënne verbréngen. Mir wëllen eng familljefrëndlech Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäit, andeems mir déi rigid Reglementatioun opléisen an eng Joresaarbechtszäit aféieren (z.B. 1.800 Stonnen). D’Reegelung vun der maximaler Aarbechtszäit den Dag (10 Stonnen) an d’Woch (48 Stonnen) bleiwen. Och d’Zouschéi fir d’Sonndeger a fir d’Feierdeeg gëlle weider. Déi digital Disponibilitéit vun de Beschäftegten huet fir d’DP kloer Grenzen. Eng flexibel Reegelung vun der Aarbechtszäit soll den Entreprisen hëllefen, fir sech besser un e wirtschaftlecht Ëmfeld unzepassen an zu enger Steigerung vun der Produktivitéit bäidroen. Mir wäerten an dësem Sënn eng Reform vun der europäescher Aarbechtszäitdirektiv ustriewen.

 

D’Aarbechtszäite sollen an Zukunft kënnen eenzel tëschent dem Patron an dem Salariéausgehandelt ginn, ouni dobäi vun engem onflexibelen Aarbechtsrecht agëengt ze ginn. Mir wëllen dobäi op kee Fall déi traditionell 40-Stonne-Woch ofschafen, ma mir wëlle just deene Leit entgéint kommen, déi net un engem 9-bis-17-Auer-Job interesséiert sinn. Patronen a Salariéen, déi keng zousätzlech Flexibilitéit brauchen, solle weider nom aktuelle System fuere kënnen.

 

Absënns jonk Familljen an der Rush-Hour vun hirem Liewen, wäerten déi grouss Gewënner vun eiser Flexibiliséierungsinitiativ sinn. Vill Eltere géingen hir Aarbecht gären esou andeelen, datt se méi Zäit mat hire Kanner hätten. Ma och de Patron ka vun dëser Reegelung profitéieren, well en seng Beschäftegt méi effizient a genee dann asetze kann, wann en se am meeschte brauch. Déi vun eis geplangte Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäit soll mat der genereller Aféierung vun Aarbechtszäitkonten a mat méi enger staarker Notzung vum Home-Office kombinéiert ginn.

Aarbechtszäitkonte generell aféieren

No der Aféierung vun Aarbechtszäitkonte fir Staatsbeamten a vun enger Testphas an Deeler vum Privatsecteur, wäert d’DP dat Instrument iwwer Gesetz fir alleguerten d’Salariéen aféieren. Déi Beschäftegt solle kënnen hir Iwwerstonnen an de Rescht vun hirem Congé op e perséinlechen Aarbechtszäitkont guttschreiwen. Déi a méi intensiven Zäite gespuerte Stonne kënnen z.B. fir Zäit mat der Famill, eng méi laang Vakanz, eng Auszäit oder fir eng Weiderbildung profitéiert ginn. Déi genee Modalitéite solle mat de Sozialpartner diskutéiert ginn, am Sënn vun enger equilibréierter Entscheedung tëschent dem Patron an dem Salarié.

Den Télétravail fërderen

Mat der Digitaliséierung gëtt d’Aarbecht am Télétravail fir vill Beschäftegt ëmmer méi eng interessant Alternativ. D’DP wëll deels oder ganz Doheem schaffe méi staark ënnerstëtzen, wann dat vum Betrib aus méiglech ass. Dofir wäerte mir e gesetzleche Kader schafen, fir d’Konditioune vum Télétravail kloer ze reegelen a fir méi Rechtssécherheet an deem Beräich ze suergen. D’DP ass dovunner iwwerzeegt, datt de Staat hei soll mam gudde Beispill virgoen an den Télétravail ënnerstëtze soll.

Dezentral Aarbechtsplaze schafen an den „Télétravail“ an der Groussregioun fërderen

Besonnesch d’Grenzgänger hunn et dacks wäit bis op hir Aarbecht zu Lëtzebuerg. D’DP ass der Meenung, datt et steierlech keen Ënnerscheed maachen dierf, ob de Salariéop der Aarbecht schafft oder am Télétravail an der Groussregioun. D’DP wäert dofir mat de Nopeschlänner verhandelen, fir datt d’Frontaliere keng steierlech Nodeeler wéinst dem Télétravail kréien. D’DP wäert och d’Aktivitéitszone laanscht d’Grenz ausbauen an d’Entreprisen encouragéieren, fir Filiale baussent der Stad Lëtzebuerg opzeriichten. Domadder brénge mir d’Aarbecht méi no bei d’Leit an net ëmgedréint. Esou spuere besonnesch d’Grenzgänger vill Zäit beim Trajet. Doriwwer eraus wäert d’DP Open-Office-Strukture laanscht d’Grenzen ariichten, an deene Betriber sech kënne Büroen deelen.

Congé parental PLUS aféieren

Déi vun der DP initiéiert Reform vum Congé parental wor e risege Succès. D’DP wäert d’Auswierkunge vun dëser Mesure no dräi Joer iwwerpréiwen an eventuell verdéiwen. Doriwwer eraus wäert d’DP déi Famillje belounen, an deene béid Elterendeeler de Congé parental ufroen. Dat am Sënn vun enger fairer Verdeelung vun der Responsabilitéit an der Kannererzéiung.

 

D’DP wäert weider d’Méiglechkeet schafen, fir nom Congé parental e Congé parental PLUS, mat bis zu 18 Méint Ganzdaags oder bis zu 36 Méint Hallefdaags, ze huelen.

 

Fir de Patronen entgéint ze kommen, wäert de Staat wärend engem Congé partental PLUS d’Sozialbäiträg vun deene Salariéen iwwerhuelen, déi als Remplaçant beschäftegt ginn. Doriwwer eraus wäert d’DP a spezifesche Fäll zäitlech begrenzt Kontrakter zouloossen, déi iwwert déi ganz Dauer vum Remplacement ginn. Déi genee Modalitéite vum neie Congé parental PLUS ginn am Dialog mat de Sozialpartner verhandelt.

Um Index festhalen

Fir sécher ze goen, datt d’Peie reegelméisseg un d’Inflatioun ugepasst ginn, suergt de Lëtzebuerger Indexsystem fir en automateschen Ausgläich vun der Deierecht. D’DP wäert un deem System festhalen.

Keng Sozialbäiträg op den Iwwerstonnen

Déi Beschäftegt kréien d’Gesondheetskeess an d’Fleegeversécherung op hiren Iwwerstonne berechent. D’P wëll awer, datt d’Leit méi Netto vum Brutto behalen. Dofir wäerte mir déi Sozialbäiträg net méi op den Iwwerstonne berechnen: Am Privéa beim Staat. Doriwwer eraus wëll d’DP d’Iwwerstonnen an der Fonction publique net méi besteieren, esou wéi am Privatsecteur.

Mindestlounempfänger geziilt ënnerstëtzen, ouni Aarbechtsplazen ze riskéieren

D’DP steet zu der geplangter gesetzlecher Upassung vum Mindestloun. Doriwwer eraus sollen d’Auswierkunge vun all Mindestlounerhéijung op d’Ekonomie an op de Chômage iwwerpréift ginn. D’DP wäert sech och an Zukunft verstäerkt fir Leeschtunge fir Leit mat engem niddrege Loun asetzen. Déi Servicer, z.B. Subvention Loyer oder gratis Kannerbetreiung, sollen net op Käschte vun der Produktivitéit vun den Entreprise goen, zemol vun de klengen a mëttlere Betriber.

D’Qualitéit vun der Formation professionelle continue sécherstellen

D’DP wäert an Zesummenaarbecht mat de Beruffschamberen eng Akreditéierungs-Agence schafen, fir d’Qualitéit vun der berufflecher Weiderbildung z’ënnerstëtzen a fir d’Transparenz um Marchévun der Weiderbildung ze sécheren. Just nach akkreditéiert Ubidder an akkreditéiert Formatioune kënnen da vun enger staatlecher Subventioun profitéieren.

Weiderbildungsoffensiv fir schwéier vermëttelbar Aarbechtsloser lancéieren

D’DP wäert eng Weiderbildungsoffensiv fir schwéier vermëttelbar Chômeure lancéieren. Bannent nëmmen engem Mount no enger Aschreiwung als Aarbechtslosen, muss d’ADEM dem Concernéierten e Weiderbildungsplang virleeën. Mir wëllen och, datt déi Persoun op der Sich no Aarbecht méi Responsabilitéit an Eegeninitiativ iwwerhuele muss. Mir wäerten d’Grenzen, déi een engem zoumudde kann, nei definéieren, fir ze verhënneren, datt e Chômeur eng proposéiert Plaz express refuséiere kann. Bei Mëssbrauch wëlle mir, datt déi finanziell Strofen, déi virgesi sinn, konsequent applizéiert ginn.

Perspektive fir motivéiert Aarbechtsloser schafen

D’DP wäert dofir suergen, datt Aarbechtsloser, déi fënnef Joer laang an den Aktivitéite fir d’Integratioun an d’Beruffsliewen (AIP) beim Staat oder bei enger Gemeng sinn, e CDD op där Plaz kréien.

De Chômage fir Leit opmaachen, déi gekënnegt hunn

Den Ament kënnen nëmme Leit de Chômage kréien, déi entlooss gi sinn. D’DP ass der Meenung, datt Salariéen net solle bestrooft ginn, wa se sech net méi wuel op hirer Aarbecht fillen a selwer kënnegen. Mir wäerten dofir de Chômage fir déi Leit opmaachen. Dat Recht soll awer just eemol an engem Aarbechtsliewe gëllen. De Chômage kann och zeréckgezu ginn, wann sech weise sollt, datt déi Persoun net genuch Effort mécht, fir eng nei Plaz ze fannen.

Ëffnungszäite liberaliséieren

Den Internet ass 7/7 Deeg a 24/24 Stonnen op. D’DP wäert dem Handel zu Lëtzebuerg mat senge 50.000 Beschäftegten d’Méiglechkeet ginn, fir sech dësem verännerte Kafverhale vun de Leit unzepassen. All Geschäft soll selwer decidéiere kënnen, wéini et op- an zoumécht. Domadder wäert och d’Ongerechtegkeet ofgeschaaft, datt z.B. fir Tankstellen a Supermarchéen am Grenzgebitt aner Ëffnungszäite gëllen. D’DP wäert eng generell Liberaliséierung vun den Ëffnungszäiten am Commerce – am Respekt mam Aarbechtsrecht – ëmsetzen.

Kloer Reegele fir d’Sozial- an d’Solidarwirtschaft ausschaffen

D’DP wëll kloer Reegele fir déi sëllechen Initiativen an der Sozial- a Solidarwirtschaft (Économie solidaire) an Zesummenaarbecht mam Secteur ausschaffen. Den zoustännege Service am Aarbechtsministère wäert dofir all déi néideg Kompetenzen, Finanzen a Raimlechkeete kréien, de e brauch. D’DP wëll déi am Joer 2016 geschafe Gesellschaftsform vun enger Sozialentreprise weider ënnerstëtzen, andeems mir déi néideg Opklärungsaarbecht bei de betraffenen Acteuren iwwert d’Virdeeler vun där Form intensivéieren. D’DP wäert dofir suergen, datt déi Sozialentreprisë keng onerlaabt Konkurrenz fir Betriber aus dem Mëttelstand bedeiten.

Sozialdumping konsequent bekämpfen

D’Affer vu sozialem Dumping, deen och zu Lëtzebuerg zemol am Bau-, Botz oder Logistiksecteur opkënnt, sinn esouwuel d’Salariéë wéi och déi Lëtzebuerger Betriber, déi sech un d’Aarbechtsrecht an d’Kollektivverträg halen. D’DP wäert déi sozial Exploitatioun konsequent bekämpfen, andeems mir d’Kontrolle vun der Gewerbeinspektioun („Inspection du travail et des mines“ (ITM) verstäerken. Dofir wäert d’ITM massiv Leit bäikréien an d’Kollaboratioun tëschent der ITM, der Douane, der Police, dem Parquet a soss Verwaltunge gëtt intensivéiert. D’DP wäert och d’Strofe bei Verstéiss géint d’Aarbechtsrecht drastesch erhéijen. D’Beamte vun der ITM solle bei méi klenge Verstéiss selwer kënne bestrofen an déi Strof och encaisséiere kënnen. Och de Phänomen vun der falscher oder PseudoSelbststännegkeet ass zu Lëtzebuerg net onbekannt. D’DP wäert d’Form vun den Aarbechtsrelatiounen an hir Konformitéit mam Aarbechtsrecht méi streng kontrolléieren a Mëssbräich konsequent bestrofen.

Déi europäesch Entsendedirektiv reforméieren

D’DP begréisst d’Efforte vun der EU, fir déi sozial Rechter vun deene Salariéen ze stäerken, déi vun hirem Patron fir eng gewëssen Zäit an en anert Land geschéckt ginn. An engems dierfen déi ze rigid Reegelen an déi administrativ Barrièren d’Aktivitéit vun eenzele Betriber, déi sech korrekt verhalen, d’Liewen net méi schwéier maachen. D’DP wäert z.B. dofir suergen, datt Buschaufferen, déi all Dag iwwer eng Grenz musse fueren, dofir net allkéiers mussen e Formular ausfëllen.

Deelzäit-Krankeschäin aféieren

Leit, déi laang krank sinn, wëllen dacks esou normal wéi méiglech liewen a wëllen och um soziale Liewen deelhuelen. Dozou gehéiert och d’Aarbechtsplaz. Krank Leit wëllen dacks schaffen, kënnen awer net, well hir Krankheet et hinnen net erlaabt voll ze schaffen. Mir wëllen dofir en Deelzäit-Krankeschäin aféieren, fir datt z.B. Laangzäitkranker kënnen Deelzäit schaffen. Fir Abusen aus de Féiss ze goen, muss esou en Deelzäit-Krankeschäi gutt argumentéiert a vum engem Aarbechtsdokter confirméiert sinn.

De Sozialdialog an de Betriber stäerken

De Sozialdialog gehéiert zum Erfollegsmodell Lëtzebuerg. D’DP wäert d’Traditioun vum Sozialdialog weiderféieren. D’DP wäert d’Méiglechkeete fir Verhandlungen op Betribsniveau stäerken an am Géigenzuch dofir suergen, datt ze rigid Aarbechtsrechtregele gepréift ginn.

Deelen:

Share on facebook
Facebook
Share on twitter
Twitter
Share on linkedin
LinkedIn
Share on email
Email
Share on whatsapp
WhatsApp