Aféierung vun engem Depistage fir Hautkriibs ?

Zanter 2008 gëtt et an Däitschland een Depistage fir Hautkriibs fir all Assuré ab 35 Joer. Doduercher gi vill Fäll vun Hautkriibs méi fréi entdeckt. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum wollte vun der Gesondheetsministesch wëssen, wéi d’Zuele vun Hautkriibs sech hei am Land zanter 2013 entwéckelt hunn, ob esou een Depistage och zu Lëtzebuerg sënnvoll wier a firwat just d’Zuele fir schwaarzen Hautkriibs erhuewe ginn.

Fro

Dat statistescht Bundesamt huet rezent matgedeelt, datt an Däitschland d’Zuel vun den Hautkriibserkrankungen tëscht 2002 an 2022 staark zougeholl hätt, an zwar ëm 75%. D’Fäll vun hellem Hautkriibs hätten sech méi wéi verduebelt. De schwaarzen Hautkriibs (Melanom) wier ëm 14% gestigen.

D’Zuel vun den Doudesfäll wéinst Hautkriibs ass an deem Zäitraum ëm 65% geklommen. D’Zuel vun den Doudesfäll wéinst Kriibs ass an deem selwechten Intervall just ëm 10% erop gaangen. Dës Augmentatioun vun den Zuele léisst sech ënnert anerem dorobber zeréck féieren, datt an Däitschland zanter 2008 all Versécherten ab 35 Joer all zwee Joer un engem Depistage fir Hautkriibs kann deelhuelen.

An deem Kader wollte mir der Madamm Gesondheetsministesch follgend Froe stellen:

  • Wéi vill Fäll vun Hautkriibs goufen zanter 2013 am Registre National du Cancer (RNC) erfaasst?
  • Madamm Ministesch, wier et net sënnvoll och hei zu Lëtzebuerg een nationalen Depistage fir Hautkriibs anzeféieren ? Falls net, aus wéi enge Grënn ?

Am RNC gi just d’Melanomen, also d’Fäll vu schwaarzem Hautkriibs, gezielt.

  • Kann d’Madamm Ministesch präziséieren firwat net och d’Fäll vu wäissem Hautkriibs am RNC gesammelt ginn? Wier et eng Iwwerleeung wäert an Zukunft och dës Zort Hautkriibs am RNC ze erfaassen? “

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Dréchent zu Lëtzebuerg

Am Mäerz huet et am Verglach zu de Jore virdrun extrem wéineg gereent sou dat d’Biedem aktuell relativ dréche sinn. Eis Deputéiert André Bauler a Luc Emering hunn nogefrot wéi d’Ministesch d’Lag hei zu Lëtzebuerg aschätzt an op verschidde Kulture Gefor lafe laangfristeg geschiedegt ze ginn.

weiderliesen...

Wéi ass d’Qualitéit vum Iessen an eise Spideeler ?

Gesond an equilibréiert Iessen dréit noweislech zu engem besseren Heelungsprozess bäi a reduzéiert de Risiko vu Komplikatiounen. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann hunn an deem Kontext bei der Gesondheetsministesch ënnert anerem nogefrot wéi gutt d’Qualitéit vum Iessen an eise Spideeler ass, ob virun allem regional Produite verschafft ginn an ob virop bei méi vulnerabele Patienten opgepasst gëtt, datt si genuch iessen.

weiderliesen...

Méi Rechtssécherheet um Aarbechtsgeriicht ?

Wann ee Personalvertrieder, opgrond vu schwéierem Feelverhale suspendéiert gouf, kann een Employeur ufroen den Aarbechtskontrakt geriichtlech opléisen ze loossen, z.B. iwwert eng Demande reconventionnelle. Den DP-Deputéierte Corinne Cahen a Carole Hartmann gouf awer zougedroen, datt de President vum Aarbechtsgeriicht sech ëmmer nees weigere géifen dës Demanden unzehuelen. Dëst féiert zu Problemer bei der Ausübung vum Aarbechtsgesetz an zu rechtlechen a finanzielle Schwieregkeete fir den Employeur. D’DP-Deputéiert wollten dowéinst vum Aarbechtsminister wëssen, wéi hien den zoustännegen Artikel am Aarbechtsrecht interpretéiert, ob d’Weigerung vum President vum Aarbechtsgeriicht demandes reconventionnelles unzehuelen gesetzeskonform ass an ob eventuell fir méi Rechtssécherheet gesuergt misst ginn.

weiderliesen...