Aféierung vun engem drëtte Geschlecht

Rezent Diskussiounen hunn d’Thematik iwwer Geschlechter an hir Bedeitung an enger Societéit nei relancéiert. Och d’Gesetzestexter sollen an Zukunft méi inklusiv sinn, a sech enger Gesellschaft am Wandel upassen. Am Koalitiounsakkord 2018-2023 ass virgesinn, en drëtt Geschlecht, also eng drëtt Optioun am État civil ze envisagéieren. Wéi wäit sinn d’Aarbechten op dësem Projet a wat ass hei genee virgesinn? Eis Deputéiert Carole Hartmann huet beim zoustännege Ministère nogefrot.

« Le projet de loi visant à établir un droit pour toute personne majeure à connaître ses origines a récemment été source de vives discussions, notamment pour cause de la substitution des termes ‘père’ et ‘mère’ dans le texte législatif, au profit d’une terminologie non-genrée. Aux termes des explications fournies par les auteurs du projet de loi, la nouvelle appellation des parents respectifs poursuit le but d’une meilleure inclusion des parents transgenres en créant un cadre plus inclusif pour les différents cas de figures de parentalité possibles. Le recours à une terminologie neutre dans les textes de loi respectifs assurera, en plus, leur applicabilité à toute personne, nonobstant leur sexe désigné ou non-désigné.

En matière de sexe ‘non-désigné’, l’accord de coalition 2018-2023 prévoit également que « la possibilité d’inscrire une troisième option dans le registre de l’état civil sera examinée ».

Dans ce contexte, j’aimerais poser les questions suivantes à Madame la Ministre de la Justice :

  • Quel est l’état d’avancement des travaux ayant pour objet d’examiner la possibilité d’inscrire une troisième option dans le registre de l’état?
  • Sur quelles informations le Ministère se base-t-il afin d’effectuer ses analyses ?
  • Quelles seront les conditions à remplir afin de pouvoir procéder à un changement de l’état civil ?
  • Quand Madame la Ministre envisage-t-elle de déposer un projet de loi en la matière ?»

Äntwert

D’Analyse vun der Méiglechkeet eng drëtt Optioun am Etat civil unzemellen leeft nach ëmmer. Als éischte Schrëtt huet de Justizministère eng Etude an e Verglach tëschent dem europäeschen an dem internationale Recht gemaach. Wat de lëtzebuergesche Kontext ugeet, huet den LGBTIQ+ Aktiounsplang als Referenz gedéngt. Och d‘Zivilgesellschaft gouf kontaktéiert, zum Beispill “Rosa Lëtzebuerg asbl” an “ITGL Intersex & Transgender Luxembourg asbl”. Well d’Virbereedungsaarbechte nach lafen,ass et ze fréi fir Stellung zu de Froen 3 a 4 ze huelen.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wier eng Sensibiliséierungscampagne géint Allergië sënnvoll ?

Ëmmer méi Leit entwéckelen Allergien, op Liewensmëttel, Pollen oder Milben. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wéi sech d’Zuel un Allergiker an de leschten zéng Joer entwéckelt huet, ob eng Sensibiliséierungscampagne lancéiert sollt ginn, a wéini déi annoncéiert Pollen-App fir déi betraffe Leit disponibel wäert sinn.

weiderliesen...

Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin

Eisem Land feelt et un Aarbechtsdokteren. De Koalitiounsprogramm gesäit dowéinst eng Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin vir. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Aarbechtsdokteren aktuell hei am Land schaffen, wéi d’Altersstruktur vum Beruffsstand ausgesäit a wéi d’Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin kéint ausgesinn?

weiderliesen...