Aktuell Rechter vum Bannhidder

De Bannhidder ass nierft dem Agent Municipal ënnert anerem dofir zoustänneg fir d'Anhale vun de jeeweilege Policereglementer an de Gemengen ze kontrolléieren. D'DP Deputéiert Claude Lamberty a Max Hahn hu bei den zoustänneg Ministeren déi aktuell Rechter vun de Bannhidder nogefrot.

„De Garde Champêtre, och Bannhidder genannt, ass nieft dem Agent Municipal och am Gemengegesetz verankert. Si sinn ënnert anerem dofir zoustänneg fir d’Anhale vun de jeeweilege Policereglementer an de Gemengen ze kontrolléieren.

Verschidden Gemenge hu folgenden Artikel an hirem kommunale Policereglement stoen:

„Les distributeurs de tracts, annonces, affiches volantes et insignes ainsi que les mendiants ne peuvent interpeller, accoster ou suivre les passants, ni entraver la libre circulation sur la voie publique.”

An dem Kader wollte mir der Madamm Inneminister an der Madamm Justizminister folgend Froe stellen:

  • Hunn d‘Madamme Minister Zuelen, wéi vill Pretekoller vun 2010 bis 2020, opgelëscht no Joer a Gemeng, vu Bannhidder geschriwwe gi sinn?
  • Kënnen d’Madamme Minister eis driwwer informéieren,  wéi eng Suitten dës Pretekoller kruten?
  • Kënnen d’Madamme Minister confirméieren, datt d’Anhale vun dësem uewe genannten Artikel an de concernéierte Gemengen, duerch d’Police respektiv dem Bannhidder ka kontrolléiert ginn, a Verstéiss dogéint deementspriechend vum Bannhidder zu Pretekoll kënne bruecht ginn?“

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wier eng Sensibiliséierungscampagne géint Allergië sënnvoll ?

Ëmmer méi Leit entwéckelen Allergien, op Liewensmëttel, Pollen oder Milben. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wéi sech d’Zuel un Allergiker an de leschten zéng Joer entwéckelt huet, ob eng Sensibiliséierungscampagne lancéiert sollt ginn, a wéini déi annoncéiert Pollen-App fir déi betraffe Leit disponibel wäert sinn.

weiderliesen...

Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin

Eisem Land feelt et un Aarbechtsdokteren. De Koalitiounsprogramm gesäit dowéinst eng Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin vir. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Aarbechtsdokteren aktuell hei am Land schaffen, wéi d’Altersstruktur vum Beruffsstand ausgesäit a wéi d’Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin kéint ausgesinn?

weiderliesen...